Yves Cruchten: “10-Punkteprogramm fir eng reegelrecht Wunnengsbauoffensiv!”

Am Kader vun der Consultatiounsdebatt an der Chamber zur Wunnengsbaupolitik huet den LSAP-Spriecher Yves Cruchten eng reegelrecht Wunnengsbauoffensiv gefuerdert fir méi erschwénglech Wunnengen a méi sozial Mietwunnengen ze schafen. Dofir schléit d’LSAP en 10-Punkteprogramm vir. Hei fir nozeliesen d’Detailer zu den eenzele Punkten aus dem Yves Cruchten senger Interventioun.

yves-cruchten-chd_2

” (…) Fir d’Wunnengspräisser ze stabiliséiere brauche mir eng reegelrecht Wunnengsbauoffensiv déi derfir suergt, datt méi Wunnengen insgesamt a virun allem och méi erschwénglech Wunnengen a méi sozial Mietwunnenge geschaf ginn.

Dofir brauche mir awer d’Terraine fir all dës Wunnengen ze bauen! A mir brauchen d’Terrainen op de richtege Plazen, esou wéi dat eng kohärent Landesplanung virschreift.

Mir mussen och géint Spekulatioun virgoen, wëll se schued der Allgemengheet!

Fir dës Wunnengsbauoffensiv ëmzesetze, schloe mir en 10-Punkteprogramm vir:

  1. Mir brauchen e neit Buedemrecht. Dat neit Landesplanungsgesetz mat dem sektorielle Plang Logement gëtt eis d’Grondlag dofir.
  2. Mir mussen eis d’Moyene gi fir massiv Bauland an zukünftegt Bauland opzekafen, dofir proposéiere mir d’Schafe vun engem staatleche Fong, deen, mat genuch budgetäre Mëttelen equipéiert a gespeist ë.a. vun Antispekulatiounssteieren, zesumme mat de Gemengen zu engem richtegen Acteur gëtt um Immobiliëmarché.
  3. En Versuch fir esou eng Antispekulatiounssteier gouf et scho mam Pacte Logement. Allerdéngs gouf dës op de Gemengenniveau erofgeholl, mat der Konsequenz, datt nëmme wéineg Gemengen esou eng Steier agefouert hunn an se och plazeweis op wackelege juristesche Been steet. Wa mir also mierken dass dëst Instrument op lokalem Plang net gräift, da kommt mer hunn de Courage an huelen dëst op de nationalen Niveau erop. An Zukunft musse muttwëlleg eidel stoe geloosse Wunnengen an direkt bebaubar Terraine bei deenen et kloer dass, datt se zu Spekulatiounszwecker brooch leie gelooss ginn, eng Steier agefouert ginn, déi de Propriétaire dozou verleet seng Wunneng ze verlounen oder säin Terrain ze bebaue resp. ze verkafen.
  4. Och muss iwwert eng Wertschöpfungsabgabe nogeduecht ginn. Engersäits soll et steierlech Virdeeler gi wann ee bereet ass, seng Terrainen dem Staat oder de Gemengen ze verkafen. Mee et muss op der anerer Säit awer och kloer sinn, datt wann ee seng Terrainen zréckbehält an erhofft ëmmer méi drop ze verdéngen, da muss och d’Allgemengheet iergendwann eppes dovunner hunn. Mir sollten hei och net vergiessen, datt dacks, doduerch datt en Terrain ëmklasséiert gëtt zum Beispill fir de Logement, dëse vun haut op muer säi Wäert ver-x-facht. Do schéngt et mir normal ze sinn datt op dëser plus-value och d’Allgemengheet muss bedeelegt ginn.
  5. De Pacte Logement war eigentlech e gutt Instrument, nach muss ee réckbléckend feststellen dass e net ganz ambitiéis war. Déi allermeeschte Gemengen hate kaum Problemer fir di Ziler u neie Logementer z’erfëllen. En zukünftegen Pacte Logement 2.0 muss do méi ambitiéis Ziler setzen an an eisen An och konkret Virgabe maachen zB wat den Undeel vu sozialem an erschwéngleche Wunnraum ugeet! De Pacte Logement vun haut mécht do keng Differenz op een déi 15% Zouwuess vu Wunnenge mat Villaen oder Loften erreecht oder duerch zum Beispill sozialem Mietwunnengsbau. Dat muss änneren! Hei brauche mer kloer a couragéiert Ziler.
  6. An dem selwechte Kader sollte mer och iwwert déi 10% vu Logementer schwätzen déi bei engem Lotissement vun iwwert 1ha de Kritäre vum Logement abordable entsprieche mussen. Hei muss d’Gesetz méi kloer festleeë wat de Logement abordable ass, wëll mer feststellen datt dacks déi Wunnengen déi do entstinn nawell net zu “erschwéngleche Präisser” verkaf ginn. Mir kéinten eis virstellen do dernieft déi 10% ze erhéijen. Hei sollen di staatlech Wunnengsbaugesellschaften an d’Gemengen, zesumme mat der Privatwirtschaft wierklechen erschwéngleche Wunnraum schafen a net just an der Theorie.
  7. E Problem, besonnesch fir déi mi kleng Gemengen ass, datt se dacks iwwerfuerdert sinn a net déi néideg Ressourcen an Expertise hunn fir grouss aktiv ze ginn op hirem lokale Wunnengsmaart. Dofir sinn all Initiativen déi mer kënnen huelen, wëllkomm fir de Gemengen dobäi ze hëllefen net nëmme finanziell, mee och mat Berodung. Dofir sollt mat engem neie Pacte Logement eng permanent Beroodungsstruktur geschaaft ginn déi d’Gemenge beréit an techneschen an och juristesche Froen.
  8. Bei deem Pakt Logement soll eng wierklech Partnerschaft entstoen, tëschent dem Staat, de Gemengen an den ëffentleche Bauträger.
  9. Mir brauchen awer och méi konsequent Outilen déi der ëffentlecher Hand et erméiglechen un déi néideg Terrainen ze kommen. Sou proposéiere mir, d’Virkafsrecht vum Staat an de Gemengen ze stäerken. Wuel gëtt et dëst Virkafsrecht, mee et huet net dacks genuch gegraff an der Vergaangenheet an dat ganz dacks aus engem Gronn: dat aktuellt Virkafsrecht obligéiert de Staat an d’Gemengen deen Tarif ze bezuelen deen de Proprietaire gären hätt fir säin Terrain oder säi Gebai. Mir wëssen och dass weder Staat nach Gemeng wierklech gënschteg un Terraine kommen an dacks iwwerdriwwe Präisser musse bezuelen. Dofir misst et méiglech ginn, datt wann sech d’Gemeng oder de Staat net mam Proprietaire eens gëtt, eng onofhängeg Expertise gemaach gëtt déi di reell Valeur vum Objet ka festhalen.
  10. Ech weess datt mer heibannen net alleguerten eens sinn iwwer d’Méiglechkeet an extreme Fäll och eng Expropriatioun an d’Spill ze bréngen. Wann et ëm en Dreckstipp, eng Kläranlag oder eng nei Strooss geet, do si mir bal alleguerten d’accord fir iwwert eng Expropriatioun bei enger gerechter Entlounung natierlech, ze diskutéieren. D’Argument wat virausgeschéckt gëtt ass do natierlech d’Utilité publique also d’Wichtegkeet par rapport zur Allgemengheet. Mee och de Wunnengsbau ass hautdesdaags eng Utilité publique. Ech erënneren drun datt mer e breede Konsens hunn fir an eis nei Verfassung ze schreiwen: “L’État veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié.” Domat schafe mer net nëmmen e Recht fir eis Bierger, mee och a virun allem eng Obligatioun fir de Staat. An dofir si mir der Meenung datt an extremen eenzelen Fäll och eng Expropriatioun net duerf ausgeschloss ginn, wann ee Proprietaire e wichtegen an dréngende Projet blockéiert. Et ass schonn eleng wichteg dat Instrument ze hunn och wann et seelen géif ugewannt ginn. (…)”

(N.B. Dat geschwate Wuert zielt)

Facebook
Twitter