/usr/www/users/lsapyl/wp-content/themes/lsap/page.php
Menu /
D’Fraktioun /
Bilan
Bilan
Méi Aarbechtsplazen, manner Chômage
- De Chômage ass vun 7,2% op 5,6% erof gaang: dat sinn
4.000 Chômeure manner wéi 2013.
- 60.000 nei Aarbechtsplaze goufe geschaaft.
Neie Schwong fir eis Wirtschaft
- 3,5% Wirtschaftswuesstem an der Moyenne pro Joer.
- Mam Rifkin-Prozess gëtt d’Zukunft nohalteg gestalt.
- D’Lëtzebuerger Ekonomie ass haut méi diversifizéiert a manner ofhängeg vun der Finanzplaz.
Gesond Staatsfinanzen
- D’Staatsschold gouf stabiliséiert.
- 47,5% méi ëffentlech Investissementer.
- 13,4% Budget fir sozial Politiken.
Trennung vu Kierch a Staat
- De Staat bezilt d’Paie vun de Geeschtlechen an Zukunft net méi.
- D’Kierchefabricke sinn ofgeschaaft. De Wäerteunterrecht ersetzt de Reliounsunterrecht.
- Eng weltlech Zeremonie op Nationalfeierdag.
Méi effikass Rettungsdéngschter
- Mat der Professionaliséierung vun de Pompjeeën an der
Protection civile.
- Den neien, nationalen Zenter fir d’Rettungsdéngschter ass am Bau.
Eng sozial gerecht Steierreform
- 500 Milliounen Euro méi Kafkraaft virun allem fir Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes an Elengerzéier.
- De Spëtzesteiersaz gouf vu 40% op 42% ugehuewen.
Eng fortschrëttlech Gesellschaftspolitik
- D’Bestietnis gouf opgemaach fir gläichgeschlechtlech Koppelen.
- D’Ofdreiwung fir betraffe Frae gouf stroffräi gemaach.
- D’Scheedungsrecht gouf de Realitéite vun haut ugepasst.
Méi Suen fir d’Gemengen
- 90 Milliounen Euro méi fir lokal Infrastrukturen a Servicer.
- Méi eng gerecht Verdeelung vun de Recetten tëscht de Gemengen.
Méi Chancëgläichheet fir Fraen a Männer
- 1/3 manner Lounënnerscheed Dat neit Gesetz fir Loungläichheet wierkt.
- An engem Joer: 1/3 manner Lounënnerscheed tëscht Fraen a Männer.
- Eng besser Representatioun vun de Fraen an den ëffentleche Verwaltungsréit an op de Wahllëschten.
Méi en héije Stellewäert fir de Sport
- D’Beweegung an d’Motorik vu Kanner an Erwuessene sinn eng Prioritéit ginn.
- Zesumme mat de Gemenge goufen nei Sportsinfrastrukture gebaut.
- Den nationale Fussballstadion, de Vëlodrom an de Liichtathletik-Zenter kommen.
- Den Olympia-Stëtzpunkt ass do.
Eng couragéiert a glafwierdeg Aussepolitik
- Lëtzebuerg schwätzt Kloertext: an Europa an an der Welt.
- Ons Entwécklungspolitik ass virbildlech.
- D’Flüchtlingskris hu mir mat vill Responsabilitéit gutt gemeeschtert.
Eng besser Vereenbarkeet vu Famill a Beruff
- De Congé parental gouf opgewäert.
- D’Pappe kréie méi Congésdeeg, wann d’Kanner op d’Welt kommen.
- E besseren Encadrement fir d’Kanner an 20 Stonne Gratis-Betreiung.
Devenir membre !

Remplissez le formulaire
* = obligatoire
Votre avis nous intéresse !

Remplissez le formulaire
* = obligatoire
Abonnez-vous à notre newsletter !

Remplissez le formulaire
* = obligatoire