Eise Kandidat fir d’Chamberwahlen: Yves Cruchten

News

An deene läschte 5 Joer goufe vill a wichteg Reformen ëmgesat. Eist Land steet haut besser do ewéi am Joer 2013.

Besonnesch fir d’Gemeng Käerjeng gouf ënnert der Dräierkoalitioun gutt geschafft: de Contournement gouf endlech gestëmmt, grad ewéi d’Altersheem zu Nidderkäerjeng, e grousst Parkhaus soll op d’Gare kommen an eis Gemeng kritt duerch d’Finanzreform ronn 2 Milliounen Euro méi (all Joers!).

Déi lescht 5 Joer ware gutt Jore fir Käerjeng a fir Lëtzebuerg. Wann och vill geleescht gouf, sou bleiwen awer nach wichteg Chantercher fir d’Zukunft: d’Ongläichheeten an eiser Gesellschaft mussen ofgebaut ginn, virun allem muss d’Schéier tëschend aarm a räich zou gemeet ginn, den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft muss gestäerkt ginn, eis Sozialsystemer mussen ofgeséchert ginn an eng gutt Ausbildung vun eiser Jugend muss sécherstellen dass mir d’Erausfuerderungen vun der Digitaliséierung an der Aarbechtswelt packen.

D’Produktivitéitsgewënner vun den Entreprisen mussen sech endlech och an de Léin a bei der Aarbechtszäit vun de schaffende Leit erëmspigelen: Dofir fuerdere mir eng Erhéijung vum Mindestloun vun 100 Euro netto op den 1.1.2019 an eng 6. Congéswoch och fir de Privatsecteur.

Zu Käerjeng wënsche mer eis e neien Interventiounszentrum fir d’Rettungsdéngschter, zesumme mat engem neie Policebüro, esou wéi d’LSAP et proposéiert hat. Éischt Schrëtt an déi Richtung goufe schonn vum Minister Dan Kersch ënnerholl. De Bau vum Contournement duerf elo net verschleeft ginn an et muss sécher gestallt ginn, dass déi Strooss net viru Schuller ophällt.

Besonnesch leie mir perséinlech d‘Wunnengspräisser um Häerz: eis Rezepter vun haut gi net duer fir d‘Präisspirale ze briechen. Staat, Gemengen an Privatwirtschaft mussen op d‘mannst 1000 Sozialwunnengen d‘Joer bauen. Jonk Familljen mat engem „normalen“ Akommes solle gehollef kréien. Dofir mussen di staatlech Hëllefen a Garantien substantiell an d‘Luucht geschrauwt ginn. Jiddereen an eisem Land muss ënner wierdege Konditioune kënne wunnen a liewen.

Eng weider Prioritéit fir mech ass d‘Verkéiersproblematik déi gehäerzt a mat Konsequenz muss ugepak ginn. Natierlech soll den ëffentlechen Transport verbessert ginn, mee dat geet net duer: Och eist Stroossenetz an eis Autobunne mussen ausgebaut ginn fir dem ville Verkéier meeschter ze ginn. Op de Grenzen brauche mer grouss Opfänkparkingen a mir mussen endlech Dezentraliséieren: net alles muss ëmmer an a ronderëm d‘Stad gebaut ginn!

Dofir wëll ech mech asetzen.

Am Viraus villmools Merci fir är Ënnerstëtzung!

Yves Cruchten
Deputéierten a Gemengeconseillje
President LSAP-Gemeng Käerjeng