Sammy Wagner

Professeur stagiaire en sciences physiques
HAGEN
  • President LSAP Stengefort
  • Vize-President OGBL Äischdall-Attert
  • Vize-President Entente des Sociétés de la Commune de Steinfort
E-mail: wagner.sammy@gmail.com | Tél: 661 919 089 | www.sammywagner.lu

.

Questionnaire de Proust

Wann ech gewielt ginn,18056391_10155163125324519_4070458374258398043_o

kucken ech als éischt ob ech mech net verlies hunn a soe menger Famill a Frënn Merci fir d’Ënnerstëtzung.

Wann ech net grad schaffen oder Politik maachen, dann:

ginn ech en Tour Lafen, Reesen ech oder maache meng Schwëster a mäi Brudder rosen.

Dës Reform oder Erfindung bewonneren ech am meeschten:

Kaffismaschinn, ouni eng Taass Kaffi kréich ech d’Aen moies nie wierklech op.

Gléck ass fir mech:

eng Famill an eng Partnerin ze hunn, déi mech mat mengen verréckten Iddien an Toxkäppechkeeten aushält. Sie hätten et méi einfach kënnen hunn. :D

Am léifste géif ech op dëser Plaz vun der Welt liewen:

Hei bei eis. Lëtzebuerg ass schon eng cool Platz fir ze liewen.

Meng Stäerkte sinn:

Aanere Leit, ob Jonk oder Al nolauschteren ze kënnen, Selbstreflexioun an d’Fäegkeet meng eege Feeler anzegestoen.

A meng Feeler / meng Schwächten:

Ongedold. Oft dauert et mir ze laang bis endlech eppes geschitt an dat dreift mech op d’Palm.

Am léifsten iessen an drénken ech:

Eng gutt Pizza mat engem Pättche Rouden.

Zur Zäit liesen ech:

Ein Prozent ist genug. Mit wenig Wachstum soziale Ungleichheit, Arbeitslosigkeit und Klimawandel bekämpfen.  – Jorgen Randers & Graeme Maxton

Am beschten entspanen kann ech mat folgender Musek:

Hänkt vun der Stëmmung of, sinn oppe fir all Museksrichtung vu klassesch, R&B, Rock, Pop, House, Reggae, ... .   

Wann ech kéint mat enger reeller oder fiktiver Persoun tauschen, da wier ech am léifsten:

Meng Frëndin. Dann géif ech mol besser verstoe wisou hatt sech heiansdo iwwert mech opreegt.

Mäi Liewensmotto:

„Du kannst den Wind nicht ändern, aber Du kannst die Segel anders setzen.“  – Aristoteles

“Let me tell you something you already know. The world ain’t all sunshine and rainbows. It’s a very mean and nasty place and I don’t care how tough you are it will beat you to your knees and keep you there permanently if you let it. You, me, or nobody is gonna hit as hard as life. But it ain’t about how hard ya hit. It’s about how hard you can get hit and keep moving forward. How much you can take and keep moving forward. That’s how winning is done!” – Rocky Balboa