“Wat huet e gebrachent Been mat Antifeminismus ze dinn?” – e Meenungsbäitrag vum Maxime Miltgen

Den 8. Mäerz um Weltfraendag steet déi 2. Editioun vum Fraestreik um Agenda. De Streik gëtt vun der Plattform JIF, an där 15 Organisatiounen a vill Privatpersounen engagéiert sinn, organiséiert. Duerch dëse Streik wäerte sech och erëm „AntifeministInnen“ a „WhataboutistInnen“ beruff fillen, hirer Meenung fräie Laf ze loossen. Dat weist, dass dësen Dag – op deem sech fir d’Gläichstellung tëschent de Geschlechter staark gemaach gëtt – wichteg ass a bleift.

„Whataboutism“ bezeechent am moderne Sproochgebrauch eng Form vu Manipulatioun, déi vun onbeléifter Kritik oflenke soll. Dës „Argumenter“ zeechnen sech doduerch aus, dass se op eng aner Problematik verweise ganz nom Motto „Äppel mat Biere vergläichen“. D’Theme vu Gläichstellung, Sexismus a Feminismus eegne sech besonnesch gutt fir dës Method vu Manipulatioun. Wärend verschidde Leit genervt reagéieren, ginn anerer méi wäit, a probéieren, deene Froen hir Legitimitéit an Zweiwel ze zéien, andeem se op en anere Probleem verweisen. Wéi dat an der Realitéit ëmgesat ka ginn, kann en Passage aus engem Schreiwes vun den ADR Fraen zum Fraestreik 2020 weisen:  „De Fraendag däerf awer net dozou instrumentaliséiert gi fir Fraen a Männer géinteneen opzestëppelen!… Dowéinst ass e Streik um Fraendag dee falsche Wee: et sinn eben net nëmme Frae vun esou soziale Problemer betraff! Wann ee mat esou eesäitege Fuerderungen an Aktiounen probéiert dem Fraendag nach eng Existenzberechtegung als e „Kampfinstrument“ ze ginn, ass kloer datt den Dag seng Existenzberechtegung ka ganz séier verléieren.”[1]

Et handelt sech bei dësem Argument ëm dat, wat een an der Rhetorik als Oflenkungstaktik bezeechent: mat engem Diversiouns-Argument gëtt probéiert vum eigentleche Géigestand vun der Argumentatioun ofzelenken. Den Haaptproblem bei dëse logesche Feelschlëss ass, dass den Diskussiounsraum verhënnert gëtt. En passend Bild zu dëser Sakgaass ass folgend: Wat mécht een, wann ee mat engem gebrachene Been bei en Dokter geet, deen engem dann erkläert, dass dat wuel net flott ass, e gebrachent Been ze hunn, mee dass een och bedenke muss, dass et Mënsche ginn, déi Kriibs hunn? Oflenkungsargumenter weisen ëmmer ërem drop hin, dass hiren Auteur weder en Interêt un enger oppener Diskussioun huet, nach d’rationell Argumenter huet, fir sch drun ze bedeelegen.

Allerdéngs ass an dem zitéierte Schreiwes och nach eppes anescht wei “Whataboutism” ze fannen an zwar eng kloer affirméiert Positioun géint de Feminismus an antifeministesch Aussoen. Dës antifeministesch Haltung vum ADR huet sech op en néits mat hirer populistescher Ausso zum Projet de Loi N°7674 bestätegt: „déi Gréng hunn am Gesetzestext grad de Papp ofgeschaaft, ginn op där anerer Säit awer vir, d’Gläichberechtegung géif respektéiert ginn…“. Gezielt populistesch gouf hei eng Notioun aus engem immens wichtege Projet de Loi erausgepickt, fir mat de Gefiller an Ängschte vun de BiergerInnen ze spillen. Dobäi gëtt dovunner ofgelenkt, dass et sech bei dësem Projet de Loi ëm eng laang erwaarten a néideg Gesetzesännerung handelt, fir ze garantéieren, dass Kanner, déi aus enger kënschtlecher Befruchtung stamen oder adoptéiert goufen, hir Originne kennen. Des Aussoen an d’Reaktiounen op de Soziale Medien hunn awer och kloer gewisen, dass de soziale Fortschrëtt ni als Acquis verstanen dierf ginn. Et muss een sech ëmmer weider dofir asetzen, dass een no fir kennt an net no hanne fält. Feminismus an de Fraestreik sti fir e gesellschaftleche Fortschrëtt a fir eng Gesellschaft, an där all Mënsch sech gläichermoosse representéiert fillt. Trotzdeem muss een sech froe, firwat hu verschidde Mënschen ënner anerem eng antifeministesch Haltung a stellen sech géint de Progrès?

Mat Antifeminismus an dem Zesummenhang mat autoritären, extreemen Astellungen géint eis oppen fortschrëttlech Demokratie huet sech d‘Leipzeger Autoritarismus Studie vun 2020 [2] beschäftegt. Heibäi huet sech erausgestallt, dass Antifeminismus sech zu enger neier Bréckenidelogie vu Beweegungen etabléiert, déi sech géint modern Demokratie stellen.

Eng antifeministesch Haltung definéiert sech doduerch, dass déi zouhuelend Emanzipatioun vu Fraen als Bedrohung a Gefor vun enger „natierlecher Uerdnung“ ugesi gëtt. Des Bedrohung gëllt et, aus Sicht vu Rietspopulisten a Rietsextremen, ze bekämpfen.Allerdéngs gëllt et hei ze bemierken, dass dës antifeministesch Haltung net all d’Frae gläichermoosse betrëfft, mee dass Women of colour, Frae mat Migratiounshannergrond, lesbesch a queer Fraen, wéi och Inter- an Transgender vill méi vun dësem Antifeminismus betraff sinn an am Fokus vum Feindbild stinn.[3] Et stellt sech eraus, dass et innerhalb vun de Fraen och “gutt Fraen” ginn, déi an d’Weltbild vun der traditioneller Gesellschaftsuerdnung passen: “eng Fra déi sech wëll ganz hirer Famill consacréieren, soll dowéinst net kritiséiert oder esou guer vun der Politik bestrooft ginn!” [4] Dëst ass och eng Erklärung, firwat sech verschidde Fraen dozou beruff fillen, sech kloer géint feministesch Fuerderungen ze positionéieren am Wonsch dem Fraebild vun enger “stabiller” patriarchalescher Gesellschaftsuerdnung gerecht ze ginn.

Antifeminismus huet genau ewéi Feminismus net nëmmen ee Gesiicht a kennt verschidde Stréimungen. Sou kann de Wonsch vun Ënnerdréckung an d’antifeministesch Haltung sech a verschiddener Moos ausdrécken, dëst reegt vu Gewalt bis zum Klengschwätzen oder Ignoréiere vun der Ënnerdréckung vun der Fra am Alldag. Deemno ass d’Tätege vun der Ausso, en Fraestreik wier „onnéideg an/oder en falscht Signal“, als antifeministesch anzestufen.[5]

D’Studie weist op där enger Säit, dass Sexismus an Anti-Feminismus queesch duerch d’gesellschaftlech Segmenter virkommen, an dass op där anerer Säit, d’Ënnerdréckungsmustere besonnesch staark bei de sozial schwaache Populatiounen erschéngen. Mat am interessantsten ass d’Feststellung, dass mat Vertrauen an déi eege Kompetenzen a mat staarkem Sozialvertrauen antifeministesch Tendenzen ofhuelen. Sech op feministesch Entwécklungen an op en oppent, progressive Weltbild anzeloosse, setzt also Vertrauen a säin Ëmfeld, a sech selwer an a seng eege Kompetenze viraus.[6]

De Grond heifir leit an de Fuerderunge vun der feministescher Beweegung, bei der et ëm eng demokratesch Entwécklung geet, déi sech fir d’Bekämpfe vun Ongläichheeten, der kultureller Misogynie an dem Fraenhaass asetzt. Des progressiv Beweegungen distanzéiere sech vun enger traditioneller heteronormative Gesellschaftsuerdnung, der traditioneller Form vum Familljebild an der Herrschaft vum „ale wäisse Mann“. Wat natierlech och als Konsequenz kann hunn, dass d’Virrechter vun de Männer, d‘Ressourcen a gesellschaftlech Ugesinn tëschent de Geschlechter gedeelt muss ginn an dass verschidde Mënschen doran hir eege Stellung a Gefor gesinn.

Hei kënnt allerdéngs d’Vertrauen an déi eege Kompetenzen an d’Spill an d’Iwwerleeënheet vu FeministInen zum Thema. Firwat si keng Angscht virun der wuessender Emanzipatioun vu de Fraen hunn, beschreift d‘Sophie Passmann[7] passend an hirem Buch „alte weisse Männer“ iwwert den Autor an Journalist Sascha Lobo: „Sascha Lobo ist ein gutes Beispiel dafür, dass männlicher Feminismus eine Frage des Selbstbewusstseins ist. Er hat keine Angst, dass Frauen ihm etwas wegnehmen, er hat auch keine Angst zuzugeben, dass Teile seines Erfolges mit seinem Dasein als Mann und nicht mit seinem Können zu tun haben. Er stellt sein Können mit dieser Feststellung nämlich nicht automatisch infrage. Würden Frauen auf einmal 50 Prozent aller Aufträge in seiner Branche bekommen und 50 Prozent aller Talkshows, wäre Sascha Lobo immer noch Sascha Lobo. Das Vertrauen in die eigenen Fähigkeiten schmälert die Angst vor Gleichberechtigung. Je mehr du kannst, desto weniger bist du auf deine Privilegien angewiesen.“

Maxime Miltgen, Presidentin vun den femmes socialistes

 

[1] ADR, D’ADR – Fraen zum international Fraendaag, https://adr.lu/dadr-fraen-zum-internationale-fraendag/ , publié le 7 mars 2020, consulté le 5 février 2021

[2] Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der Heinrich-Böll-Stiftung und der Otto Brenner Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020

[3] Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der Heinrich-Böll-Stiftung und der Otto Brenner Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020, page 253

[4] ADR, D’ADR – Fraen zum international Fraendaag, https://adr.lu/dadr-fraen-zum-internationale-fraendag/ , publié le 7 mars 2020, consulté le 5 février 2021

[5] Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der Heinrich-Böll-Stiftung und der Otto Brenner Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020, page 253

[6] Oliver Decker, Elmer Brähler, Autoritäre Dynamiken – Alte Ressentiments – neue Radikalität – Leipziger Autoritarismus Studie 2020 in Zusammenarbeit mit der Heinrich-Böll-Stiftung und der Otto Brenner Stiftung, Psychosozial-Verlag, 2020, page 263 – 269

[7] Sophie Passmann, Alte weisse Männer – Ein Schlichtungsversuch, Kiepenheuer & Witsch, Köln, 2019

Facebook
Twitter