Neit Agrargesetz: „Den néidege Réckhalt fir Baueren, Gäertner a Wënzer“

En Donneschden, den 13. Mee 2016 huet d’Chamber dat neit Agrargesetz gestëmmt. Dëst Gesetz war mat Ongedold vun den Acteuren aus der Landwirtschaft erwaart ginn, wëll heimatter de Kader fir d’Subventioune fir d’Period vun 2014 bis 2020 gesat gëtt an esou säit Enn 2014 fir d’éischt erëm Hëllefen ausbezuelt kënne ginn.