De Wahlprogramm vun de Nidderaanwener Sozialiste fir d’Gemengewahlen ass do

News

D’LSAP – d’Sozialisten wëllen weiderhinn d’Gemeng Nidderaanwen gestalten, zesummen mat allen Biergerinnen a Bierger aus eisen siewen Uertschaften. Mat Verantwortung a Weitsiicht, wëllen mir déi Aaarbecht déi zanter Joeren am Schäfferot gefouert gëtt weiderféieren. Et gëllt trotzdeem elo e puer Weichen néi ze stellen.

De komplette Wahlprogramm fannt Dir hei: Wahlprogramm LSAP-Nidderaanwen 2017 (également en français / also in English)

Mir setzen eis als Zil Nidderaanwen zur nohaltegster Gemeng vu Lëtzebuerg ze maachen.

Dat bedeit dass mir:

  • Eis héich Liewensqualitéit matten an der Natur erhale wëllen. Mir wieren eis dogéint dass alles zougebaut gëtt!
  • Mir sti fir en luesen a moderéierte Wuesstem vun eiser Bevëlkerung, déi eis et erlaabt den Duerfcharakter vun eisen Uertschaften ze erhalen.
  • Mir wëllen en staarkt Agräife vun der Gemeng an de Wunnengsbau, virun allem doduerch dass mir de Programm dee schon ugefaange ginn ass vum Bau vun Wunnengen nom Prinzip vun den „Habitations à bon Marché“ weiderféieren an ausbauen wëllen. Dëst souwuel fir Wunnengen déi an d’Locatioun ginn, wéi och fir Wunnengen déi un jonk Stéit verkaf ginn.
  • Mir sti fir d’friddlech Zesummeliewe vun allen Awunner, egal vu wou sie hierkommen. Solidaritéit a géigesäiteg Ënnerstëtzung sinn déi Wäerter op deene mir bauen.
  • Mir wäerte weiderhin d’Sécherheet vun den Awunner garantéieren a wëllen eng biergerno Police an effikass Pompjeeën.
  • D’Veräinsliewen ass zu Nidderaanwen ganz gutt ausgebaut. All déi Léit déi sech an hirer Fräizäit fir déi aner asetze wäerte mir och weiderhin ënnerstëtzen.
  • Mir sti fir eng lieweg Kultur a wëllen d’Kulturangebot an der Gemeng nach verstäerken.
  • Mat eis gëtt souwuel de Kompetitiounssport ewéi och de Breedesport ënnerstëtzt.

De komplette Wahlprogramm fannt Dir hei: Wahlprogramm LSAP-Nidderaanwen 2017 (également en français / also in English)