Quo vadis Sonndesaarbecht am Commerce?

Här Präsident,

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mëttelstand weiderzeleeden.

De Sujet vun den Ëffnungszäiten am Commerce, besonnesch op de Sonndeger, ass déi lescht Zäit nees an der Aktualitéit.  D’Gesetz, dat d’Fermeture vum Eenzelhandel reegelt,  schreift fir, dass et Sonndes just erlaabt, e Commerce vu 6 bis 13 Auer opzemaachen, et sief dann, et leien Derogatioune fir. Dem Code du travail no, ass et net erlaabt, dass Salariéen am Commerce Sonndes méi wéi 4 Stonne schaffen. An deem Kader gouf 2018 eng Etüd vum LISER gemaach, déi den Impakt vun de verschiddenen Ëffnungszäiten op d’Salariéen analyséiert huet. Dorausser geet ënnert anerem ervir, dass am Commerce 8 vun 10 Salariéen déi Sonndes musse schaffen, dat léiwer net wéilte maachen.

An deem Zesummenhang wollte mir dem Här Minister fir Mëttelstand dës Froe stellen:

  • Wat si fir de Minister d’Haaptconclusiounen aus där Etüd? Wäert den Här Minister dës Conclusiounen och ëffentlech presentéieren?
  • Ass de Minister opgrond vun der Etüd der Meenung, dass d’Reglementatioun vun den Ëffnungszäiten am Commerce iwwerschafft muss ginn, esou wéi dat och am Koalitiounsaccord virgesinn ass? Hunn d’Consultatiounen tëscht dem Minister an de Sozialpartner an deem Kontext schonn ugefaangen?
  • Wéi vill Derogatioune fir oppe Sonndeger ginn et am Moment? Wéi ass d’Evolutioun iwwert déi lescht Jore vun dësen Derogatiounen?

Mat déiwem Respekt,

Tess Burton                                        Francine Closener

Deputéiert                                          Deputéiert

Facebook
Twitter