“Nei Aarbechtsforme wärend an no der Kris” – Fräi Tribün vum Simone Asselborn-Bintz

Neiegkeeten, Tribune libre

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) beschäftegt sech d’Simone Asselborn-Bintz mat der digitaler Transitioun vun der Aarbechtswelt, déi duerch déi aktuell Kris beschleunegt gouf. D’LSAP-Deputéiert thematiséiert speziell den Télétravail an d’Froen, déi sech ronderëm dës relativ nei Aarbechtsform stellen.

Hei dem Simone Asselborn-Bintz säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

Nei Aarbechtsforme wärend an no der Kris

 

An dëser sanitärer Kris goufen an enger éischter Phase all Aktivitéiten op eng Manéier erofgefuer, wéi een sech et virdrun iwwerhaapt net hätt kenne virstellen. De “Bleift doheem” huet besonnesch d’Aarbechtswelt op d’Kopp gestalt. Do wou et nëmme méiglech war, hunn d’Leit sech am Rekordtempo ëmgestalt fir online statt am Büro ze schaffen. Den Online-Handel, Liwwerservicer a virun  allem den Télétravail hun eng ganz aner Envergure kritt. Zumindest sou laang wéi et nach keng Medikamenter an Impfunge géint de Coronavirus gëtt, wäert e gudden Deel vun deenen neie Gewunnechte mussen oprecht erhale bleiwen.

Och wann déi sanitär Kris eriwwer ass, wäerte mer wuel net méi all sou schaffe wéi virdrun. Mir hu fréier vill vun den Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung fir d’Aarbechtswelt geschwat. Dovun, dass de gesetzleche Kader muss adaptéiert ginn, fir dass de Schutz vun de Salariéen net ënnerhillecht  ënnergruewe gëtt, an dovun dass de Staat Betriber bei der Transitioun muss ënnerstëtzen. Déi sanitär Kris huet dëse Prozess enorm beschleunegt an et gëtt domat ëmsou méi wichteg, dass d’Politik proaktiv hëlleft, des Ëmstellung ze meeschteren.

Des Changementer kennen och positiv Entwécklunge mat sech bréngen, wa mer Chancë richteg notzen. Den Télétravail ass sécher een Element, wat souwuel fir deen Eenzele wéi och fir d’Gesellschaft ka Virdeeler bréngen. D’Zuel vun de Leit, déi vun doheem aus schaffen, huet sech an der Kris méi wéi verdräifacht. Mam Déconfinement wäert och des Zuel rëm erofgoen, mä mir hunn awer lo d’Erfarung gemaach, wéi vill Potential am Télétravail stécht.

Allerdéngs huet dat an der Kris just sou gutt geklappt, well jidderee bereet war, Kompromësser ze maachen, déi sou net kennen dauerhaft fonctionéieren. Dat gelt fir eis Nopeschlänner, déi temporär Ausnamen zu de Steierbestëmmunge gemaach hunn, fir Patronen, déi am Moment net insistéieren, fir genau kennen ze kontrolléieren, wéi vill Stonnen hier Mataarbechter tatsächlech schaffen oder och  fir d’Salariéen, déi zu egal wat fir engen Zäiten erreechbar sinn an hier privat Telefonen a Laptoppe benotze fir ze schaffen.

Et gëtt e gesetzleche Kader fir den Télétravail, dee vun de Sozialpartner ausgehandelt gouf. Allerdéngs léist deen eng Rei Froen op, déi musse gekläert ginn, wann den Télétravail e feste Bestanddeel vun der sou genannter “neier Normalitéit” soll ginn.

D’LSAP setzt sech dofir an, dass den Télétravail iwwert d’Kris eraus fir e groussen Deel vun de Salariéen am Déngschtleeschtungssecteur accessibel gëtt. Mir reduzéieren domat de Stroosseverkéier an déi negativ Auswierkungen op d’Ëmwelt. Fir de Salarié, dee bis elo all Dag zwou oder méi Stonnen am Stau verluer huet, bréngt et méi Liewensqualitéit. Et verbessert Méiglechkeeten, fir Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien. Salariéen, déi manner gestresst a méi motivéiert sinn, sinn och e Gewënn fir de Patron. Et ass also un der Zäit, dass Regierung a Sozialpartner sech un een Dësch setzen, fir Léisunge fir déi Problemer ze fannen, déi den Télétravail erschwéieren.

Wichteg ass fir d’LSAP awer virun allem, dass den Télétravail fräiwëlleg bleift an dass d’Rechter vun de Salariéen net verwässert ginn. Net jidderee kann sech doheem sou arrangéieren, dass et méiglech ass, ënner korrekten Aarbechtsbedingungen ze schaffen. Den Télétravail ass eng sënnvoll Léisung, wann domat souwuel dem Betrib wéi och dem Salarié seng Rechter a Bedürfnisser kenne respektéiert ginn.