LSAP-Summerinterview (5): Franz Fayot

5. Deel aus eiser LSAP-Summerinterview-Serie mat 5 Froen un de Franz Fayot.

 

  1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-„déi gréng“-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Reformfreedeg

  1. Wat war fir Iech, de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

De Vote vun der Moderniséierung vum Gesellschaftsrecht an der leschter Chamber-Woch, e ganz wichtegt Gesetz fir di ganz Lëtzebuerger Wirtschaft, an den Ofschloss vun 2 Joer intensiver Aarbecht fir mech als Rapporteur. Kee “projet grand public”, mee eng grouss Reform, déi zesumme mat der “1-Euro Gesellschaft” d’Lëtzebuerger Gesellschaftsrecht méi modern mécht.

  1. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

Am positive Sënn: déi gutt Zesummenaarbecht an der Koalitioun, eng Steierreform déi an déi richteg Richtung geet, an de Fakt dass mer op der Finanzplaz net méi op Steiernische setze mee resolut a Richtung steierlech Transparenz a Bekämpfe vun der Steierfraude.

Am negative Sënn: d’Nowéie vum verluerene Referendum, de Populismus deen och bei eis zouhëlt, de schlechten Zoustand vun der EU an déi mangelnd Solidaritéit tëscht europäesche Länner an der Flüchtlingskris.

  1. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

– d’Debatt iwwert d’Kompetitivitéit: ech si gespaant op de Rapport vum Jeremy Rifkin an d’Pistë fir de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell,

– mech weider abrénge fir eng ethesch a kompetenz-orientéiert Finanzplaz,

– d’Verfassungsreform,

– d’Kulturpolitik, mam Projet de loi iwwert den Denkmalschutz deen op sech waarde léisst, an d’Suite vun den “Assises de la Culture”, mam Kulturentwécklungsplang.

  1. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

Saache kucke goen, Stied besichen an Zäit mat menger Famill verbréngen – dat ass déi bescht Vakanz fir mech!

Facebook
Twitter