zuwanderungsgesetz

An senger Sëtzung vum Donneschden, 10. Dezember 2015 huet d’Chamber dat neit Gesetz iwwert d’Asylprozedur gestëmmt. Rapporter a Spriecher fir d’LSAP war de Marc Angel.

 

Mat dësem Gesetz gëtt eng EU-Direktiv ëmgesat bei där et souwuel em den Accès zur Asylprozedur, d’Garantien, déi en Demandeur an der Prozedur kritt, d’Regelen iwwert d’Interviewen, déi mat den Demandeure gefouert ginn, d’Aide judiciaire, ob déi si kennen zréckgräifen, wéi och em d’Recevabilitéit vun den Demanden, de Konzept vun de Pays sûrs, d’Procédure accélérée, an d’Rétention.

 

Generell bréngt dat neit Gesetz Verbesserunge mat sech, well eenzel Garantien fir Asylbewerber verbessert ginn a virun allem eng Rei vun Aspekter preziséiert ginn.

Sou gëtt zum Beispill d’Dauer vun der Procédure administrative am Prinzip op sechs Méint begrenzt. Enner bestëmmte Bedingungen kann dësen Délai verlängert ginn, et däerf awer op kee Fall méi laang wéi 21 Méint daueren.

Da gëtt d’Formatioun vum Personal, dat d’Demanden traitéiert am Gesetz verankert. Et gëtt preziséiert, wéi Leit, déi besonnesch Hëllefe brauchen, zum Beispill well se en Handicap hunn oder traumatiséiert sinn, am Ufank vun der Prozedur identifizéiert an ënnerstëtzt ginn.

Dat gelt zum Beispill och fir den Examen médical fir Affer vu Folter.

 

Méi Präzisiounen gëtt et och zum Ëmgang mat Mineuren a virun allem mat Mineurs non-accompagnés.

Hei dem Marc Angel seng integral Ried als Rapporter an déi als LSAP-Spriecher fir nozeliesen (woubäi dat geschwatent Wuert zielt).

 

 


 

 

PL 6779 – Ried Rapporter

 

Här President,

Dir Damen an Dir Hären,

 

Den 19. Februar vun desem Joer huet de Minister fir Immigratioun an Asil dese Projet de loi deposéiert. E Mount méi spéit huet hien eis de Projet de loi virgestalt a bei ser selwechter Sitzung sin ech als Rapporteur genannt gin.

D’Regierung huet den 18. Mee en Amendement nogereecht.

De Staatsrot huet säin Avis de 17. Juli ofgin.

 

Et sin och eng Rei Avisen agang vun Organisatiounen, déi e speziellen Interessi un desem Projet de loi hunn : dat waren de Collectif Réfugiés Luxembourg d’Commission consultative des Droits de l’homme, d’Commission nationale pour la protection des données an den Haut Commissariat des Nations Unies pour les réfugiés.

 

D’Chamberkommissioun huet sech an insegsamt 8 Sëtzungen mam Projet de loi befasst. Den 2. Oktober hate mir eng Commission jointe zesumme mat der Familljen- an Integratiounskommissioun, wou mer Vertrieder vum Collectif Réfugiés Luxembourg gehéiert hun.

 

No enger detailléierter Analyse vum Projet huet d’Commissioun an senger Sëtzung vum 20. Oktober eng Rei Amendementer proposéiert, déi de 24. November vum Staatsrot aviséiert gi sin. Desen Avis complémentaire huet d’Commissioun den 2. Dezember gekuckt a schliesslech de 7. Dezember de Rapport ugeholl.

 

Loost mech et direkt am Ufank soen: Et geet bei desem Projet de loi em d’Emsetzung vun der EU-Direktive 2013/32/ iwwert d’Asilprozedur a mir sin domat a Verspéidung. D’Frist as den 20. Juli ofgelaf. Déi eenzeg Méiglechkeet fir d’Commissioun, fir desen Délai zumindest bal anzehalen, wir gewiecht, fir de Projet quasi ouni Diskussioun unzehuelen, vu dass mir den Avis vum Staatrot réischt de 17. Juli virleien haten. Ech sin trotzdem frou, dass mir bei sou engem wichtege Projet näischt iwwert de Knéi gebrach hun an eis déi néideg Zäit geholl hun, fir déi verschidden Aspekter vun der Asilprozedur genau kennen ze kucken a mat Leit vum Terrain kennen ze diskutéieren.

 

Kuerze Resumé

 

Iert ech zu deenen eenzelne Punkte kommen, iwwert déi mir an der Kommissioun méi lang geschwat hunn, wéilt ech de Projet kuerz resuméieren, an an e Kontext setzen.

Wéi scho gesot setze mer mat desem Text d’Direktive 2013/32/UE iwwert d’Asilprozedur em. Dat gemeinsamt Asilrecht an der EU get vun engem Paquet vun Direktiven a Reglementer definéiert, et geet hei also nemmen em en Deelaspekt vum Asilrecht. En anere wichtegen Deel ass den Accueil vu Flüchtlingen, deen iwwert d’Directive 2013/33/UE geregelt get, a wou mer d’nächst Woch wärten den Debat an der Chamber iwwert de Projet de loi  féieren, deen des Direktive emsetzt.

 

Ech erwähnen dat hei aus zwee Grënn. De Projet de loi 6779 abrogéiert dat aktuellt Asilgesetz, vun deem de Règlement Grand-Ducal vum 8. Juni 2012 iwwert d’aide sociale fir d’demandeurs de protection internationale ofhängt. D’Dispositiounen aus desem Reglement fannen sech zum Deel am Projet de loi erem, iwwert dee mir déi nächst Woch wärten ofstëmmen. Och wann et leider net méiglech war, déi zwee Gesetzer zäitgläich ze stemmen, sou missten se awer gläichzäiteg a Kraft trieden.

 

Den anere Grond, firwat ech d’Direktive Accueil hei kurz erwähnen, ass de Fait, dass eenzel Dispositionen aus der Direktive an desem Projet de loi emgesat gin. D’Regierung huet decidéiert d’Asilgesetz vun 2006 ze abrogéieren an duerch en neien Text ze ersetzen, am Intérêt vun enger besserer Lisibilitéit. Ganz Deeler vun dem bestehenden Gesetz sin awer an deen neien Text iwwerholl, sou dass net ausschliesslech Aspekter do traitéiert gin, déi aus der Direktive zur Asilprozedur stamen.

 

Et geet an desem Gesetzprojet also souwuel em den Accès zur Asilprozedur, d’Garantien, déi en Demandeur an der Prozedur kritt, d’Regelen iwwert d’Interviewen, déi mat den Demandeure gefouert gin, d’aide judiciaire, ob déi si kennen zréckgräifen, wéi och em d’Recevabilitéit vun den Demanden, de Konzept vun de Pays sûrs, d’Procédure accélérée, an d’Rétention.

 

Generell kann ee feststellen, dass dese Projet de loi Verbesserunge mat sech brengt, well eenzel Garantien fir Asilbewerber verbessert gin a virun allem eng Rei vun Aspekter preziséiert gin. Sou get zum Beispill d’Dauer vun der Procédure administrative am Prinzip op sechs Méint begrenzt. Enner bestemmte Bedingungen kann desen Délai verlängert gin, et därf awer op kee Fall méi lang wéi 21 Méint daueren. Da get d’Formatioun vum Personal, dat d’Demanden traitéiert am Gesetz verankert. Et get preziséiert, wéi Leit, déi besonnesch Hëllefe brauchen, zum Beispill well se en Handicap hun oder traumatiséiert sin, am Ufank vun der Prozedur identifizéiert an ennerstetzt gin. Dat gelt zum Beispill och fir den Examen médical fir Affer vu Folter.

 

Méi Prezisiounen get et och zum Emgang man Mineuren a virun allem mat Mineurs non-accompagnés.

 

Schwachstellen vum Dossier

 

Trotz alle Fortschrëtter muss een awer soen, dass de Kontext, an deem d’Direktiven vun 2013 ausgeschafft goufen, net dee war, dee mer haut kennen. Et wärt dofir wuel net fir d’Lescht sin, dass mir eis hei an der Chamber mam Thema vum Asil beschäftegen, well de ganze Paquet Asile vun der EU Schwachstellen huet, déi aktuell ganz offensichtlech sin. Och wann dat elo d’Asilprozedur an sech manner betrefft, sou muss een sech dach bewosst sin, dass et hei em en Harmoniséierungsprozess geet, deen net ofgeschloss ass. Dofir ass et emsou méi wichteg, dass zumindest all Länner déi Bestëmmungen, déi virleien, ouni grouss Ofweichungen iwwerhuelen. D’Kommissioun huet dofir d’Approche vun der Regierung fir eng 1:1 Emsetzung vun der Direktive respektéiert.

 

Grad am aktuelle Kontext muss een sech iwwerdeem bewosst sin, dass eng gemeinsam Asilpolitik de Corollaire vum Ofschaafe vun de Bannegrenzen am Schengeraum sin. En Iwwerbléck iwwert d’Evolutioun vun deser Politik fand Dir a mengem schreftleche Rapport.

 

Wat den Detail vum Projet de loi ugeet, sou hun souwuel de Staatsrot wéi och déi aner Acteuren sech an hieren Avisen virun allem op eenzel Artikelen bezunn a wéineg allgemeng Remarquen gemach, sou dass ech e puer vun desen Elementer hei well erfirhiewen.

 

Als éischt emol zur Art, wéi d’Demande gestalt get. Hei definéiert d’Directive dräi Etappen: D’Presentatioun vun der Demande, den Enregistrement, deen je no Situatioun 3 oder 6 Deeg Zäit kann huelen, an am Fall vun engem Afflux massif op 10 Deeg kann ausgedehnt gin, a schliesslech déi schrëftlech Introductioun vun der Demande. De Staatsrot an de Collectif Réfugiés weisen drop hin, dass de Réfugié sech innerhalb vun der Zäit an enger onsecherer juristescher Situatioun befend, mä de Staatsrot ennersträicht awer och, dass dat exakt esou aus der Direktive iwwerholl ass. D’Kommissioun proposéiert, des Bestëmmungenoch esou bäizebehalen.

 

E positive Punkt an dem neie Gesetz as d’Formatioun fir d’Mataarbechter vum Ministère. De Collectif Réfugiés hat gefrot, fir d’ Iwwersetzer och an des Formatiounen ze schecken. Engersäits as dat vun der Direktive net virgesin, an anerersäits get den Entretien vu forméierte Leit gehalen, sou dass et de Kommissiounsmemberen net néideg geschengt huet, d’Iwwersetzer an déi selwecht Formatiounen ze schecken. Vu dass de Ministère mat den Iwwersetzer eng Konventioun ofschléisst, déi enner anerem en Deontologiecode an eng Clause de Confidentialité enthält, ass d’Qualitéit vun der Aarbecht vun dese Leit och kontrolléiert.

 

De Projet de loi geet ausserdem méi genau op d’Situatioun vu Mineuren an. Hei goufen dräi verschidden Aspekter diskutéiert. Zum engen goung et em d’Mineurs non-accompagnés, déi mat desem Projet de loi en administrateur ad hoc zur Säit gestalt kréien. Dese Begreff huet verschiddenen Avisen no fir e besse Confusioun gesuergt. Et handelt sech hei em en Afekot, deen dem Jugendlechen zur Säit gestalt get, fir him bei der Prozedur ze hëllefen. Dat bedeit net, dass dee Mineur net och en Tuteur ka kréien, deen him hëlleft, Sachen ze regelen, déi näischt mat der Asilprozedur ze din hun, just dass an desem Gesetz näischt iwwdert d’Tutelle vun de Mineure steet, well dat net direkt mat der Asilprozedur ze din huet.

 

Mannerjähreger

 

Eng aner Demande, déi un d’Kommissioun gestalt gouf, war et fir Mannerjähreger, och déi, déi mat hieren Elteren hei sin, generell an der Asilprozedur ze héieren.

 

D’Kommissioun huet der Demande net nogin. Den Droit commun gesäit vir, dass entspriechend dem intérêt supérieur de l’enfant Mannerjähreger emmer gehéiert kenne gin, an dat gelt och fir Mannerjähreger an der Asilprozedur. Et wir eiser Meenung no awer net am Intérêt vun de Kanner, fir si systematesch ze befroen a wann si zum Beispill missten Aussoen machen iwwert d’Grenn, virwat si aus hierem Heemechtsland fortgange sin. Et misst een bei sou enger Bestëmmung souwisou als éischt klären, ab wann des Kanner déi néideg Maturitéit fir sou en Interview hun.

 

Beim Drëtte Punkt, deen Mannerjähreger betrefft, geet et eng Dispositioun vum Artikel 22, dee virgesäit, dass d’Rétention vu Mineurs non accompagnés enner exceptionelle Bedingunge méiglech ass, wann et keng bessser Léisung get, an dass des Mesure sou kuerz wéi méiglech soll sin. Hei hun d’Avisen zum Deel insistéiert fir d’Rétention vu Mineuren ganz ze verbidden. Den Staatsrot hat proposéiert, den Délai, wou Mineurs non accompagnés a rétention kenne gesat gin, ob 72 Stonnen ze begrenzen.

 

Hei krut d’Kommissioun eng Rei Explicatiounen, déi si iwwerzeecht hun, fir beim initialen Text ze bleiwen. An desem Text steet dass Mannerjähreger just « à titre de mesure de dernier ressort » kennen en rétention gesat gin. Bei Mineurs non accompagnés kann dat just ganz exceptionnel geschéihen. Déi Plaz, wou se hikomme muss appropriéiert sin an den intérêt supérieur de l’enfant muss berücksichtegt gin. Dat bedeit also, dass si net automatesch an de Centre de rétention kommen, och wann hei den Terme Rétention benotzt get. Dat kann och e Placement an engem Foyer oder a soss enger Struktur sin, déi fir Kanner geegent ass. Déi Dispositioun baut am Fong vir, falls et an Zukunft eng spezialiséiert Struktur fir Jugendlecher get. Et geet hei och net em Mannerjähreger, déi déboutéiert wären, mä  et geet em Fäll, wou e Mineur non-accompagné hei eng Demande op Asil stellt an erauskennt, dass seng Elteren schon an engem aneren EU-Memberstaat eng Demande lafen hun, da get hien am Kader vun Dublin III un dat Land iwwerstalt a mat senger Famill zesummebruecht. Falls Fluchtgefohr besteet, muss eng Rétentioun a sou Fäll méiglech sin, allerdéngs kann dat méi lang wéi 72 Stonnen daueren.

 

Den Artikel 22, deen eng Rei Bestëmmungen zur Rétention am Kader vun der Asilprozedur enthält, huet och nach eng aner Diskussioun ugestouss. Enner anerem ass viergesin, dass muss gekuckt gin, ob et net Alternativen zur Rétention get, déi manner Aschränkunge fir de Betraffene mat sech brengen. Sou kann et duergoen, dass dee Betraffenen säi Pass muss ofgin an sech regelméisseg bei den Autoritéite muss mellen. Et kann och eng finanziell Garantie hannerluecht gin, fir d’Fluchtgefohr ze reduzéieren.

 

Méiglech ass no dese Bestëmmungen awer och eng Assignation à domicile, déi éventuell verbonnen ass mat enger survéillance électronique, dat heescht mat der Verpflichtung, fir en électronesche Bracelet ze droen. De Staatsrot hat hei Bedenken, well am Text festgehale get, dass d’technesch Gestioun vun esou engem System an de Contrôle à Distande un eng Personne de droit privé kennen iwwerdroe gin. De Staatsrot war der Meenung, dass dat e starken Agreff an d’Privatliewe wir an dass zumindest de Contrôle ausschliesslech vu staatlechen Autoritéite dierft gemach gin. D’Kommissiounsmemberen hun sech erkläre gelooss, dass bei sou engem System net all Bewegung vun dem betraffenen iwwerwacht get, mä dass just en Alarm ausgeléist get, wann déi Persoun en virdefinéierte Perimeter iwwerschreit. Den Agreff an d’Privatliewen as domat manner grouss, wéi de Placement an e Centre de Rétention.

E weidere Sujet war den Dateschutz. Am initialen Text war en Artikel dozou virgesin. De Staatsrot hat recommandéiert, fir deen Artikel ze sträichen, well dat allgemengt Gesetz vun 2. August 2002 iwwert den Schutz vu perséinlechen Donnéen genuch Garantien get, déi och am Fall vun der Asilprozedur gräifen.

 

Déi national Kommissioun fir den Dateschutz war grondsätzlech mat deser Approche d’accord, huet awer eng Rei Bedenken an hierem Avis zum Ausdrock bruecht, déi no Explicatiounen vum Ministère awer konnten aus der Welt geschaft gin. D’Kommissioun proposéiert deemno, den Artikel 80 aus dem initialen Text ze sträichen.

Kritesch diskutéiert gouf och d’Fro vun de Pays sûrs a vun der Procédure accélérée. Dozou muss ee kloer soen, dass och an enger Procédure accélérée den demandeur individuell gelauschtert an säin Dossier gewëssenhaft gepréift get. Et as also net esou, dass een d’office ofgewise géif gin, wann een aus engem sou genannte „sechere Land” kennt. Et get duerchaus berücksichtegt, dass eng eenzel Persoun ka verfollegt gin an engem Land, dat generell e fonctionnéierende Rechtsstaat huet an demokratesch Prinzipien respektéiert. Gläichzäiteg solle Prozeduren awer méi schnell kennen duerchgefouert gin, wa schnell ersichtlech ass, dass den Demandeur d’Critère net erfellt fir eng Protection internationale ze kréien. Den Demandeur kann emmer nach Recours machen géint d’Decisioun fir eng Procédure accélérée ze lancéieren, allerdengs get och hei schnell decidéiert, ob des Decisioun gerechtfertegt war oder net.

 

No engem Echange mam Justizminister huet d’Kommissioun zu desem Punkt en Amendement virgeschloen, fir verschidde Recoursen ze bündelen an e recours en réformation virzegesin, wou bis elo e recours en annulation virgesi war. E juge unique décidéiert dann am Prinzip innerhalb vun engem Mount doriwwer, ob d’Procédure accéléré ze Recht ugewand get oder net. Och wann desen Délai an de Summerméint ka méi lang sin, get mat desem Amendement d’Prozedur dach beschleunegt.

 

D’Kommissioun hat nach zwee weider Amendementer proposéiert, déi vum Staatsrot ouni weider Remarque ugeholl goufen a wou et drem geet, dese Projet de loi en phase ze setzen mat Verännerungen am Gesetz vum 19. Juni 2013 iwwert d’Identification des Personnes physiques, déi demnächst wärten a Kraft trieden. Et handelt sech dobäi em eng simplification administrative, wou an Zukunft drop verzicht get, dass d’Gemengen all Mount musse bestätegen, dass en Demandeur de Protection internationale bei hinnen ugemellt ass, fir dass dem seng Attestatioun ka verlängert gin.

 

Ech well awer och nach op en Amendement gouvernemental verweisen, deen den 18. Mee vun der Regierung gemach gouf. Ech setzen dat un de Schluss vun menger Presentatioun, well et hei net méi direkt em d’Asilprozedur geet, mä em eng Regularisatioun fir Leit, deenen hier Demande ofgelehnt gouf an déi eigentlech missten an hiert Heemechtsland zréckgoen. D’Regierung proposéiert do fir enner bestëmmte Bedingungen eng Ausnahm ze machen fir Leit, deenen hier mannerjähreg Kanner zanter mindestens véier Joer hei an d’Schoul gange sin. Et geet hei drem, den Intérêt vun de Kanner ze berücksichtegen, déi no deser Zäit sech hei integréiert hun a wou et besonnesch hart wir, fir se fortzeschecken. D’Eltere vun dese Kanner mussen enner anerem noweisen, dass se fir hier Famill kenne suergen an deemno net vu Sozialhëllef ofhängeg sin. Op des manéier Regulariséiert gin kennen awer och jonk Erwuessener, déi zum Zäitpunkt vun der Demande manner wéi 21 Joer al waren, mindestens 4 Joer hei an d’Schoul gang sin, hier Schoul erfollegräich ofgeschloss hun a finanziell fir sech selwer suerge kennen.

 

Eng ähnlech Form vu Regulariséierung ass et scho fréiher gin, si gouf allerdengs ageschränkt am Kader vun neie mesuren fir Employeuren ze découragéieren, fir Leit anzestellen, déi keng régulär Openthaltsgenehmegung hun. Den Détail dovunner kennt dir an den Explicatiounen zu dem Amendement noliesen.

Ech soen iech merci fir d’Nolauschteren

 

 


 

 

Ried LSAP-Spriecher

 

Här President,

Dir Damen an dir Hären,

 

A mengem Rapport hunn ech virun allem iwwert déi nei legal Basis fir eis Asilprozedur geschwat. Am Numm vun der LSAP wéilt ech lo e puer Wuert zur Praxis hei zu Lëtzebuerg soen. Ech well betounen, dass och bis elo vun allen Acteure grouss Efforte gemach goufen, fir dass déi Prozedur engersäits human, an anerersäits schnell virugeet.

All Demande fir Asil gouf a get och weiderhin eenzel gekuckt, déi Leit gin individuell gehéiert an net opgrond vun enger pauschaler Aschätzung als Réfugié unerkannt oder ofgelehnt. Dat ass e wichtege Prinzip, deen och am Kader vun engem méi starken Afflux, wéi mer en am Moment hun, muss gellen.

 

Et ass och bis elo gelongen, dass den éischten Deel vun der procédure administrative an deene meeschte Fäll net ze lang dauert.  D’Regierung huet deemno och decidéiert, den neien Délai vun am Prinzip sechs Méint direkt an dat Gesetz, wat mer haut stëmmen, ze iwwerhuelen, och wann d’Direktive d’Optioun gelooss huet, fir dat zu engem spéideren Zäitpunkt ze machen. Et bleiwt awer, dass den Délai vu sechs Méint enner bestëmmte Conditioune ka verlängert gin, an zwar maximal op 21 Méint.

 

Fir dass mer och an Zukunft e gudden Accueil a raisonabel Délaien kenne fir des Prozedur garantéieren, mussen déi betraffe Servicer onbedengt zousätzlech Moyense kréien. D’LSAP-Fraktioun begréisst dofir d’Decisioun vun der Regierung, fir hei  méi Leit anzestellen. Domat eleng ass et awer net gedoen. Den Emgang mat Demandeurs de protection internationale, déi zum Deel traumatiséiert an/oder verzweifelt sinn, denen hiert Liewen eventuell ofhängt vum Ausgang vun hirer Prozedur an déi sech an engem ganz frieme Kontext eremfannen, ass oft net einfach a verlangt vill Fangerspëtzegefill.

D’Formatioun vun deene Leit, déi am direkte Kontakt mat de Flüchtlinge sin, respektiv, déi des Demanden traitéieren, ass dofir ganz wichteg. Mir begréissen et, dass dese Volet an dem neie Gesetz fest verankert get.

Doriwwer eraus sollte mer eis awer och d’Moyense gin, de Mataarbechter déi néideg Ennerstëtzung ze gin, wann se mat schwieregen a belaaschtende Situatioune konfrontéiert gin. All Dag Interviewen mat Leit ze machen, déi sech existentiell an enger ganz prekärer Situatioun befannen, schengt mer eng Aarbecht ze sin, déi een net onbedengt 40 Joer lang bis zur Pensioun ka machen. Et sollt do menger Meenung no eng gewesse Flexibilitéit gin, wann ee vun hinnen wéilt en interne Changement machen.

 

Selwëcht Behandlung

 

Positiv un dem neie Gesetz ass och, dass doranner verschiden Elementer preziséiert gin, déi wuel an der Praxis scho berücksichtegt goufen, mä iwwert d’Direktive vun 2013 elo an der ganzer EU d’selwecht behandelt gin. Ech denken do besonnesch un den Emgang mat Leit, déi besonnesch vulnérabel sin an am Kader vun der Prozedur eng speziell Ennerstëtzung brauchen. Dat kenne Leit mat engem Handicap oder enger Krankheet sin, oder Leit déi gefoltert goufen oder soss traumatiséiert sin. Méi prezis geregelt get zudem den Emgang mat Mannerjähregen Demandeurs de protection internationale, a speziell vu Mineurs non-accompagnés, sou wéi ech dat vierdrun a mengem Rapport erklärt hun.

 

Verännerunge get et awer och bei der procédure accélérée. Ech well net widerhuelen, wat ech virdru schon als Rapporteur gesot hun, mä de Prinzip ass awer richteg, dass een an enger Procédure accélérée trotzdem eenzel évaluéiert get obgrond vun der perséinlecher Situatioun. Wann des Evaluatioun awer erget, dass dee Betraffenen d’Bedingungen fir de Statut vum Réfugié oder zumindest eng protection subsidiaire ze kréien net erfëllt, da soll des Prozedur och schnell kennen ofgeschloss gin. Mir solle Leit, déi de Statut net kenne kréien, net encouragéieren, fir mat langwierege Recoursen de Moment vum Retour iwwer Méint, wann net iwwer Joeren kennen erauszeschieben.

Déi enorm opwändeg Asilprozedure machen nemmen da Senn, wann déi Leit, déi net d’Conditiounen erfëllen, och kennen zreck an hier Heemechtslänner gescheckt gin. Zu enger crédibler Asilpolitik gehéiert deemno och eng konsequent Politik vum Retour.

 

Dobäi ass et ganz kloer, dass de Retour volontaire dem Retour forcé virzezéihen ass. Am Joer 2014 waren emmerhin 488 vu 641 Retoure volontaire. Mir mussen dofir och beim retour forcé konsequent sin, well et kann net sin, dass déi, déi fräiwelleg gin, herno déi domm sin, an déi, déi sech weigere, belount gin, andeem se awer kenne bleiwen. Mir machen zwar eng Ausnahm fir Leit, déi de Refugiésstatut net kenne kréien, mä deenen hier Kanner zanter mindestens véier Joer hei zu Lëtzebuerg an d’Schoul gin. Dat ass eng speziell Situatioun, wou Famillje mat Kanner schon lang hei sin, an d’Kanner sech hei schon integréiert hun, dass et besonnesch hart ass, fir déi an hiert Heemechtland zréckzeschecken. Des Ausnahm ass och u weider Bedingungen gekoppelt, sou dass des regularisatioun nemme vu Leit ka genotzt gin, déi däitlech Integratiounsefforte gemach hun an déi och an der Lag sin, finanziell fir hier Famill opzekommen. Dat selwecht gelt fir Jonker, déi am Laf vun der Asilprozedur Groussjähreg gi sin, hei no enger Scolarisatioun vu mindestens véier Joer hier Schoul ofgeschloss hun an eng Aarbecht fond hun.

 

Fräiwëllege Retour

 

Ob eng Politik vum Fräiwëllege Retour sech emsetze léist, hängt natierlech och dovun of, wou en déboutéierten Demandeur hierkennt an ob säin Heemechtsland hien erem zréckhëllt. Een dee weess, dass en net zréckgescheckt ka gin, huet och kee Grond, fir engem Retour volontaire zouzestëmmen. Mir brauchen dofir verstärkten Efforten am Beräich vun der Politique de réadmission.

 

D’LSAP begréisst dofir d’Iddi, fir en europäeschen „bureau retour” ze schaafen, dee bei Frontex integréiert get. Och d’Securiséierung vun den EU-Aussegrenzen kann nemmen um EU-Niveau geléist gin a mir ennerstëtzen all Efforten, fir dass dat esou efficace ewéi méiglech kann emgesat gin.

 

Wéi vill aner Aspekter vum Asilrecht kenne mer am Fall vun der Réadmission nemmen gemeinsam um Niveau vun der EU Fortschrëtter erzielen. Mä dat gellt ganz allgemeng fir d’Asilpolitik. Des beschränkt sech jo och net op d’Asilprozeduren, mä déi ennerschiddlech Regelunge bilden e Ganzt. Dozou gehéiert enner anerem den Accueil, iwwer dee mir déi nächst Woch hei an der Plenière wärten debattéieren.

 

Mir gesi grad am Moment ganz däitlech, wéivill Problemer et mecht, dass mer an der EU keng einheitlech Virgehensweis hun. An do muss een och zouginn, dass des Problemer trotz de gemeinsamen Direktiven vun 2013 an deenen aneren gemeinsamen Bestëmmungen net geléist sin. Dat heescht awer net, dass mer rem probéiere sollten, alles Nationalstaatlech ze léisen. Mir brauchen an desem Beräich méi EU an net manner EU.

 

Wa Lëtzebuerg elo mol d’Richtline vun 2013 emsetzt, ass dat e klengen, awer noutwendege Schrëtt zu enger Harmoniséierung vum Asilrecht. D’LSAP begréisst et dofir och, dass d’Regierung drop bestan huet, d’Direktive 1:1 emzesetzen.  Mir brauchen an alle Länner déi seclwecht Standarden, fir net zousätzlech de sou genannten Asil-Shopping unzedreiwen.

 

Wat fir eng Problemer mussen an Zukunft besser geléist gin? Do ass als éischt emol de Fait, dass EU-Länner mat enger Baussegrenz vill méi stark betraff sinn, wann et e massiven Afflux vu Flüchtlinge get. Dublin III huet de grousse Virdeel, dass kloer geregelt ass, wat fir en EU-Land responsabel as fir Demandeurs de Protection d’Asile ze enregistréieren an d’Asilprozedur duerchzeféieren. Gläichzäiteg féiert des Regelung zu enger ongerechter Belaaschtung vun eenzelne Länner.

 

De Schengeraum kann awer nemmen fonctionnéieren, wa mir fäheg sin, un den Aussegrenzen d’Arees vun Drëttstaatler ze kontrolléieren, an am Fall vun den Demandeurs de Protection internationale des och direkt ze enregistréieren.

Amplaz den Prinzip vun Dublin a Fro ze stellen, brauche mir eng Léisung, wou d’Solidaritéit vun allen EU-Memberstaate spillt. Am Usaz get dat wuel am Moment gemach, och wann eenzel Länner versichen, sech virun hirer Verantwortung ze drecken an déi praktesch Emsetzung vun Decisiounen, déi scho getraff goufen, net sou fonctionnéiert, wéi een sech dat wensche kéint.

 

D’Ariichten vun sou genannten Hotspots ass e wichtegt Element vun deser Politik. Wann des Hotspots esou fonctionnéieren, wéi se sollen, da get et fir déi betraffe Länner keng Excuse, fir Migranten onregistréiert eranzeloossen an hinnen ze hellefen, fir méiglechst schnell iwwert déi nächst EU-Bannegrenz ze kommen. Et kann een sou Reaktiounen an engem Moment vu kompletter Iwwerlaaschtung verstoen, mä et muss elo Schluss sin mat enger „Waving through” Approche, déi méi Problemer schaft, wéi se der léist.

 

An engem zweete Schrëtt muss d’Verdeelung vun Demandeurs iwwert e Quotesystem reell emgesat gin. Dat geet nach vill ze lues. Et ass bedauerlech, dass d’Slowakei an Ungarn géint des Decisioun virum europäesche Geriichtshaff kloe wellen, an ech hoffen, dass si domat net duerchkommen, well ouni Quoten wärt et schwiereg gin, eng gerecht Verdeelung vun de Laaschten ze machen, déi et erméigleche soll, dass jidereen, deen Asil freet, eng fair Prozedur duerchleeft.

 

Da bleiwt en drëtte Problem: an zwar deen, dass d’Flüchtlingen kloer Preferenzen hun, wou se an der EU wellen hin. Oft weigeren si sech, fir eng Demande de protection internationale ze stellen an deem Land, wou se ukommen, well se eigentlech an en anert Land wellen. Meeschtens ass dat Däitschland oder och Schweden, Länner, wou sech d’Migranten déi beschten Chancen ausrechnen, fir en neit Liewen unzefänken.

 

Dat geet net. E Refugié kann sech net eraussichen, a wat fir engem Land vun der EU hien Schutz kritt. Et gi jo am Géigesaz zur normaler Immigratiounspolitik keng weider Conditioune gestalt, wéi déi, dass de Refugié vu Verfollegung Schutz sicht, an dee Schutz kritt en iwwerall an der EU. E kann sech net eraussichen, dee Schutz an dem Land unzefroen, wou d’Sozialleeschtungen am beschte sinn.

 

Dat ass e Recht, wat EU-Bierger net hunn. Fir si gelt d’Niderloossungsfräiheet nemmen dann, wann si noweise kennen, dass si fir sech selwer an hir Famill opkomme kennen. Wa mer de selwechte Prinzip wellen op Flüchtlingen uwenden, da stellt sech d’Fro, ob een net nemme Quote misst hun fir Demandeuren, mä och fir Flüchtlingen wa se de Statut bis kritt hun, well dat den Ureiz fir onbedengt wellen an engem anere Land enregistréiert ze gin, géif ewechhuelen.

Mir kennen eis Asilpolitik sou vill harmoniséieren, wéi mer wëllen, mä wann et dobäi bleiwt, dass de Réfugié an deem Land Recht op Sozialhëllef huet, an deem en no der Prozedur unerkannt gouf, bleiwt et och esou, dass Refugiéen mat alle Mëttelen wärte probéieren, an déi generéiste Länner anzewanderen.

 

Mir brauchen also eng Bestandsopnahm vun Dublin, a strukturell Reformen um EU-Niveau, déi et eis erlaben, Problemer mat deene mer am Moment konfrontéiert sin, ze léisen.

 

Bis mer e System en Place hun an der EU, deen fonctionnéiert, muss all Land Léisunge fannen, fir déi Problemer, déi sech vun Dag zu Dag stellen. Do läit et bei eis, dofir ze suergen, dass déi Léisungen human sin an dass net Refugiéen d’Konsequenze mussen droen, vun engem System, deen net ganz kohärent ass.