Nei Konventioune mat de Kierchen: “E weidere Punkt vum LSAP-Wahlprogramm ass ëmgesat!”

Nodeems am Februar dëst Joer dat neit Gesetz zur Finanzéierung vun de Kierchefabricken ugeholl an déi lescht Woch d’Aféierung vun engem neutrale Wäerterunterrecht am Secondaire gesetzlech beschloss gouf, huet d’Chamber haut e weidere Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierch a Staat gemaach.

D’Deputéiert hunn an hirer Sëtzung vun haut d’Neiregelung vun de Konventiounen tëscht dem Staat an de Glawensgemeinschafte gutt geheescht. E weidere Punkt vum LSAP-Wahlprogramm ass domadder ëmgesat.

Zukünfteg kréien déi betraffe Reliounsgemeinschaften – d’kathoulesch, d’protestantesch, di anglikanesch an di orthodox Kierch, genau ewéi di jiddesch an di moslemesch Gemeinschaft –, ofhängeg vun der Zuel vun hire Memberen, eng gewëssen Zomme pro Joer. Anescht wéi elo, ginn zukünfteg e.a. d’Peien net méi explizit vum Staat iwwerholl. Duerch dës Neiregelung ginn déi staatlech Subventioune fir déi verschidde Kierchen vu 24 op 8,3 Milliounen Euro zeréck.

Den LSAP-Spriecher Alex Bodry huet a senger Interventioun ënnerstrach, dass Kierchen a Relioune Bestanddeel vun der Gesellschaft sinn, awer net en Deel vum Staat. De “fait religieux” wier eng gesellschaftlech Realitéit, déi net kéint an net dierft ignoréiert ginn, esou de sozialistesche Fraktiounschef. Et kéim een awer net derlaanscht gewësse Regelen ze fixéieren. D’kathoulesch Kierch wier zu Lëtzebuerg ni Staatskierch gewiescht, hätt awer eng ganz Rei vu Privilegie genoss. Domadder wier de Gläichheetsprinzip net respektéiert gewiescht. Mat der neier Regelung géif der Gewëssens- a Glawensfräiheet a gläichzäiteg dem Prinzip vun der Neutralitéit vu Staat a Reliounsgemeinschafte Rechnung gedroen.

“Keng radikal Trennung”

Den Alex Bodry huet awer och drop higewisen, dass d’Trennung vu Kierchen a Staat “keng radikal, keng absolut” wier a sech erfreet doriwwer gewisen, dass d’Verhandlungen am Virfeld ouni oppene Sträit ofgelaf sinn. Glawensfräiheet a Selbstbestëmmung genéissen zu Lëtzebuerg en héije Stellewäert, esou den Alex Bodry, déi nei Konventiounen wieren awer op déi Glawensgemeinschafte limitéiert, déi entspriechend enger Motioun vun der Chamber aus dem Joer 1998 vum Staat offiziell unerkannt sinn. Fir dës Unerkennung ze kréien, muss eng Glawensgemeinschaft weltwäit a mindestens och an engem EU-Land unerkannt sinn, si muss bereet sinn sech der ëffentlecher Uerdnung ze ënnerwerfen an och zu Lëtzebuerg etabléiert sinn an eng grouss a representativ Unhängerschaft zielen. An dem Sënn gëtt elo och d’musulmanesch Communautéit konventionéiert.

Alex Bodry Kongress

Déi insgesamt 6 nei Konventiounen géifen, esou den Alex Bodry weider, d’Trennung vu Kierch a Staat op eng “souple” Aart a Weis an d’Praxis ëmsetzen, och well eng staatlech Deelfinanzéierung vun den unerkannte Gemeinschaften géif weider gefouert ginn. Deemno géif d’Autonomie vun de Kierche gestäerkt. Allgemeng gekuckt, wier d’Reform eng “vernünfteg Léisung”.

“D’LSAP steet geschlossen hannert dem Accord mat de Glawensgemeinschaften a mat der Virgoensweis vun der Regierung”, sot den Alex Bodry, den ënnerstrach huet, dass zesumme mat der Ëmännerung vum Dekret iwwert d’Kierchefabricken a mat der Aféierung vum Wäerterunterrecht, déi nei Konventiounen zu 100 Prozent dem LSAP-Wahlprogramm vun 2013 entsprëcht.

Kritik huet den Alex Bodry un der CSV geübt. Mat hirer retrograder Blockade-Haltung an dësem Dossier hätt déi gréissten Oppositiounspartei sech “méi kathoulesch wéi den Äerzbëschof an de Poopst” presentéiert. Dobäi géif si sech hannert Verfassungsargumenter verstoppen, fir hir Oppositiounsstrategie ze begrënnen. Mee déi nei Regelung wier konform zu der aktueller, ewéi zu der neier Verfassung.

Déi nei Konventiounen wiere keng Revolutioun, esou den LSAP-Fraktiounschef ofschléissend. “Déi kléng Lëtzebuerger Welt gëtt net op de Kapp gestallt”, sot hien. Si wieren allerdéngs “eng weider Etapp vun enger geschichtlecher Evolutioun am Sënn vu méi Gläichheet, méi Transparenz, méi Onofhängegkeet a Onparteilechkeet vum Staat.”

Facebook
Twitter