LSAP NORDEN: „Eng méi zukunftsgerecht Verkéierspolitik am Norden vum Land“

[vc_row][vc_column][vc_single_image image=”11314″ img_size=”large” alignment=”center”][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]

Tina KOCH, Presidentin vum LSAP-Nordbezierk

[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]An menger Funktioun als Presidentin vum Nordbezierk läit mir um Häerz, iech haut, e puer Wierder mat ob de Wee ze ginn:

De Norden huet zwou Haaptverkéiers-Achsen, déi d’Réckgrat vun der wirtschaftlecher a kultureller Entwécklung sinn: Nämlech  d‘N7 an d’Eisebunnsstreck!

Haut gëtt de Projet de Loi 7780 – Projet de loi relative à la sécurisation de la N7 entre Fridhaff et Weiswampach an der Chamber debattéiert. Haaptpunkte sinn d’Verbesserung vun der Sécherheet op der N7 an d´Ëmgeeungsstrooss vun Housen.

Positiv un dësem Projet ass d´Securiséieren vun der N7. Et entsteet méi Sécherheet duerch eng Leitplank an der Mëtt vun der Strooss, esou datt och zousätzlech keng Méiglechkeet méi wäert bestoen, fir geféierlech lénks ofzebéien. Mir si frou, datt endlech eng Regierung sech dem leidegen Dossier N7 ugeholl huet, an och eppes ëmsetze wëll! Awer et ginn divers Punkten, déi eis als Nordbierger e bëssen um Mo leien.

Als LSAP Norden ass et eis dofir immens wichteg, fir op verschidde kruzial Punkten am Projet vum Ausbau vun der N7 hinzeweisen.

Dëst betrëfft als alleréischt, datt kee Contournement an der Houschter Déckt gebaut soll ginn. Eng grouss Angscht vun eis ass, datt de Stau an dat risegt Verkéiersopkommes, wat Bierger vu Wampesch, Hengescht an Housen hautzudaags erliewen, dann elo op emol an d´Houschter Déckt verlagert soll ginn. Domat kréie mir kee berouegte Verkéiersfloss laanscht eis Dierfer, mä e neit „Nadelöhr“. Wéisou net och hei direkt eng Ëmgeeungsstrooss virgesinn? [/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_single_image image=”12756″ img_size=”medium” alignment=”center”][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]Des Weideren stelle mir eis d´Fro, firwat de Minister onbedéngt u senge Pläng festhält, fir just dräi Spueren ze bauen. Et ass wouer, datt mir net esouvill Verkéier hunn, ewéi op der Escher oder Diddelenger Autobunn, awer do kann ech just soe “Gott sei Dank!”

An awer hëlt de Verkéier all Dag zou. De Fait, datt Logementspräisser hei am Land onbezuelbar gi sinn, dreift vill Leit an de Norden, well hei d’Präisser nach deels bezuelbar sinn. Dat freet eis als Nordbierger natierlech, awer et mécht eis och Suergen, well nämlech domadder de Verkéiersfloss ëmmer méi grouss gëtt, an et kommen ëmmer méi Autoen derbäi.

D’Infrastrukturen an eisen Nopeschlänner sinn net esou gutt, ewéi bei eis am Land. Dat heescht, datt vill Camione an och Frontalierskolleegen de Wee iwwert d’N7 an d’A7 sichen, fir duerch eis d’Ländchen ze fueren. Och dëst bréngt mat sech, datt ëmmer méi Verkéier opkënnt.

Da stelle mir eis awer och d´Fro, firwat ee Vëloswee laanscht eng Schnellstrooss soll entstoen. Wou mir dach esou schéi Bierger an Däller hunn, vill schéi kleng Dierfer mat klengem Commerce, déi net direkt laanscht eng vill befuere Strooss leien.

Kommt mir verbannen eis Dierfer mateneen a beliewen esou Duerfliewen an den Tourismus.

Déi Plaz, déi mir do gewannen, kënne mir als véiert Spuer notzen an eng 4-spureg Bunn bauen. Esou si mir sécher, datt mir och an 20-40 Joer nach de Verkéiersfloss packen, an net nees iwwert een Ausbau diskutéiere mussen. [/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_single_image image=”12755″ img_size=”medium” alignment=”center”][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]An der Praxis gesäit et nämlech ganz anescht aus, ewéi et oft beschriwwe gëtt:  d’Camionen a Busser fuere mat 75 km/h, sougenannte „véhicules lentes“ ewéi Trakteren an aner landwirtschaftlech Maschinne sinn nach méi lues ënnerwee, zousätzlech Vëloen op der Strooss, déi net iwwert eng Vëlospist fueren, well se inexistent ass.

Wa mir an Zukunft amplaz véier Spueren der just dräi bauen, déi mat Leitplanken ënnerdeelt sinn, da wäert et um Enn vun der Iwwerhuelspuer geféierlech ginn. Mir mécht dat elo well Angscht, wann ech drun denken, ewéi haut schonn op der Dräibunn gefuer gëtt. Et kënnt oft vir, datt d´Leit kuerz virum Enn vun der Iwwerhuelspuer awer nach séier dee leschte Camion iwwerhuelen wëllen an domat riskéieren geféierlech an de Géigeverkéier ze geroden, well eng véiert Spuer feelt. Eng véiert Spuer géif immens zur Sécherheet vun der N7 bäidroen.

Zum Schluss wëlle mir awer och eiser Regierung an eiser Chamber Merci soen, fir dat, wat si déi lescht Jore fir de Norde gemaach hunn. Esouvill huet nach KENG Regierung virun hinne gemaach!

  • Tina KOCH, Presidentin vum LSAP-Nordbezierk

[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row]

Facebook
Twitter