D’Wuert vum President

 

Léif Lieserin,
Léiwe Lieser,

Op dem Kongress vum 8. Mäerz 2020, hunn d’Membere vun der LSAP mech als hire President gewielt. Ech wëll probéieren si net z‘enttäuschen, grad wéi e groussen Deel vun eiser Populatioun deen asteet, grad ewéi ech, fir Fräiheet a sozial Gerechtegkeet.

Muss ee nach eng Kéier betounen datt d’Sozial-Demokratie, wéi mer se an Europa an zu Lëtzebuerg kennen, um Urspronk ass vun de gréisste Realisatiounen an eiser Gesellschaft?

Hei, opgezielt e puer vun deene Markantsten, déi onbedéngt an eist kollektiivt Gediechtnes erapassen: Stëmmrecht fir Fraen; Bezuelte Congé; Gratis an obligatoresch Schoul; Ofschafe vun der Doudesstrof; den INDEX; Gläichstellung vu Mann a Fra; Eng performant sozial Ofsécherung; d’Trennung vu Kierch a Staat; Gratis ëffentlechen Transport … a nach vill méi!

D’LSAP wëllt awer beileiwe net u sénge Realisatioune peche bleiwen, och wa se wichteg a gerecht waren.

Um internationale an nationale Plang, an och um Niveau vun de Gemengen, engagéieren sech d’Sozialiste, gëschter grad wéi haut, fir eng méi gerecht a solidaresch Gesellschaft. Mir si géint all Form vun Diskriminatioun, Homophobie an Xenophobie. Mir wëllen ëmmer am Déngscht stoe vun all deenen, déi eis Gesellschaft gäere vergësst, a bekämpfen d’Aarmut zu Lëtzebuerg, do wou et nëmme geet.

Fir hir rezent Walcampagne fir d’Chamber hat d’LSAP als Devise #zesummen erausgesicht. Dëse Slogan bleift och haut nach aktuell: zesumme kënne mir eng gerecht Gesellschaft opbauen, wou jidderee seng Plaz soll fannen fir zesummen a Fridden an Harmonie ze liewen.

Yves Cruchten
LSAP-President