Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert: Misst d’Fuerschung net verdéift ginn?

D’Tageblatt huet a senger Editioun vum 1. Dezember 2017 eng historesch Etüd iwwert d‘Fräiwëllegekompanie während der Nazi-Occupatioun verëffentlecht. Den Artikel vum Historiker Mil Lorang beschäftegt sech besonnesch mat deene 15 Lëtzebuerger Zaldoten, déi dem RPB 101 („Reserve-Polizei-Bataillon“) zougedeelt waren.

Dës Trupp war Objet vun enger Recherche vum Historiker Christopher Browning, den 1992 d’Buch „Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final solution in Poland”, dunn vum Lëtzebuerger Historiker Paul Dostert, den 1999-2000 vum Lëtzebuerger Justizministère beoptraagt gouf an dem seng Aarbecht an der Revue Hémecht am Joer 2000 verëffentlecht gouf.

An dem Zesummenhang wëll den LSAP-Deputéierten Franz Fayot an enger parlamentarescher Fro vum Staatsminister a vum Héichschoulminister gewuer ginn, ob opgrond vun der Gravitéit vun de Verbriechen un deene Lëtzebuerger Zaldoten, wann och an enger ganz klenger Zuel, bedeelegt gewiescht schéngen, si net der Meenung wieren, dass d’Fuerschung iwwert d’Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert an der Nazi-Arméi misst verdéift ginn. Am Fall wou dem esou wier, freet de Franz Fayot ob d’Ministeren der Meenung sinn, dass den C2DH, den Institut fir Zäitgeschicht op der Uni Lëtzebuerg genuch finanziell a personelle Moyenen heifir hätt, besonnesch wat d’Inventarisatioun vun allen existenten Archiven, vun der Uschafung vu Kopië vun auslänneschen Archiven an d’Zuerverfügungstellung vun dëse fir d’Fuerscher ubelaangt.

 


 

Monsieur Mars Di Bartolomeo
Président de la Chambre des Députés
Luxembourg

Luxembourg, le 11 décembre 2017

 

 

Monsieur le Président,

J’ai l’honneur de poser la question suivante à Monsieur le Premier Ministre, Ministre d’Etat, ainsi qu’à Monsieur le Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche.

Le quotidien Tageblatt a publié vendredi, 1er décembre 2017 une étude historique sur la Compagnie des volontaires pendant l’occupation nazie. L’article de l’historien Mil Lorang s’occupe en particulier de 15 soldats luxembourgeois affectés au RPB 101 (Reserve-Polizei-Bataillon).

Cette troupe a fait l’objet d’une recherche de l’historien Christopher Browning qui a publié en 1992 le livre « Ordinary Men : Reserve Police Battalion 101 and the Final solution in Poland », puis de l’historien luxembourgeois Paul Dostert, chargé en 1999-2000 d’une mission par le ministre de la Justice du Grand-Duché et dont le travail a été publié dans la revue Hémecht en 2000.

Face à la gravité des crimes dans lesquels semblent avoir été impliqués des soldats luxembourgeois, certes en très petit nombre, Messieurs les Ministres ne sont-ils pas d’avis que la recherche sur les Luxembourgeois enrôlés de force dans l’armée nazie doive être approfondie ?

Dans l’affirmative, sont-ils d’avis que le C2DH, institut d’histoire du temps présent auprès de l’Université du Luxembourg, dispose des ressources humaines et financières suffisantes à cette fin, en particulier en ce qui concerne l’inventorisation de toutes les archives existantes, l’acquisition de copies d’archives à l’étranger et la mise à disposition de celles-ci aux chercheurs ?

Veuillez agréer, Messieurs les Ministres, l’expression de ma haute considération.

 

Franz Fayot
Député

 

 

Facebook
Twitter