Causa ëffentlech Toiletten zu Schëffleng bei der Kierch

News

Zanter e puer Deeg sinn d’ëffentlech Toiletten zu Schëffleng bei der Kierch “Hors Service”.

Dat awer net well et eng technesch Panne gëtt, mee well een wuertwiertlech der Gemeng de Krunn zougedréit huet. Den Uschloss vum Waasser a vum Stroum leien am Moment nach an der Kierch (an e puer Wochen soll jiddereen e separaten Compteur hunn).

D’Kierch, déi am Besëtz vum Kierchefong ass, ass awer momentan net bereet d’Situatioun ze änneren aus fir eis onverständlechen Grënn. Dëst huet als Konsequenz, datt eben keen méi schnell am Duerf op d’Toilette goen kann.

Et kann een just spekuléieren, ob et just eng Trotzreaktioun vum Kierchefong ass ob der Gemeng hier Bedenken betreffend engem nei net geneemegten Parking hannert der Lydie-Schmit-Schoul, wou den Kierchefong Proprietär vum Terrain ass.

Fir eis ass et ob jiddefalls onverständlech, wéi een esou handelen kann.

Beim leschten Budget haten mir schon eis Bedenken matgedeelt, datt näischt am Budget dran stoung fir d’Renovatioun vun den ëffentlechen Toiletten.