COVID-19 – Bleift Doheem a Merci fir Ären Asaz

News

D´LSAP Schëffleng well Iech nach eng kéier drun erënneren, bleift Doheem!

Halt Iech un d´Reglementer vun der Regierung an de Gemengen. Si dengen Ärer eegener Sécherheet an hëllefe fir d´Ausbreede vum Covid-19 esou gutt wéi méiglech anzegrenzen. Wann et Iech méiglech ass personnes à risque ze hëllefe weist Iech solidaresch, si wäerten Iech et danken. Bleift gesond a gitt dem Virus keng Chance!

D´LSAP-Schëffleng seet dofir all deenen Léit e grousse Merci, déi zur Zäit eis dat „alldeeglecht“ Liewen an der Kris erméiglechen, sief et duerch d´Versuergen mat Liewensmëttel oder d´Ofhuele vun de Poubellen. Mir soen och all de Schëfflenger Bierger Merci, déi sech un d´Consignen vun der Regierung géint de Covid-19 halen.

Är Vertrieder am Gemengerot:

Feiereisen Carlo, Sven Kill, Yves Fiorelli, Rizo Agovic, Vincent Nothum an Jérôme Courtoy