Guy Erpelding

Gérant agence bancaire
HAGEN
  • 47 ans | luxembourgeois
  • Président Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

Questionnaire de Proust

Wann ech gewielt ginn, maachen ech als éischt:

…eng Fläsch Schampes op, et soll ee keng Geleeënheet verpasse fir ze feieren. Mee d’Equipe zielt, net mäin eenzelt Resultat.

Wann ech net grad schaffen oder Politik maachen, dann:

…gin ech mengem Hobby no, dem Volleyball. Als Verbandspresident hëlt dat nawell Zäit ewech (gutt dass meng Famill och am Volleyball aktiv ass, dat mécht et méi einfach).

Dës Reform oder Erfindung bewonneren ech am meeschten:

D’Europäesch Unioun. Et kann en vun hier hale wat ee well, sie schenkt eis säit iwwer 70 Joer Fridden a mir hunn nee Wuelstand erreecht deen eis Grousselteren sech wuel nie erdreemt hätten. Mee et ass nach laang net Schluss. Et heescht elo keen ze vergiessen an déi Leit, deenen et schlecht geet, mat op de Wee an een nach bessert Europa ze huelen.

Gléck ass fir mech:

…wann ech bei Famill a Frënn ka sinn a schéi Momenter mat hinne genéissen.

Am léifsten géif ech op dëser Plaz vun der Welt liewen:

Net wou’s de liefs ass wichteg, mee wéi’s de liefs.

Meng Stäerkte sinn:

Diplomatesch ze sinn, ze probéieren d’Leit beieneen ze kréien.

A meng Feeler / meng Schwächten:

Haartnäckegkeet (ass dat ee Feeler?). Mee seriö lo, frot mäin Ëmfeld, déi kennen do secher eppes dozou soen J

Am léifsten iessen an drénken ech:

Ee kille Béier mat enger gudder Portioun Fritten (tjo, di belsch Wuerzelen hun eppes hannerloss…)

Zur Zäit liesen ech:

„Central Park“ vum Guillaume Musso

Am beschten entspanen kann ech mat folgender Musek:

Eng best of vun U2, ëmmer erëm gutt (net wierklech iwwerraschend fir déi di mech gutt kennen)

Wann ech kéint mat enger reeller oder fiktiver Persoun tauschen, da wier ech am léifsten:

Ech selwer. D’Liewen ass ee permanente Wandel, also wisou tauschen, et kann een sou vill draus maachen.

Mäi Liewensmotto:

Ech verlafe mech regelméisseg. Wat ech dann fannen, erweidert mäin Horizont.