Observatoire de l’Egalité – Taina Bofferding

Den Internationale Fraendag ass traditionell d’ Geleeënheet fir zeréck ze kucke wat an der Gläichstellung tëschent Fraen a Männer zu Lëtzebuerg schonn alles erreecht gouf, awer virun allem muss och de Bléck no vir geriicht ginn! De rechtleche Kader ass a Lëtzebuerg gesat: Net nëmmen ass d’Egalitéit an der Konstitutioun verankert, mee Lëtzebuerg gehéiert och zu de wéinege Länner, déi a rezenten internationalen Etüden 100 Prozent erreecht hunn, wat d’Gläichberechtegung vu Fraen am Gesetz ugeet.
Domat ass ee ganz grousse Schrëtt gemaach ginn, elo zielt et awer, d’ Egalitéit och am Alldag ze liewen, an dat geet nëmmen, wa mär #zesummen op de Wee ginn, fir aus der Egalitéit eng geliefte Realitéit ze maachen. Dofir ass et mär wichteg, direkt bei deene Jonken unzesetzen an hinnen déi richteg Messagë mat op de Wee ginn, well si sinn Deel vun der nächster Generatioun, an där d’ Gläichstellung an alle Liewensberäicher selbstverständlech muss sinn. Donieft ass et awer un eis alleguer, haut schonn d’ Situatioun genee am Aen ze halen an ze analyséieren, fir kënnen déi richteg Konsequenze fir eis Kanner ze zéien! Mam Observatoire de l’Egalité huet de MEGA eng Plattform geschaf, déi déi néideg Zuelen a Statistike liwwert, fir eng méi egalitär an inklusiv Gesellschaft ze erméiglechen.
D’Egalitéit ass keen Nice-to-Have mee eng Noutwennegkeet. Nëmmen zesumme kënne mer se erreechen. Kommt mir paken et 365 Deeg am Joer zesummen un!

“World Bank. 2021. Women, Business and the Law 2021. Washington, DC: World Bank. © World Bank. https://openknowledge.worldbank.org/handle/10986/35094 License: CC BY 3.0 IGO.”
https://wbl.worldbank.org/content/dam/documents/wbl/2021/snapshots/Luxembourg.pdf

Accueil

Facebook
Twitter