LSAP Gemengeforum

Den LSAP Gemengeforum ass eng Ënnerorganisatioun vun der LSAP. Hiert Ziel ass d’Grondsätz & Wäerter vun der LSAP op Gemengenniveau ëmzesetzen an ze verdeedegen. De Meenungs- & Erfarungsaustosch gëtt duerch reegelméisseg Aarbechtssitzungen erméiglecht, sou datt de Gemengeforum och d‘Fonktioun vun engem Thinktank fir lokalpolitesch Froen iwerhëllt. Des Weideren huet de Gemengeforum eng berodend Funktioun, mam Ziel dass all LSAP Member deen an der Lokalpolitik aktiv ass ons kommunalpolitesch Intressie beschtméiglech vertriede kann. 

De Gemengeforum besteet säit Mee 2010. Säi Präsidium gëtt all 2 Joer op enger uerdentlecher Generalversammlung erneiert. Am Prinzip besteet dëst Präsidium aus 5 Vertrieder, wouvun 1 Deputéierten/Deputéiert an 1 Representant vum Syvicol muss sinn.  

Contact
Marc Weirig – Secrétaire gemengeforum@lsap.lu
Tel: 45 65 73-1

Dat aktuellt Präsidium vum LSAP Gemengeforum:

Simone Asselborn-Bintz

Presidentin
Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem

David Viaggi

Vize-President
Buergermeeschter vun der Gemeng Biissen

Dan Biancalana

Member
Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng

Flore Schank

Member
Schäffen vu der Gemeng Feelen

Tom Bellion

Member
Gemengeconseiller an der Gemeng Schengen