Zesumme géint de COVID-19!

De Corona-Virus stellt d’Welt virun Erausfuerderungen, déi sech esou säit dem 2. Weltkrich net gestallt hunn. Europa, mat Lëtzebuerg a senger Mëtt, ass aktuell den Epizentrum vun der Corona-Pandemie. A Fakt ass, dass et ablécklech nach kee Medikament an nach keng Impfung géint de COVID-19 gëtt. Mee et gëtt ee wierksame Schutz, an den heescht: Preventioun.

D’Santé publique huet elo allerhéchste Prioritéit! An aussergewéinlech Situatiounen erfuerderen aussergewéinlech Moossnamen. D’Regierung huet an dem Kontext déi voll Ënnerstëtzung vun der LSAP. Och duerfir huet d’LSAP-Fraktioun mat allen aneren an der Chamber vertruedene Parteien, an der Parlamentssëtzung vum 21. Mäerz 2020 fir d’Verlängerung vum “état de crise” op dräi Méint gestëmmt. (Déi eenzel an dësem Kontext getraffe Mesurë fannt Dir hei :….)

De gudden a rouege Krise-Management vun der Lëtzebuerger Regierung verdéngt eise Luef. Virun allem d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert bestécht duerch hir mënschlech, sachlech a kompetent Approche an dëser schwiereger Situatioun.

Mir sinn an enger Phase an där sech alles der gesondheetlecher Situatioun muss ënneruerdnen, Suen däerfen an dem Kontext keng Roll spillen. D’Politik muss awer och dofir suergen, dass aner Beräicher wéi de Commerce oder d’Schoul sech der aktueller Situatioun beschtméiglechst upassen.

Parallel heizou muss d’Politik kucke fir d’Auswierkunge vun dëser Pandemie op eis Ekonomie ofzefiederen an eise Betriber, groussen a virun allem mëttleren a klenge, genau wéi den Independanten ze hëllefe fir mat dëser Krise-Situatioun fäerdeg ze ginn an och Aarbechtsplazen esou ze erhalen. Déi vum LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot ugekënnegt Moossnamen an d’Erhéijung vun de finanzielle Moyen fir de Betriber ze hëllefe, gi genau an dës Richtung.

A Saachen Emploi huet den LSAP-Vizepremier an Aarbechtsminister erkläert, dass den Erhalt vun den Aarbechtsplazen eng éischt Prioritéit wier. Och iwwert d’Gesondheetskris eraus. An dem Sënn huet den Dan Kersch z.B. d’Prozedure fir de Remboursement bei Kuerzaarbecht fir d’Entreprisë vereinfacht.

Den LSAP-Sozialminister Romain Schneider sengersäits huet an deene leschte Wochen alles dru gesat fir all aktuell Problemer a Saachen Sozialversécherung an Ofsprooch mat de Sozialpartner schnell a pragmatesch ze léisen. Mam Resultat, dass och elo an der Kris d’Renten, d’Krankegeld an d’Fleeg garantéiert sinn. Och sinn d’Telekonsultatioune fir Dokteren offiziell agefouert ginn, an Entreprisen, déi ablécklech Problemer hunn, kënnen hir Sozialbeiträg méi spéit bezuelen.

Den Inneministère, ënnert der Leedung vun der LSAP-Ministesch Taina Bofferding, ass als zoustännege Ministère fir de CGDIS direkt agebonnen, an de COVID-19-Kriseplang. Och koordinéiert sech den Inneministère mat de Gemenge fir d’Ëmsetzung vun de vun der Regierung veruerdnete Moossnamen um kommunalen Niveau.

Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn schliisslech, spillt eng zentral Roll wann et drëms goung oder geet, fir zesumme mat den diplomatesche Vertriedunge Lëtzebuerger aus dem Ausland zeréck an de Grand-Duché ze bréngen oder fir z.B. speziell Iwwerfluchrechter fir Lëtzebuerger Cargo-Flich ze kréien. Och war et de Jean Asselborn, den op diplomateschem Wee erreecht huet, dass anescht wéi vun däitscher Säit geplangt, och verschidde Grenziwwergäng am Norde vum Land op bleiwen.

Alles dat weist: Mir als LSAP iwwerhuele Verantwortung, mir këmmeren eis – an der Corona-Kris genau ewéi an all anere Krisen an der Geschicht vun eisem Land och!

Allerdéngs: Politik ka vill, mee bei wäitem net alles. Ouni déi vill Professionell a Fräiwëlleg, déi ënnert héijem perséinlechen an onermiddlechen Asaz, sief dat am Beräich vun der Santé, vun der Fleeg, vum Commerce, vum Transport, vum Rettungswiesen oder vun der „Force publique“, fir nëmmen déi ze nennen, déi sech Dag fir Dag fir d’Allgemengheet asetzen, géife mir elo sécher vill méi schlecht do stoen. All dës Acteure setze mat hirem flexibelen a pro-aktiven Handelen e staarkt Zeeche vu Professionalismus an awer och vu Solidaritéit.

A genau dës Solidaritéit kann och all anere Bierger weisen: Dat andeems all Eenzele sozial Kontakter an domadder potentiell Iwwerdroungsméiglegkeeten op e Minimum reduzéiert d‘fir Progressioun vun den Ustiechungen an den Ausbroch vun der Pandemie hei zu Lëtzebuerg ze bremsen, fir esou sécher ze stellen, dass all déi Leit déi et brauchen, déi vulnerabel (also eeler an/oder krank Matbierger) och déi néideg gutt Prise en charge a Versuergung kréien.

D’Corona-Pandemie bréngt Ännerunge mat sech fir jiddereen! D’Situatioun ass net evident, däers si mir eis all bewosst. Mee elo heescht et Solidaritéit ze weisen an ze liewen, och a virun allem mat de Schwaachen aus eiser Gesellschaft déi et elo ëmsou méi brauchen

De Virus huet kee Verstand mee mir hunn es: Mir däerfen elo net ee géint deen anere virgoen, mee zesumme géint de Virus. Wa mir all solidaresch sinn, da packe mir och dës Kris.

Facebook
Twitter