Patrick Schank

Employé CFL e.r.
HAGEN
  • 62 ans | luxembourgeois
  • Président Sporting Club Steinfort

Questionnaire de Proust

Wann ech gewielt ginn, maachen ech als éischt:

e freedegt Gesiicht an drénken eng Coupe Schampes mat menger Fra

Wann ech nët grad schaffen oder Politik maachen, dann:

liesen ech, maachen net genuch Sport, këmmere mech awer ëm de Fussball zu Stengefort

Dës Reform oder Erfindung bewonneren ech am meeschten:

d'Rad

Gléck ass fir mech:

Zefriddenheet

Am léiwsten géif ech op dëser Plaz vun der Welt liewen:

Doheem

Méng Stäerkte sinn:

Diplomatie, Nolauschteren

A méng Feeler / méng Schwächten:

Net kënne nee soen, Onuerdnung

Am léiwsten iessen an drénken ech:

Italienesch, Béier

Zur Zäit liesen ech:

Vill Dages- a Wochenzeitungen, an e Roman vum Leïla Slimani „Chanson douce“

Am beschten entspanen kann ech mat folgender Musék:

Al Rock- a Popklassiker, a Pianosconcerten vum Mozart

Wann ech kéint mat enger reeller oder fiktiver Persoun tauschen, da wier ech am léiwsten:

e Kënschtler dee vu senger Konscht kéint liewen

Mäi Liewensmotto:

sief ëmmer tolerant, solidaresch an hëllefsbereed