Sylvie Asselborn-Huber

Retraitée
Conseillère communale
STEINFORT
  • 64 ans | luxembourgeoise
  • Membre du comité Amiperas

Questionnaire de Proust

 Wann ech gewielt ginn, maachen ech als éischt: 

Setzen ech mech mat voller Energie dofir an, fir datt am Kader vun engem « Guichet unique » , enneranerem, d’Gesondheetskees (CNS) erem eng Antenne hei zu Stengefort an der Gemeng kritt. Hei kënnen déi Leit, déi keng Geldreserven hunn, sech hier bezuelten Dokteschrechnungen erembezuele loossen ouni e puer Wochen op hier Suën mussen ze waarden.

Wann ech nët grad Politik maachen, dann: 

Kemmeren ech mech em meng MS-krank Duechter mat hierem Hond Maya, em meng 3 Enkelkanner, meng Mamm vun 91 Joer, an natierlech ennerstetzen ech mäi Mann, wou emmer ech kann.

Dës Reform oder Erfindung bewonneren ech am meeschten: 

Den Apparat déi mir erméiglecht huet, datt ech haut erëm, wéi duerch e Wonner, ganz gutt wait gesinn, ouni Brëll a Kontaktlënsen (seit Januar 2004).

Gléck ass fir mech: 

Mat menger Famill a gudde Frënn zesummen ze sinn. 

Am léifsten géif ech op dëser Plaz vun der Welt liewen : 

Egal wou zu Letzebuerg, mir hunn e schéint a friddlecht Land. 

Meng Stäerkte sinn : 

Toleranz, Gedold, Solidaritéit, Gradlinegkeet, Zefriddenheet. 

A meng Feeler/meng Schwächten :

Ech loosse mech alt ausnotzen, well ech ze guttgleeweg sinn ; sinn heiandsdo ze zréckhaalent ; wann ee mech richteg trëppelt, sinn ech nodroënd. 

Am léifsten iessen an drénken ech : 

Als Appéritiv e Campari soda, wann ech iesse ginn ; e gudde Patt Miseler am leiwste Riesling ; 

Ech iessen gäre Fësch, net esou dacks Fleesch, mee hunn och gäre Kniddelen, Ratatouille an all aner Geméis. 

Zur Zäit liesen ech:

« Die Lebenden und Toten von Winsford » e ganz spannende schwedesche Krimi vum Hakan Nesser. Hunn all Harry Pottere gelies, e puer dervun op englesch. Sinn e Fan vum Henning Mankell. 

Am beschten entspaanen ech mat folgender Musék : 

Georges Moustaki (Métèque, le Facteur etc) ; John Lennon (Imagine) ; Wings (Mull of Kintyre), alles vum Mozart, André Rieu, Rockmusék an Operenarien. 

Wann ech kéint mat enger reeller oder fiktiver Persoun tauschen, da wier ech am léifsten : 

D’Astrid Lindgren, wat Kanner an Erwuessener mat senge Bicher zanter laange Joeren erfreet, an dat sech och fir Déiereschutz agesat huet a Schweden ( de Michel vu Lönneberga ass mei léiwste Kannerfilm)