Investissementer héich halen – am Interêt vum Bierger

No der Finanzkris 2008, ass déi aktuell sanitär Kris eng zousätzlech Erausfuerderung fir d’Gemengen. Besonnesch déi Gemengen, déi ganz no um Bierger sinn, spillen hei eng wichteg Roll.

D’Gemeng Dippech ass sech bewosst, dat grad elo all Invest wichteg ass. An dësem Kader si Projet’en am soziale Wunnengsbau an och am kulturellen a sportleche Beräich virgesinn. Esou gëtt an dësem Fréijoer de Bau vum neie Kulturhaus zu Schuller ausgeschriwwen. Am selwechte Kontext ass virgesinn, am Schuller Park e Pavillon mat Bistro/Restaurant ze bauen, fir esou op der enger Säit d’Kultur weider z’ënnerstëtzen an op der anerer Säit zwee nei Treffpunkter fir Leit a Famillen ze schafen.

Och de Centre culturel zu Betteng-op-der-Mess soll vergréissert a moderniséiert ginn. Am Fréijoer fänken dann och d’Aarbechte vun der Moderniséierung vun der Sportshal un, an et ass och virgesinn, fir d’Schoul an d’Maison Relais ze vergréisseren. Weider soll deels selwer, deels iwwert Bauterrain deen zur Verfügung gestallt gëtt, méi bezuelbare Wunnraum geschaaft ginn. Gläichzäiteg ginn d’Aarbechten fir den Uschloss vun Dippech un d’Kläranlag vum SIVEC zu Schëffleng weider. Ausserdeem gëtt och weider an d’Ausbesserung vun de Stroossen, esou wéi an den Ausbau vun de Vëlospisten investéiert.

An den nächste 4 Joer huet d’Gemeng Dippech Ausgabe vu méi wéi 55 Milliounen Euro am Budget extraordinaire virgesinn. Och wann d’Gemeng Dippech, wéi all aner Gemeng, finanziell immens ofhängeg vum Staat ass, ka se vun extrem gënschtegen Prêt’en profitéieren, an duerch d’Subside vum Staat wäert d’Verschëldung fir Dippech net allze grouss ginn. Trotzdeem brauch och eis Gemeng weider Ënnerstëtzung an Hëllef vum Staat, souwuel finanziell, wéi och administrativ, well mat alle gesetzlechen Oplagen ass een als kleng Gemeng oft iwwerfuerdert, wat dozou féiert dat Projet’en net esou schnell ëmgesat kënne ginn wéi een dat gären hätt.

Och grad an dësem Sënn hält eis Gemeng weider dru fest, fir déi Posten ze besetzen déi virun der Kris virgesi waren a wäert, wann néideg, nach deen een oder anere Posten schaafe fir dem Bierger de beschtméigleche Service ze bidden.

D’Sozialiste vun der Gemeng Dippech sinn der Meenung, dass all Euro deen investéiert gëtt, indirekt erëm all Bierger zegutt kënnt. Aus dësem Grond wäert d’Gemeng Dippech weider hier Roll spillen an d’Investissementer héich halen.

 

Manon BEI-ROLLER, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Dippech

Philippe MEYERS, Schäffen vun der Gemeng Dippech

Facebook
Twitter