Rapporter Claude Haagen: “De Budget 2017 fënnt de richtege Mëttelwee”

E vun de Schwéierpunkte vum Budgetsrapporter Claude Haagen senger Ried zum Budget 2017 an der Chamber war de Wuesstem a speziell de Wuesstem an enger Gesellschaft vun der Informatisatioun an der Digitalisatioun. De Claude Haagen huet an dësem Kontext d’Fro opgeworf, wann d’Produktivitéit vun den Entreprisen duerch Digitalisatioun oder Informatisatioun a verschiddene Secteure sollt eropgoen, esou wéi et zum Beispill an der Rifkin-Etude virgesinn ass, wien Notznéisser vun dëser Produktivitéit soll sinn. Den LSAP-Budgetsrapporter war formell:

claude-haagen_budgetsrede-2017

“De Surplus vun der Produktivitéit muss an dësem Fall bei de schaffende Léit ukommen, a firwat net an enger Verréngerung vun der Aarbechtszäit bei selwechtem Salaire. Digitalisatioun, Erhéijung vun der Produktivitéit a Verréngerung vun der Aarbechtszäit mat deem selwechte Salaire wieren an deem Fall vun all ekonomeschen Acteuren akzeptéiert, well se jiddwerengem eppes géif bréngen.”

De Claude Haagen huet duerfir eng Motioun deposéiert, fir d’Teleaarbecht ze favoriséieren.

Och misst, esou de Rapporter, d’Digitalisatioun encadréiert ginn, besonnesch am Aarbechtsrecht, am Steierrecht, a bei de soziale Rechter. An zwar vun elo un.

Hei dem Claude Haagen seng integral Ried am PDF-Format (woubäi dat geschwatent Wuert zielt) an déi ugeschwate Motioun.

discours-budget-claude-haagen-20-12-2016

Facebook
Twitter