“Verantwortung” – Eng fräi Tribün vum Franz Fayot

Verantwortung

Eng vun deenen éischten Saachen déi een als Student am Droit léiert, ass de Prinzip vun der Verantwortung. Dass ee juristesch responsabel ass, wann ee mat sengem Auto arennt. Wann engem säi Kand eng stiicht. Dass een och vis-à-vis vun der Gesellschaft verantwortlech ass, wann een zum Beispill eppes klaut, oder een dout schléit. Da geet een an de Prisong.

D’Verantwortung gëtt et och an der Politik. D’Verantwortung zum Beispill fir de Planéit, op deem mer liewen. D’Verantwortung fir d’Aart a Weis wéi mer Sue verdéngen, a fir eise gudden Numm. D’Verantwortung fir déi Ärmsten an eiser Gesellschaft, oft Kanner. D’Verantwortung fir eist Zesummeliewen.

Kee Politiker seet sech natierlech, dass en onverantwortlech handelt. Mais et sollt ee sech froen ob de “business as usual”, deen eis Politik oft präägt, ëmmer déi verantwortlech Optioun ass. Wat verantwortlech ass an der Politik, ass héich politesch.

Fir déi eng ass zum Beispill d’Opginn vun der Eestëmmegkeet a Steierfroen op EU-Niveau verantwortungslos, well mer als Finanzplaz jo awer do staark Intressien hunn, an am Noutfall gären eise Veto asetzen. Do kann ee  gedeelter Meenung sinn. Politesch Verantwortung an där Fro muss awer heeschen dass mer alles ënnerhuelen fir eis Ekonomie ze diversifizéieren, dass mer Steiernischen déi géint den europäeschen Prinzip vun der Solidaritéit verstoussen zou maachen an dass mer d’Steierlaascht gerecht tëscht de Betriber an de Privatpersounen opdeelen. An, Hand op d’Häerz, wien huet es net sat als Lëtzebuerger am Ausland direkt mat Banken an niddrege Steieren associéiert ze ginn? Déi Fro sollte mer eis stellen, wa net fir eis, dann op mannst fir eis Kanner.

Ass et verantwortlech weiderhin zum Beispill am Stroossebau an an der Planifizéierung vun eise Stied den Autosverkéier ze favoriséieren, obwuel mer am Sënn vun enger Dekarboniséierung vum Planéit jo am Fong radikal missten op ëffentlechen Transport an douce Mobilitéit ëmklammen? De Professer Schellnhuber, weltwäit ee vun de beschte Spezialiste vum Klimawandel, huet de Mëttwoch zu Lëtzebuerg nach eemol gewisen dass d’Haus brennt, an dass mer misste radikal ëmdenken wa mer eng Klimakatastroph nach wéilten ofwennen.

Bei der FEDIL um Neijoersempfang huet hire President e Gedankespill gemaacht, wou e Lëtzebuerg mat enger Entreprise verglach huet, déi muss kompetitiv sinn fir op laang Dauer ze bestoen. Hie loung do natierlech ganz no bei der Realitéit – tatsächlech gëtt Lëtzebuerg a villen Hisiichten wéi e Business gefouert – e patriarchalesche mat villen Avantagen fir d’Beleegschaft. Mee awer trotzdeem e Business. Mais ass et verantwortlech e Land wéi eng kommerziell Entreprise ze betruechten? Ass Geld, ass PIB Croissance d’Mooss vun Allem wann et ëm d’Wuelbefannen vun enger Gesellschaft geet? Wat kënne mer eis kafen mat eiser Kompetitivitéit wann d’Leit ëmmer méi gestresst sinn, well se all Dag am Trafic stiechen, well se keng Wunneng bei hirer Aarbecht méi fannen, well se hir Famill an hir Frënn ëmmer manner gesinn? Eng Gesellschaft wou jiddwereen ëmmer méi isoléiert lieft.

An der Chamber war den Donneschden d’lëscht Woch eng Debatt zur Jugendarmut. Do ass dann iergendwann vun den “NEET” geschwat ginn – den “Non educated employed or trained” – Jugendlecher, oft nach Kanner, déi weder an d’Schoul ginn, nach forméiert ginn, nach schaffen. Déi iergendwann aus eisem System erausfaalen, nëtt eens ginn – wéinst Aarmut, familiären Ëmstänn, psychesche Problemer. Déi hu ganz schlecht Chancen an der “Lëtzebuerg SA”.  Mais dat si keng “Nieten” am lëtzebuergesche Sënn – nee, dat si Kanner fir déi mer eng ganz besonnesch Verantwortung hunn. Als Politiker mee och als Gesellschaft am Ganzen.

An, zu gudder Lescht: wéi een net mat Verantwortung ëmgeet huet eis d’lescht Woch e Lëtzebuerger Spëtzepolitiker demonstréiert. Wann een vun enger Gesellschaft all Mount bezuelt gëtt kann een einfach net soen et hätt een vun näischt gewosst. Dat huelen d’Leit eis Politiker net méi of. An dat ass och gutt esou!

 

Hei klicken fir den Audio…

Facebook
Twitter