Neit Agrargesetz: „Den néidege Réckhalt fir Baueren, Gäertner a Wënzer“

En Donneschden, den 13. Mee 2016 huet d’Chamber dat neit Agrargesetz gestëmmt. Dëst Gesetz war mat Ongedold vun den Acteuren aus der Landwirtschaft erwaart ginn, wëll heimatter de Kader fir d’Subventioune fir d’Period vun 2014 bis 2020 gesat gëtt an esou säit Enn 2014 fir d’éischt erëm Hëllefen ausbezuelt kënne ginn.

Fränk Arndt_rs

De Fränk Arndt huet a senger Ried erkläert, dass an den Ae vu der LSAP dat neit Agrargesetz ausgeglach wier an de Baueren, Gäertner a Wënzer den néidege Réckhalt fir déi nächst Joere gëtt. Allerdéngs kéint dëst Gesetz awer net all Problemer léisen z.B. de Problem vum Mëllech-Präis, huet den LSAP-Politiker sech och kritesch gewisen. Dofir missten och iwwert dat Gesetz eraus Efforte gemaach ginn. Dat wichtegst heibäi wier e gudde, permanenten Echange mat der Politik, fir dass punktuell Problemer gemeinsam kéinte geléist ginn.

Tess Burton_rs

D’Tess Burton ass duerno méi speziell op de Wäibau agaangen. D’LSAP-Ost-Deputéiert huet ënnerstrach, dass dat neit Agrargesetz fir d’Wënzer keng Verschlechterung duerstellt. Au contraire, géif et d’Wënzer weiderhin bäi hirer Aarbecht ënnerstëtzen a souguer d’Aarbecht fir d’Wënzer verbesseren fir weider qualitativ héichwäerteg Wäiner kënnen ze produzéieren. Dëst neit Agrargesetz géif ausserdeem nach méi Wäert op d’Vermaartung vun de Wäiner leeën.

Hei dem Fränk Arndt an dem Tess Burton hir respektiv Rieden fir nozeliesen an am Video fir nozekucken an nozelauschteren.

PL6857_ Ried Fränk Arndt

PL 6857 Ried Tess Burton

Facebook
Twitter