Mobilité active Elo

News

Déi sougenannte “Mobilité active”, also zu Fouss goen a virun allem de Vëlo (mat oder ouni elektresch Hëllef) ass e wichtegt, zentraalt a virun allem ekologescht Element vun enger kohärenter Transportpolitik. Aus dësem Grond huet d’LSAP Schëffleng am Gemengerot vum 26.4.19 virgeschloen, den Subsiden-Reglement ofzeänneren an e Subside fir de Kaf vun engem Vëlo oder engem “Pedelec” anzeféieren. Entspriechend der sozialistescher Propositioun soll all Schëfflenger Bierger, dee méi wéi 18 Joer huet, beim Kaf vun engem Vëlo (oder engem “Pedelec”) mat 25% vum Kafpräis (300 Euro maximal) vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn. Dës Propositioun ass allerdéngs vun der CSV-“déi gréng”-Majoritéit zesumme mat der DP verworf ginn. No der Kritik vun “déi gréng”, dës Moossnam wier net sozial selektiv, wollt d’LSAP hire Virschlag entspriechend upassen. “déi gréng” sinn trotzdeem bei hirem Nee bliwwen!

Si willten an den nächster Gemengerotssëtzung een eegen Text virleeën well Idee wär prinzipiell gutt. Mir wäerten Si drun erënneren wann näischt geschitt