Théo Büchler

Fonctionnaire communal VDL
HAGEN
  • 54 ans | luxembourgeois
  • Délégué du personnel Landesverband

Questionnaire de Proust

Wann ech gewielt ginn, maachen ech als éischt:

Mech an Dossieren eran schaffen an een oppent Ouer vir all Bierger aus der Gemeng hunn.

Dann dofir suergen dat sozial schwaach Stéit an eis Jugend Wunnenge kréien an eiser Gemeng zu soziale Präisser.

Ech wëllt awer och dofir suergen dat Sportsinfrastrukturen esou séier wéi méiglech gebaut ginn.

Wann ech net grad schaffen oder Politik maachen, dann:

maachen ech Gewerkschaftsaarbecht als Delegéierte bei der VDL. An wann Zäit et erlaabt fueren ech Vëlo, de Wanter Ski a verbrénge gären Zäit mat menger Famill a menge Kollegen.

Dës Reform oder Erfindung bewonneren ech am meeschten:

40 St. Woch, Sozialversécherungen de Congé an eise Pensiounssystem.

 

Gléck ass fir mech:

wann meng Famill an ech gesond sinn an bleiwen.

Gléck wier fir mech awer och wann mir keng Kricher méi an der Welt hätten.

Am léifste géif ech op dëser Plaz vun der Welt liewen:

do ginn et vill schéi Plazen, mee déi schéinsten ass nach ëmmer heiheem.

Meng Stäerkte sinn:

Ass schwéier soen, wann ech awer vun eppes iwwerzeegt sinn da well ech dat och duerchsetzen.

A meng Feeler / meng Schwächten:

Do frot léiwer déi di mech besser kennen.

Am léifsten iessen an drénken ech:

Steak mat Fritten an Zalot, drénke gären ee Patt Rouden awer och eng gutt Fläsch Béier bleift net stoen.

 

Zur Zäit liesen ech:

Ech liese keng Bicher, dofir liesen ech eis national Zeitunge wou mäin Interessi op der Aktualitéit, Landes an Gemengepolitik läit, awer och de Sport deen net ze kuerz kënnt.

Am beschten entspane kann ech mat folgender Musek:

Musek geet bei mir queesch duerch de Gaart, am léifsten awer hunn ech Musek aus menger Jugendzäit (70-80 Joren) well do schéin Erënnerungen drun hänken.

Wann ech kéint mat enger reeller oder fiktiver Persoun tauschen, da wier ech am léifsten:

Ech sinn ech, an tauschen ass an der reeller Welt net méiglech.

 

Mäi Liewensmotto:

Liewen a liewe loossen.

ëmmer no vir kucken.