“Lëtzebuerg brauch eng systematesch Suicide-Preventioun” – eng “Tribune libre” vum Francine Closener

D’Jugendwuert 2020 an Däitschland ass och feste Bestanddeel vum Teenager-Slang zu Lëtzebuerg : d’Wuert ass „Lost“.

„Lost“ ass bekanntlech englesch fir „verluer“, mee fir di Jonk awer och Synonym fir onsécher, naiv, ouni Plang… Dacks gëtt et vun den Teenien, déi hiren Humor trotz Pandemie nach net verluer hunn, selbstironesch benotzt.

De Risiko vun enger neier „lost Generation“ ass awer reell a ka vun der Politik guer net seriö genuch geholl ginn. Kee weess, wéi eng laangfristeg Konsequenzen d’Corona-Kris fir eis Psych mat sech bréngt. Besonnesch di mental Belaaschtung fir eis Kanner a Jugendlech ass net z’ënnerschätzen. Scho virun der Pandemie soten sech an enger Etüd 27 % vu eisen Teenager sou verdrësslech, datt se hiren Alldag net méi packen, 15 % hu seriö dru geduecht, sech d’Liewen ze huelen, 8 Prozent hunn e Selbstmordversuch gemaach.

Wéi gesot: Dat war viru Corona. An elo… Lockdown, sozial Isolatioun, Home-Schooling, Sport a Fräizäit quasi bei null, an an engems awer Stress, fir de Schoulprogramm z’absolvéiere… Et ass carrement onméiglech, datt dat alles un der Psych vu Kanner, Jugendlech a Studente spuerlos erlaanscht geet –  doran sinn sech d’Experten eens. An d’Hausse vun den Appellen, zum Beispill beim Kanner-Jugendtelefon schwätzt fir sech. Dowéinst musse mer op alle Pläng méi aktiv ginn, an zwar net réischt Mokuchsdag, mee elo direkt.

D’LSAP ass fir eng besser a systematesch Preventioun:

D’’Thema Santé Mentale muss feste Bestanddeel gi vun den Enseignanten hirer Grondausbildung; matt de Kanner muss oppen iwwer dat Thema geschwat ginn, Psychologe mussen an de Grondschoule reegelméisseg present ginn; an et muss dem Jugendparlament nogelauschtert ginn, dat de Fonctionnement vun de SEPASEen an de Lycéeën hannerfreet.

Genee sou wichteg sinn d’Therapie-Méiglechkeeten. Laang Waardezäiten, bedéngt duerch e Manktem u Plazen an Doktere kënne fir di Concernéiert fatal sinn. Och de Remboursement vun de Psychotherapien, zanter Jore politesch decidéiert, ass iwwerfälleg an der praktescher Ëmsetzung.

Wann d’Pandemie da fir eppes gutt soll sinn, dann duerzou, datt den Tabu ronderëm d’Thema mental Gesondheet endlech gebrach gëtt. D’Virurteeler vis-à-vis vun Leit matt Depressiounen, Angscht-Stéierungen, Burn-Out féieren derzou, datt 2 Drëttel vun hinnen sech net di néideg Hëllef siche geet. Dat kann net sinn.

De Bilan vum éischte Suicide-Preventiounsplang , dee viru 5 Joer lancéiert gouf, ass gezunn. Als LSAP wëlle mir mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert elo d’Recommandatioune konsequent ëmsetzen- mee net just d’Santé, di ganz Regierung ass gefuerdert, fir d’psychesch Gesondheet zu enger absolutter Prioritéit ze maachen.

„Lost“ ass wéi gesot, ee Wuert, wat am Trend läit. Een anert ass d’Wuert „Resilienz… et geet drëm, d’Séil staark ze maachen, fir Krisen ze packen… resilient ginn, dat kann ee léieren an trainéieren, doheem, firwat net och an der Schoul. Well wann e klenge Kapp voller Traueregkeet ass, ass souwisou keng Plaz méi fir Mathé a Franséisch.

 

D’”Tribune libre” kënnt Dir och hei nolauschteren.

Facebook
Twitter