D’Wuert vun de Presidenten

Léif Lieserin,
Léiwe Lieser,

Fir d’LSAP steet de Mënsch am Mëttelpunkt. Houfreg kucke mir op eng laang an erfollegräich Geschicht zréck. Wat elo awer zielt ass d’Zukunft virzebereeden. Mir sinn déi Partei, déi zouverlässeg a sozial kloer Äntwerten op d’Froe vun der Zukunft huet a wäert ginn. Dëst notamment an de Beräicher vun der Logements-, der Ëmwelt, der Gesondheets-, der Bildungs-, an Aarbechtspolitik. Mir wëllen an enger Welt an an enger Gesellschaft déi ëmmer méi séier dréit, de BiergerInne Sécherheet bidden an hinne Vertraue ginn.

Als Memberpartei ass bäi eis de Kontakt an den Austausch immens wichteg. A villen Aarbechtsgruppen, Sektiounen an Ënnerorganisatioune kann een sech an der LSAP engagéieren – seng Iddien duerleeën, an Neies derbäi léieren.

  • An Zäite vu grousser Onsécherheet weist sech wéi wichteg e staarke Sozialstaat ass. Dëse wëlle mir als LSAP weider stäerken an ausbauen.
  • An Zäite vu Bildungsongerechtegkeeten, wëlle mir d’Chancëgerechtegkeet nees hierstellen an de soziale Lift duerch an an der Schoul nees un d’Funktionéiere bréngen.
  • An Zäite vu Produktivitéitsgewënn, an där awer gläichzäiteg d’Work-Life-Balance an eng Schiflag geréit an d’Aarbecht ëmmer méi eng dominant Roll anhëlt, wëlle mir de Salarié schützen a stäerken an ëm duerch eng Aarbechtszäitreduktioun nees Liewenszäit zréckginn.
  • An Zäite vu Klimakris, wëlle mir dësem Problem konsequent entgéint trieden, ouni awer d’Mënschen op der Streck ze verléieren. Natur, Klima an d’Ëmwelt retten, heescht och d’Gesondheet an d’Liewe vum Mënsch stäerken.
  • An Zäite vu steigenden Zuele wat déi physesch mee besonnesch déi mental Krankheeten ugeet, wëlle mir dofir suergen, dass eise Gesondheetssystem weider ëffentlech, also vu jidderengem, egal a wéi enger Liewenssituatioun hien ass, zougänglech bleift.
  • An Zäite vun enormen Hausse wat d’Präisser um Logementsmarché ugeet, wëlle mir zesumme mat de Gemengen dofir suergen, dass eng Wunneng nees zu engem bezuelbaren Doheem gëtt.

An Zäite vu sou groussen Erausfuerderunge brauche mir all Ënnerstëtzung.

  • Hues Du Loscht matzeschaffen?
  • Hues Du Loscht eng Hand mat unzepaken?
  • Hues Du Loscht Dech fir Solidaritéit a sozial Gerechtegkeet ze engagéieren?

Da freeë mir eis drop, Dech geschwë bäi eis an der LSAP ze begréissen.

Francine Closener & Dan Biancalana
LSAP-Presidenten