Francine Closener: Den Tripartite – Accord an d’Fro vun der sozialer Gerechtigkeet: wéi geet dat zesummen?

Et ass e richtegen a wichtegen Accord, deen d’Tripartite die lescht Woch fonnt huet:

Regierung, Gewerkschaften a Patronat hu verhennert, datt aus der Energiekris eng sozial Krise zu Lëtzebuerg gett.

De lëtzebuerger Modell, un deen munch een net méi gegleewt hat, huet nees fonctionnéiert- dat rassuréiert d’Menschen, dat weist d’Seriösitéit vun den Décideuren, dat stärkt d’Vertrauen a Politik a Sozialpartner, dat ass vun onschätzbarem Wert fir den Zesummenhalt am Land.

Lo ass dësen Accord natiirlech ee Kompromess, an och secher net der Weisheit letzter Schluss.

Et ass absolut richteg, d’Energiepreisser ze deckelen an domat d’Inflatioun ze bremsen- mee domat si mir net aus der Energie-Kris eraus. De Läschten dierft an Teschenzäit wëssen, datt mir Energie musse spueren a datt mir als Gesellschaft mat Héichdrock a Courage mussen un der Energie-Transitioun viru schaffen

Mir brauchen weider, ganz ambitéis Projeten a mir brauchen se séier, d’Urgence vun der Klimakris ass évident, an d’LSAP ass sech och hei hierer Responsabilitéit fir ze handelen bewosst.

Et ass och richteg, datt elo jiddereen an de Genoss kënnt vun der Präisdeckelung bäi der Energie, onofhängeg vu sengem Verdengscht. Dat ass wéi gesot am Sënn vum soziale Fridde –Sträit a Näid ass elo dat Läscht, wat mir brauchen. A fir déi Leit, déi wierklech schlecht dru sinn, si jo och zousätzlech Mossnahmen wéi d‘Allocation de vie chère an d’Energieprime décidéiert gin – an, natiirlech och

d‘Hausse vum Mindestloun op den 1 Januar em 3,3%, dat war eis besonnesch wichteg.

Allerdengs geet och dat eis net duer. D’LSAP ass bekanntlech der Meenung, datt mir eng Steierreform brauchen, déi endlech méi sozial Gerechtegkeet brengt.

Mir Sozialisten wollten a wellen des Reform an deser Législaturprériode. Mir erwaarden eis elo direkt fiscal Mossnahmen zu Gonschten vun den Ellengerzéihenden . Mee mir erwaarden eis och aaner, prinzipiell Decisiounen fir méi Gerechtegkeet:

Grad well mir jo wëssen, datt d’Energie-Transitioun muss kommen a se deier gett

Grad well mir d’Krise am Logement riskéiert nach méi schlëmm ze gin

Grad well mir wessen, dass d´Scheier tescht Aarm a Räich, tescht Aarbecht a Kapital emmer weider auserneen geet.

Eng Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun ass net eise Choix. Dovun hun die Reich alt nees méi wéi die Arm. D’LSAP huet kloer Fuederungen:

  1. D´Progressioun vun der Steiertabell méi spéit unzegoen, datt also déi Leit mat klengen a mettleren Akommes manner Steiere bezuelen an déi mat de ganz decke Paien, eben méi – iwwer zousätzlech Steiertranchen ass ze discutéieren
  2. mir wëllen eis jonk Leit entlaaschten an e Crédit d´Impôt fir si aféieren – fir am Ufank vun hirer Beruffscarrière – da , wa si d’Geld am meeschte brauchen-
  3. mir wellen déi Reform net um Bockel vun den nächste Generatiounen finanzéieren, mee d’Suen do sichen goen, wou der sin. Solidaritéit ass nun eben keng Einbahnstrooss.

D’LSAP ass prett, och des Erausfuederung unzehuelen, dir kënnt iech och hei op eis verloossen.

Facebook
Twitter