Mir brauche staark Gemengen an déi mussen och weider ënnerstëtzt ginn

Säit Februar/Mäerz 2020 ass alles anescht, an de Gemengen, am Land an an der Welt. E klenge Virus hält eis a Schach a mär versichen alleguer, him d’Stier ze bidden. Dass dat net einfach ass, ass gewosst an dofir musse mer all un engem Strang zéien.

Mär waren an der Lescht als Gemenge gefuerdert, fir Mesuren ëmzesetzen, verschidde Prozeduren anzeféieren an eis där neier Situatioun unzepassen. Och finanziell hu mer eis missen un déi nei Situatioun winnen.

Engersäits hu mär als Gemeng finanziell Mëttelen zur Verfügung gestalt fir speziell COVID-Mesuren ëmzesetzen. Sou hu mer eis z.B. un «d’subvention compensatoire pour taxes communales et hivernaux» ugeschloss, déi vum Staat wärend der Kris verduebelt ginn ass. En aanert Beispill si spezielle Subsiden, déi mer eise Veräiner zoukomme gelooss hunn, fir hir Ausfäll e bëssen opzefänken. Amplaz vun der Seniorefeier, déi mer net feiere konnten, kruten eis eeler Matbierger e Bong, dee se an all Geschäft oder Restaurant aus der Gemeng aléise kënnen.

Anerersäits hu mer versicht, eis Projete sou gutt wéi méiglech weider ze féieren oder zu finaliséieren.

Och dat war net ëmmer einfach. Duerch de Lockdown war jo alles zou a verschidde Firmen hunn net geschafft. Sou ass et schwiereg, déi néideg Leit an dat néidegt Material erbäi ze kréien.

Als nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem war et an dëser Zäit dann och net esou einfach, mäin éischte Budget opzestellen. Et ass kloer, dass dëst e Budget vun der Kontinuitéit ass, an déi gutt Projeten, déi all am Sënn vun eise Bierger geplangt waren, ginn och selbstverständlech weidergefouert.

Sou wéi eis Ministesch Taina Bofferding eis opgefuerdert huet, hu mer versicht d’Projeten net einfach op Äis ze leeën, obschonns mer awer iwwert Dotatioune par Rapport zum initiale Budget e Minus vu Ronn 7,7 Millioune kritt hunn.

Mär hunn eis Projeten am Budget 2021 all genee analyséiert a versicht, se mat eise Servicer esou ze plangen, dass mer se op d’nächst Joer, oder wann néideg, d’Joren dono kënnen opsplécken.

Mär ware bis elo an enger relativ comfortabler finanzieller Situatioun. Och a virun allem wéinst der Gemengefinanzéierungsreform, déi vum deemolegen Inneminister Dan Kersch 2019 realiséiert gouf an de Gemenge substantiell entgéint komm ass.

Natierlech musse mer als Gemeng Suessem déi zwee Enner beieneen halen an et gëtt fir d’Zukunft sécherlech net méi einfach. D’Gemeng Suessem huet am Moment net grad 18.000 Awunner an ass nach am Gaang weiderzewuessen. Mär brauchen ëmmer méi Infrastrukturen: Schoulen, Betreiungsstrukturen an och déi néideg Stroossen- a Wunninfrastrukturen. Mär wëllen och als Gemeng selwer am Wunnengsbau Acteur sinn an dat bréngt vill Ausgabe mat sech. D’Personalkäschte vun enger grousser Gemeng ginn domat natierlech an d’Luucht.

Dofir ass et wichteg, dass mer weiderhi staark Gemengen hunn, déi weider ënnerstëtzt ginn.

Fir eis ass Zesummenaarbecht um Terrain mat dem Innenministère ganz wichteg a mär stiechen och vill Hoffnung an déi nei projets de loi, wéi z.B. dat neit Gemengegesetz.

Nëmmen zesumme kënne mer Villes erreechen, well all zesummen si mer en Deel vun der Léisung.

 

Simone Asselborn-Bintz

Deputéiert an Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem

Facebook
Twitter