Wéi ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu der aktueller amerikanescher Aussen- a Verdeedegungspolitik?

An senger Editioun vum 19. Februar 2017 schreift d’”New York Times”, dat den amerikanesche Vize-President M. Pence um NATO-Sommet zu München erkläert hätt, dass d’USA vun hiren europäeschen Alliéierten eng Erhéijung vun hire Militärausgabe géife fuerderen.

Et gëtt am Artikel drun erënnert, dass dës Ried zu engem Moment gehale gouf, wou d’Alliéiert sech besuergt gewisen hunn iwwert d’Aussoe vum amerikanesche President, de laut “New York Times” de Brexit gelueft, d’Wichtegkeet vun der NATO a Fro gestallt, seng Bewonnerung vir de russesche President ausgedréckt an d’politesch an diplomatesch Verbindunge mam Noen Osten, mat China a mat Mexico op d’Kopp gehäit huet.

An dem Kontext wëll den LSAP-Deputéierten Franz Fayot an enger parlamentarescher Fro vum Verdeedegungsminister gewuer gi wat d’Konsequenze fir de Lëtzebuerger Budget wieren, wann een dem amerikanesche Wonsch vun enger Opstockung vun der finanzieller Ënnerstëtzung fir d’NATO géif nokommen. Ausserdeem freet de LSAP-Politiker, ob opgrond vun der feindlecher Haltung vun den USA géintiwwer der EU an der NATO an hirer Ënnerstëtzung fir Russland, d’Lëtzebuerger Regierung den Opbau vun enger europäescher Verdeedegungspolitik an der Schafung vun enger gemeinsamer europäescher Arméi ënnerstëtzt?

 


 

Monsieur Mars Di Bartolomeo
Président de la Chambre des Députés
Luxembourg

Luxembourg, le 23 février 2017

 

Monsieur le Président,

J’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 de notre Règlement interne, je souhaite poser la question suivante à Monsieur le Ministre de la Défense.

Le New York Times dans son édition du 19 février 2017 rapporte que le Vice-Président américain M. Pence aurait déclaré lors du sommet de l’OTAN à Munich que les Etats-Unis allaient exiger de leurs alliés européens une augmentation de leurs dépenses militaires.

Il est rappelé que ce discours intervenait à un moment où les alliés se montraient inquièts des propos du Président américain qui, selon le New York Times, « (…) praised Britain’s vote to exit the European Union, questioned the viability of that bloc and the relevance of NATO and expressed admiration for President Vladimir V. Putin of Russia, while also upending policies and diplomacy on the Middle East, China and Mexico. »

  • Quelles seraient les conséquences de la réalisation de ces demandes américaines sur le budget des dépenses militaires du Luxembourg ?
  • Est-ce que le gouvernement luxembourgeois appuie, face à la réorientation de la politique étrangère américaine manifestée par son hostilité à l’U.E. et à l’OTAN et son appui à la Russie, la construction d’une politique de défense européenne et l’établissement d’une armée commune européenne ?

Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma haute considération.

 

Franz Fayot
Député

Facebook
Twitter