Wéini kéint een IRM zu Wooltz opgoen? (Äntwert disponibel)

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un
d’Madamm Ministesch fir Santé an un den Här Minister fir Sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Den 18. Mee ass vun der Madamm Ministesch fir Santé an vun Här Minister fir Sozial Sécherheet d’éischt
an der Santé-Kommissioun an dono op enger Pressekonferenz annoncéiert ginn, datt de Centre
Hospitalier du Nord (CHdN) eng Demande agereecht huet, fir een IRM-Zentrum an der Klinik zu Wooltz
kënnen ze bedreiwen.

  • Ënnert wie engem gesetzlechen Kader kéint sech dësen ITM zu Wooltz afügen?
  • A wei engem Stadium sinn des Gespréicher tëschen der Regierung an dem ChdN? Ass och
    d’Gemeng Woltz an des Iwwerleeungen mat abezu ginn?
  • Op wei engem Site kéint den IRM installéiert ginn?
  • Gëtt et schonns eng Zäitschinn fir dëse Projet?

Mat déiwem Respekt,

Carlo Weber, député

Facebook
Twitter