LSAP-Summerinterview (2): Georges Engel

Vakanzenzäit ass Bilanszäit. An eisem Summerinterview kucken eis Deputéiert während der parlamentarescher Summerpaus  kuerz zeréck an awer och no vir. An si erkläre wéi si am beschten an der Vakanz ofschalten.  Nom Claudia Dall’Agnol ass et elo um Suessemer Député-Maire Georges Engel.

 

  1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-„déi gréng“-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Progressiv / Couragéiert/ Modern/ déi Begrëffer passen all, zesummen awer och eenzel

 

  1. Wat war fir Iech, de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

– D’Aféierung vum Cours „Vie et société“ am Secondaire
– D’Proposë vum Minister Schmit fir bei der Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten och de Salariéeën en Deel vum Benefice ze ginn

 

  1. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

– Am Allgemengen huet mech d’Feindséilegkeet géint d’Politik an d’Politiker am meeschten erféiert an de Niveau vu muenchem Debat op de soziale Medien schockéiert.
– Negativ: d’Intoleranz an de Net-Respekt virun deem anere senger Meenung
– Positiv: de Courage an d’Energie seng Meenung awer ze vertrieden, och bei Shitstorm an heftegem Géigewand

 

  1. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

– D’weidert Erofgoe vun der Aarbechtslosegkeet
– D’Konsolidéierung vun eisem Sozialsystem

 

  1. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

Summervakanz ass Familljenzäit. Ech brauch eng Woch fir ofzeschalten, maachen dann och ganz gäre guer näischt an duerno bleift da nach eng Woch fir mech richteg ze erhuelen. Sport a Musek ass e wichtegen Ausgläich fir mech.

Facebook
Twitter