Yves Cruchten a Saache Landesplanung: “Et ass komplett verréckt, fir de Wirtschaftswuesstem selwer a Fro ze stellen…”

Wéi wëlle, wéi kënne mir zu Lëtzebuerg an deenen nächste Joerzéngte liewen? Wéi kréie mir d’Logements- an d’Transportproblematik an de Grëff? Brauche mir Wuesstem a wa jo wéi een? Eng Äntwert op dës Froen ginn soll d’Landesplanung. En deementspriechend komplext a schwieregt Thema. D’Chamber huet sech um Donneschdeg Mëtten mam “Aménagement du territoire” am Kader vun enger Consultatiounsdebatt befaasst. Am LSAP-Interview geet den LSAP-Spriecher Yves Cruchten op e puer vun de relevantste Punkten zu dësem Thema an.

 

 

Dir, är Fraktioun hutt an deene leschte Méint verstäerkt, notamment an der Logementsdebatt, ëmmer erëm ënnerstrach, dass “Eigentum verpflichtet!”. Wat heescht dat? Wat verstitt Dir genau dorënner?

Yves Cruchten: “Dëse Leitsaz staamt aus der däitscher Verfassung. Wuertwiertlech steet do: „Eigentum verpflichtet. Sein Gebrauch soll zugleich dem Wohle der Allgemeinheit dienen.“ Op des Manéier gëtt engersäits de Schutz vum Privateegentum bestäerkt an anerersäits kloer gestalt dass de Notzen, deen de Propriétaire aus deem Besëtz zitt, net zu Laaschte vun der Allgemengheet däerf goen, respektiv den allgemengen Interessi soll fërderen.

Als LSAP fanne mir deen Usaz gutt, an den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry hat dës Propose och mat abruecht an d’Diskussiounen em d’Verfassungsreform, mä et gouf leider heizou keng Majoritéit. Ech sinn der Meenung, dass dat éischter eng philosophesch Fro ass, an dass esou e Passus an der Verfassung net direkt en Impakt op eis Legislatioun zum aménagement du territoire hätt. Par définition ass all aménagement du territoire en Agrëff an d’Eegentumsrecht, andeem ee festleet, wat wou erlaabt ass. All Gesetzer, déi Virschrëfte maachen, wat een op sengem eegenen Terrain maachen däerf a wat net, sinn en Agrëff an d’Eegentumsrecht. An der Praxis kennt et villméi drop un, wat am Detail an eise Gesetzer steet. Och mat enger däitscher Versioun vun der Dispositioun an der Verfassung wier d’Eegentumsrecht net weider geschwächt ginn. E Beispill heifir ass d’Recht op Entschiedegung, wann en Terrain zum Propriétaire sengem Nodeel ëmklasséiert gëtt oder och de Fait, dass mer d’Amenagements-Gesetz hu missen sou ofänneren, dass d’Konditiounen, ënner deene kann enteegent ginn musse ganz kloer an deem Gesetz verankert ginn an et net mat engem Règlement grand-ducal duergeet. An all Rechtsstaat muss et en Equiliber ginn tëschent dem Recht op Eegentum an dem Recht vun der Allgemengheet.”

 

Rezent gouf dat neit Gesetz gestëmmt, dat et endlech méiglech mécht, déi véier grouss plans sectoriels, déi zanter Joren an der Schwief hänken, an d’Prozedur ze ginn…

Yves Cruchten: “Dat sollt menger Meenung no eis éischt Prioritéit sinn. Dës Plans sectoriels decken an den Ae vun der LSAP déi wichtegst Beräicher of, déi mer fir eis zukünfteg Entwécklung brauchen. Aus den Zieler vum Aménagement du territoire, wéi se an deem neie Gesetz definéiert sinn, kann een erausliesen, dass nach e Plan sectoriel zu de grousse surfaces commerciales nokënnt. Et ass ganz richteg, dass des grouss Akafszentren dacks enorm vill Fläch verbrauchen an zudeem net gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn, sou dass si zousätzleche Verkéier generéieren. Gläichzäiteg hëlt de klenge lokale Commerce of. Als LSAP si mir dofir, de klenge Commerce an den Uertschaften ze ënnerstëtzen an nei Akafszentren entweder direkt an d’Stied eranzesetzen, oder dofir ze suergen, dass se méi an d’Héicht bauen, manner Fläch fir Parking versigelen an op Plazen entstinn, déi verkéierstechnesch gutt ugebonne sinn. Wann dat sech am beschten iwwer e Plan sectoriel maache léisst, si mir domat d’accord.

Generell wier et awer gutt, bei all neie Sujet genee ze préiwen, op e Plan sectoriel dat einfachst an dat effikasstent Mëttel ass, fir dat gewënschten Ziel ze erreechen. Wat mer méi Plans sectoriels maachen, wat Konflikter tëschent deene verschiddene Pläng viraussiichtlech och méi grouss ginn.”

 

Eng wichteg an eng besonnesch leschter Zäit hefteg diskutéiert Fro ass déi vum Wuesstem. D’LSAP huet dozou eng kloer Positioun…

Yves Cruchten: “Et ass e Fait, dass d’Residenten, an d’Lëtzebuerger ganz besonnesch, héich Uspréch un d’Servicer a Sozialleeschtunge vum Staat hunn. Déi musse finanzéiert ginn iwwer wirtschaftlech Aktivitéiten, déi Recette generéieren. Et héiert een ëmmer erëm d’Argument, et kéint ee jo mat manner Sue liewen, wann dofir an anere Beräicher d’Liewensqualitéit net duerch de Wuesstem géif beanträchtegt ginn. Zum engen ass dat en Argument, wat nëmmen op gutt situéiert Leit passt, well et kann nach laang net jiddereen sou einfach op Suen verzichten. Dës Diskussioun kënne sech zB Mindestlounempfänger iwwerhaapt net leeschten. Zum anere brauch de Staat déi héich Recetten zu engem gudden Deel fir Schoulen, Crèchen, Spideeler, Altersheimer an aner sozial Institutiounen ze finanzéieren, wou och Leit aus der Mëttelschicht kaum oder guer keng Aschränkunge wéilten a Kaf huelen.

Et ass also komplett verréckt, fir de Wirtschaftswuesstem selwer a Fro ze stellen, wat mer mussen an de Grëff kréien, dat sinn d’Begleiterscheinungen, di negativ Konsequenze vun dësem Wuesstem. An zemools an de Froe vun der Mobilitéit hu mer an der Vergaangenheet vill ze vill Zäit verluer an eis an onendlechen Debatte verluer amplaz ze handelen. Déi läscht Joren ass do vill geschitt, nach gëllt et e grousse Retard opzehuelen, op der Strooss an op der Schinn.

Mir brauchen also wirtschaftlech Croissance. Brauche mer och souvill nei Aarbechtsplazen? An der Situatioun wou mer sinn, wier et jo ideal, Aktivitéiten unzezéien, déi vill Recettë mat wéineg Personal generéieren. Dat kann een zum Deel maachen, mä dat si meeschtens Aarbechtsplaze fir Leit, déi héich qualifizéiert sinn, a mir mussen dofir Suergen, dass och manner qualifizéiert Leit eng Aarbecht fannen. An der Krise hu mer gutt gesinn, dass de Chômage zu Lëtzebuerg iwwerproportional klëmmt, wa manner nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn, well de Konkurrenzdrock ob manner qualifizéiert Residente staark klëmmt.

Eng weider Fro ass natierlech, ob déi Jobben, déi mer zousätzlech schafen, am Industrieberäich solle sinn. Wëlle mer nei Produktiounsbetriber, déi noutgedronge Ressource verbrauchen an Nuisance mat sech bréngen? D’Äntwert fir d’LSAP ass kloer JO! Mir wëllen datt Lëtzebuerg och an Zukunft nach e Produktiounsland ass.”

 

Wéi bewäert Dir déi rezent Diskussiounen iwwert nei Betriber déi sech zu Lëtzebuerg wëllen néierloossen?

Yves Cruchten: “Déi Debatten déi mer an der läscht féieren all Kéiers wann en neie Betrib sech néier loosse wëll ass gutt wann se eis dozou bréngt iwwert all d’Konsequenzen nozedenken. Wann ech déi Debatten iwwer de Ressourcëveverbrauch ausdrécklech begréissen, sou vermëssen ech awer eng gewëssen Objektivitéit an där Diskussioun. Wann ech als Gemengeresponsabele gesot kréien, dass e neie Betrib géif esou vill Waasser verbrauchen ewéi 20.000 Awunner, da géif ech och als 1. emol schlécken. Esou Zuelen erféiere wa se net an de richtege Kontext gesat ginn. Wat verbrauchen dann aner Industrien oder Liewensmëttelproduktiounen? Wéi ass et mat dem realen an och mat dem virtuelle Waasserverbrauch? Fir e Kilo Fleesch gi 15.000 Liter Waasser gebraucht, fir eng Jeans 8.000 Liter, fir en Auto bis zu 300.000 Liter. Wéi vill Waasser hu mer iwwerhaapt hei am Land zur Verfügung? An dann, misst ee net dee gesamten Zyklus vun der Produktioun analyséieren? Ech hu gëscht gelies datt an Däitschland e Jughurtsbecher an der Moyenne 9.115 Km hannert sech huet iert e verziert gëtt… Ass et da net richteg och ze berécksiichtege wann d’Produktioun no bei d’Matière première an dësem Fall bei d’Mëllech a no bei de Konsument kënnt?

Vill Froe wann et ëm eis Ressourcë geet op déi mer net onbedéngt eng Äntwert hunn. Dofir solle mer rational mat deene Froen ëmgoen a manner ideologesch.

Qualitative Wuesstem ass net gläichzesetze mat enger Deindustrialiséierung. Et ass eng Entwécklung hin zu méi effiziente Produktiounsmethoden, woubäi den Idealfall natierlech d’Economie circulaire wier. Wa mer weider Betriber unzéien, brauchen dës awer Rechtssécherheet. Si musse vun Ufank u kennen aschätzen, wat fir Konditiounen se mussen erfëllen. Wann si sech dann un all gesetzlech Oplagen halen, mussen si och eng Geneemegung kréien.”

 

D’LSAP schwätzt sech fir d’Reform vun der Grondsteier aus…?!

Yves Cruchten: “Mir sinn iwwerzeegt, dass d’Grondsteier reforméiert muss ginn, ouni ze ënnerschätzen, wéi schwiereg dat ass. Et gouf jo do en Aarbechtsgrupp an d’Liewe geruff. Op alle Fall solle Wunnengen an Terrainen, déi aus Spekulatiounsgrënn ongenotzt bleiwen, méi héich taxéiert ginn. Dobäi muss ee Récksiicht huelen op Leit, déi krank oder am Altersheim sinn, an dofir net an hirer Wunneng liewen, oder op rechtlech Situatiounen, wou d’Propriétaire keng aner Méiglechkeet hunn, wéi zum Beispill am Fall vun engem Ierfschaftssträit. Esou wéi ech et schonns an der Debatte iwwert de Logement sot, sollte mer déi Taxen op nationalem Niveau aféieren, wa mer haut feststellen datt déi kommunal Taxen net gräifen oder d’Gemengen sech schwéier dinn mat dem applizéiere vun deenen Taxen.

Mir sinn als LSAP och dofir, dass d’Plus-value, déi bei enger Ëmklasséierung vu Gréngland zu Bauland entsteet, sollt taxéiert ginn, als Géigegewiicht dozou, dass d’ëffentlech Hand dem Propriétaire eng Indemnitéit muss bezuelen, wann se Bauland zu Gréngland zréckklasséiert. Allerdéngs weist de Syvicol zu Recht drop hin, dass de Risiko besteet, dass Propriétairen da guer net méi verkafen. Et muss een hei also mat Aemooss virgoen. Virun allem awer brauch een e politesche Konsens an eng kohärent Approche.”

Facebook
Twitter