Verlängerung Iwwernuechtungsbongen am Horeca

Här Präsident,
sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Tourismusminister weiderzeleeden.

D’Aktioun vun de sougenannten “Iwwernuechtungsbongen” à 50€ war d’lescht Joer ee Succès: bis Enn 2020 goufen iwwer 94.000 där Bongen ageléist. D’Gültegkeet vun de Bongen ass am Dezember 2020, bis den 18.04.2021 verlängert ginn; de Minister huet dat an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 3171 esou argumentéiert: “Säitdeem Enn November nei covid-bedéngte Restriktiounen agefouert gi sinn, an notamment d’Restauranten hir Dieren erëm hu missen zoumaachen a keng organiséiert Fräizäitaktivitéite méi stattfannen, ass e Séjour an engem vun eisen Hebergementsbetriber an dëse Wochen natierlech och erëm manner interessant fir potentiell Client’en ginn.” Des Restriktioune sinn nach ëmmer a Kraaft, dat op mannst nach bis de 14. Mäerz.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Tourismusminister des Froe stellen:

– Wéi vill Bonge sinn, zanter der Verlängerung, iwwert d’Wanterméint nach zousätzlech ageléist ginn?
– Huet d’Regierung wëlles, d’Gültegkeet vun de Bongen, déi am Ëmlaf sinn, nach emol ze verlängeren?
– D’Aktioun “Iwwernuechtungsbongen” ass net nëmme béi de Privatpersoune gutt ukomm, mee huet eben och dem Secteur vill gehollef: 69% vun den Hotelieren an 61% vun de Campingsbedreiwer haten an der Saison 2020 eng Hausse u Lëtzebuerger Clienten ze verzeechnen. Envisagéiert de Minister deementspriechend, déi ganz Aktioun komplett ze widderhuelen, an all Bierger a Frontalier e neie Bong fir d’Saison 2021 zur Verfügung ze stellen?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener
Deputéiert

Hei d’Äntwert vum Minister:

Question parlementaire – Iwwernuechtungsbongen

Facebook
Twitter