LSAP-Familljefest zu Monnerech, den 29. Mee 2016

Kommt bei eis, léiert eis Ministeren an Deputéiert an engem decontractéierte Kader kennen (zum Beispill beim Vëlo fueren, Karting, Trëppelen, Lafen an anere flotten Aktivitéiten) an ameséiert Iech zesumme mat eis, mat Ärer Famill, Äre Frënn a Bekannten. Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer beschtens gesuergt. Vun 10.00 bis 18.00 Auer gëtt et och Animatioun fir Kanner (Sprangschlass, Konschtatelier an aner Attraktiounen) mat enger Betreiung duerch Fachpersonal.

Mir freeën eis op Iech!

Hei de Programm am Detail:

06680_LSAP_FamilljefestMonnerech_DEPLIANT_A5_pl_HD

Facebook
Twitter