Generalversammlung 26.01.2017

News

Donneschdes de 26. Januar 2017 war zu Capellen am Centre culturel d’Generalversammlung vun der LSAP Mamer. Nodeems de President, de Sekretär an den Tresorier hier jeeweileg Rapport’en presentéiert hunn an an hirer Charge confirméiert goufen, war et un der Presidentin vum LSAP-Südbezierk Simone Asselborn-Bintz fir e puer encourageant Wierder un ons Memberen ze riichten.

No der gewéinlecher Generalversammlung, war och nach eng aussergewéinlech Generalversammlung an der de Sektiounspresident Roger Negri d’Lëscht fir d’Gemengewahle vum 8. Oktober virgestallt huet. Dës Lëscht gouf unanime ugeholl.

Ier mir den Owend bei engem gemittleche Patt ausklénge gelooss hunn, ass ons Staatssekretärin Francine Closener kuerz op d’Aktualitéit agaangen.

lsap-gv-jan17-8 lsap-gv-jan17-10