Ouverture vun der Chambersessioun 2017/2018

Den 10. Oktober 2016 gouf, ewéi all Joer um zweeten Dënschden am Oktober, déi nei Chambersessioun offiziell opgemaach.

Op der Prioritéitelëscht vun deenen 13 LSAP-Deputéierte wäerten, esou gutt um Niveau vun der Chamber ewéi am Kader vun der Dräierkoalitioun, an deenen nächste Méint de Budget fir dat kommend Joer, den Ofschloss vun den Aarbechten un der neier Verfassung, d’Reform vum RMG-Gesetz an d’Reforme ronderëm d’Sécherheet ewéi z.B. Ännerungen um Code pénal oder d’Policereform sinn
Ausserdeem soll mat der Ofschafung vun de Kierchefabricken déi lescht Etapp vun der Trennung vu Kierchen a Staat op en Enn bruecht ginn.

Weider ganz wichteg Themae wäerten d’Reform vun der Uni, d’Reform vu Justizwiesen an d’Reform vum Familljerecht esou wéi d’Themaen Digitaliséierung, Mobilitéit a Logement sinn.

Facebook
Twitter