Interview mam Gabriel BOISANTE

Newsletter

D’Coronakris huet vill Léit méi oder manner schwéier getraff, awer een Sekteur deen wärend deene leschte Méint immens gelidden huet ass d’Restauratioun (HORESCA).

De Gabriel BOISANTE ass Patron vu verschiddenen Etablissementer am Beraich vun der HORESCA an hie setzt seit kuerzem och fir eis am Gemengeconseil an der Stad. Mir hu mam Gabriel iwwert seng perséinlech Erfahrung an awer och iwwert seng Erwardungen un eis Politiker an dëser Kris geschwat.

Wéi huet de Confinement dech getraff?

Et war Ufank Mäerz, wéi ee gemierkt huet, dass d’Pandemie, och wann se nach net esou ganz zu Lëtzebuerg ukomm war, ronderëm d’Welt explodéiert ass. An der Industrie wosste mer schonn, dass mer warscheinlech missten zoumaache fir dës Pandemie ze stoppen. Während deenen éischten zwou Woche vum Mäerz, huet sech d’Situatioun immens séier verännert an dee ganze Secteur vun der Gastronomie an der Hôtellerie war vun engem extreme Réckgang betraff. Mir ware bei vläit 20-30% vun eisem normalen Emsatz.

Mir hunn eis aus eegener Initiativ entscheed zouzemaachen, bis d’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Leit nees kéint garantéiert ginn. Zwee Deeg dono gouf de Confinement annoncéiert.

Mir goufen also an deem Sënn getraff, dass mir innerhalb vun engem Dag op null Euro Emsatz gefall sinn, ouni Garantie waat mat eisem Staff, eisem Loyer, mat eise Chargen oder Krediter géif geschéien. Daat heescht, vun engem Dag op deen aaneren, hu mer bal 200 Leit aus eise verschiddene Betrieber misse stoppen. Mir hunn eis souzesoen op e Wanterschloof misse preparéieren, vun deem kee wosst wéi laang e géif daueren.

Mir haate guer keng Méigëlechkeet irgendeng Form vun Ëmsaatz ze maachen. Mir sinn oofhängeg vun de Leit a mir hu keng Online-Servicer. Eng Livraisoun mat grousse Betrieber oder en Take-Away op d’Been ze stellen ass eng ganz grouss Ëmstellung a mir wollten net eis ganz Konzepter op d’Kop stellen. Daat heescht mir hunn zougemaach mat däer grousser Fro wéi laang daat Ganzt wäert daueren a wéi mer et iwwerliewe wäerten.

Wat ass deng Virbereedung op d’Reouverture? Wat sinn d’Mesuren déi s du geholl hues? Wéi sollen d’Clienten an d Mataarbechter am Déconfinement weiderhi geschützt ginn?

Als éischt muss een informéiert sinn, et muss ee virbereet sinn an et musse kloer a sënnvoll Regelen opgestallt ginn. Eist Zil ass e Retour an den Alldag an et gi vill Propositiounen gemaach, déi aus engem Point de Vue sanitaire keen Impakt hunn, wéi zum Beispill d’Installatioun vun Trennwänn aus Karton oder Plexiglas. Wann d’Leit iwwer e längeren Zäitraum do sëtzen, da bréngen dës Mesuren näischt. Dat heescht dat wiere wirtschaftlech an ëmwelttechnesch just Käschten ouni Avantage. Mir brauchen also sou schnell wéi méiglech sënnvoll Regelen déi jidferee befollege kann. Sou kënne mir eis zesummen a solidaresch op de Wee an en Alldag maachen.

Fir d’Leit am Déconfinement ze schützen, muss natiirlech all Patron ganz responsabel sinn. Déi hygienesch Regelen, déi och elo scho gëllen, musse wiederhi vun alle Parteien agehaale ginn. Dozou gehéiert vun eiser Säit och eng streng Kontroll vun de Stocken a vum ganzen Equipement. Mir musse probéiere esou séier an esou virauskuckend ze handele wéi et nëmme geet.

De Grond firwat mir nach virum offizielle Confinement zougemaach hunn, war de gesondheetleche Risque, fir eis Mataarbechter, wéi och fir eis Clienten. Vill Mataarbechter hate Bedenken oder souguer Angscht- an d’Sécherheet vun de Leit ass eis héchst Prioritéit.

Mee elo si mer an enger Situatioun, wou mer d’Ausbreedung vun dëser Krankheet besser verstinn a mir kennen a wäerten all Mesuren treffen fir d’Leit esou gutt wéi et geet ze schützen.

Wéi gitt dir perséinlech mat dëser Kris ëm?

Ech hunn déi Zäit, wéi och vill aanerer, genotzt fir iwwer mech a meng Aktivitéit nozedenken. Awer och iwwer verschidde grouss Froen vun eiser Gesellschaft. An ech hu mir natiirlech e puer Ideeë gemaach wéi mer an en Alldag zréckstarte kéinten. An do stellt sech mir d’Fro, ob en einfache Retour dee richtege Wee ass, oder ob mir e Retour an eng aner Normalitéit ustriewe mussen.

Ech hunn déi Zäit och genotzt fir ënner aanerem e Bénévolat an engem Centre de Soins avancés ze maachen. D’Regierung huet vill Mesurë geholl fir déi ekonomesch Acteuren ze ënnerstëtzen. Et kann ee sech froen ob et genuch war, mee et waren op alle Fall vill Hëllefen do an ech menge wa mir déi Chance hunn gehollef ze kréien, da musse mir och eppes zréck ginn.

Wéieng Erausfuederunge gesitt dir?

Mir hunn an deene leschte Wochen a Méint jo all gemierkt wéi séier sech alles ännere kann. Vun engem Dag op deen aanere si manner Autoe gefuer, d’Leit hunn de Vëlo erausgeholl, um Maart goufen nei Leit agestallt fir hir Wueren ze verkaafen. An op eemol hu mer gesinn, dass een awer och vläicht aanescht liewe kann. Et ass e laange Wee fir duerch déi éischt Phase vum Déconfinement, hin zu engem vollaktiven Alldag. Ech wëll dësen net „normal“ nennen, well ech hoffen, dass deen Alldag, dee mer dono hunn, net dee vu virdrun ass, mee eng nei Normalitéit, déi mir mat méi Solidaritéit zesumme baue kennen.

Mir sollen natiirlech net mengen, dass all dës Changementer vun engem Dag op deen aaneren ëmgesat kënne ginn. Et ass, wéi gesot, e Wee mat villen Etappen an do musse weider Hëllefsmesuren iwwerluecht ginn, fir dass eis Wirtschaft zréck op d’Been kënnt. Dat muss awer mat enger Rationalitéit, enger sozialer Oder geschéien. Et sollen net nëmmen d’Patronen vun deenen Hëllefe kënne liewen, mee natiirlech och hier Salarieren an deenen hir Familjen.

A wéi eng weider Mesuren erwaart dir vun eise Ministeren?

D’Regierung muss ganz vill Saachen a Fro stellen. Ob mir eventuell punkto Ënnerstëtzung vun der lokaler Economie net eng méi streng, motivéiert a couragéis Ëmwelt- a Mobilitéitspolitik brauchen.

Mir mussen eis d’Fro stelle wéi mer d’Propriétairen och steierlech stäipe kéinten oder hinnen e Ureiz ginn. Wéi kënne mer e Fong opbauen, deen iwwert déi nächst Joeren eng finanziell Hëllef fir verschidden nei Projeten liwwere kann. Mir hu mat der Zäit verstaan, dass vill Ideeë ganz wäertvoll sinn. Wéi kenne mer also eis Ideeën, de Commerce an eis Kultur ennerstëtzen? Dat si fir mech nämlech dräi ganz wichteg Punkten déi Lëtzebuerg och bezeechnen a verkieperen. D’Gesiicht vun eiser Staat ass geprägt vu sénge Stroossen a senger Architektur, mee och vun de lokale Commercen. Wa mer en Deel dovunner eweg huelen, dann ass eis Staat just nach eng schéin Archtiektur, an dat wier schued.

Mir mussen och Iwwerleeunge punkto TVA maachen. Eng Adaptatioun, vläicht a verschiddene Stufen, fir déi nächst Joeren, wier eng Iwwerleeung. Natiirlech huet de Staat vill Effortë gemaach, mee ech mengen de Staat ka sech et leeschten eng Nationalschold opzehuelen oder e puer méi grouss Projeten ze verréckelen, wa mer doduerch eis lokal Entreprise kënne verteidegen.

Duerch eng méi héich TVA entsteet eng indirekt Hëllef vum Staat, mee eng direkt vum Konsument, déi direkt an d’Kees vun de lokalen Acteure fléisst an do eng grouss Differenz mécht. Op dësem Wee kënne mir de Konsument responsabiliséieren. Schlussendlech si mir, déi Mënschen déi kaafen, verantwortlech. Mir kënnen eis där Verantwortung net entzéien. Mir si verantwortlech wa mer wiele ginn, mir si verantwortlech wann a wéi mer eis deplacéieren a mir sinn och verantwortlech wa mer akaafen. De Konsument ass also e groussen Acteur fir zréck an d’Normalitéit.

Et wäerte sech och vill Froë stelle par rapport zu den Aides en matière de l’emploi. Wäert de Chômage partiel zréckgoen? Wäert en a Stufe goën? Op eisem Wee zréck an en Alldag wäert den Ëmsaz net 100% sinn an doru musse mer denken.

Et gëtt verschidden Entreprisen, wéi och eis, déi keng Leit entlooss hunn. Mir hu keng Periode d’essai gestoppt. Vu dass déi Leit nach kee Recht op Chômage hunn, hätten déi da guer näischt gehat. Mir woussten dass et géif haart ginn, mee wéi géifen déi Leit, déi doduerch op der Strooss landen, gehandhabt ginn? Séng Leit op der Säit ze loossen, ass net am Sënn vun engem Patron an ech mengen et ass am Allgemengen net am Sënn vun enger Gesellschaft.

De Coup war an ass och nach haart, et si vill Kollegen aus der Branche, déi verschidde Plazen zoumaache mussen, et si Failliten, déi wäerte kommen, mee mir mussen dat esou gutt wéi nëmme méiglech vermeiden.

Ech si sécher, dass d’Regierung alles mécht fir dass keen op der Strooss land oder hänke bleift, mee leider packt een daat ni fir 100% Prozent vun de Leit. D’Zil ass op d’Leit opzepassen an déi Leit, déi op den Aarbechtsmaart zréckkommen, musse sou séier wéi méiglech erëm agestallt kënne ginn. An dofir brauche mer eng effizient Politique de réemploi.

Hues du en Tipp oder e Rot, deen s du aaneren Patrone kanns mat op de Wee ginn?

Ech si sécher, dass eisen neien Alldag net dee wäert sinn, dee mer virun 3 Méint verlooss hunn. Ech erhoffe mer, dass déi Normalitéit besser, méi raisonabel, méi humanistesch, méi sozial a méi ëmweltverantwortlech ass wéi déi virdrun. Ech mengen, dass dee ganzen Equiliber, dee mer virdrun haate sech e bësse wäert änneren an domat och d’Konsumenten.

Deen eenzege Rot deen ech ka ginn, ass déi déconfinéiert Periode, also deen neien Alldag, deen op eis waart, net mat genee däer selwechter Philosophie unzegoën, déi mer virun 3 Méint haten. Doranner gesinn ech e Risque. Mir musse prett sinn ëmzebauen, ëmzedenken, eis ze adaptéieren an eis Modeller unzepassen.

Mir sinn net an enger Revolutioun, et gëtt keng ganz nei Welt, mee ech hoffen, dass et eng aner, vläicht e bësse besser Gesellschaft gëtt. An op deem Wee musse mer Effortë maachen fir eis och mat ze änneren an ze verbesseren.

Wëlls du de Leit soss nach eppes soen?

D’Leit hun eis wierklech gefeelt. Et war eng schwéier Zäit, eis Familjen hunn eis gefeelt, eis Frënn hunn eis gefeelt. Mee wann ee wéi ech e Groussdeel vum Dag mat sénge Leit schafft, da sinn déi och en Deel vun der Famill, an déi hu mer gefeelt. Mir stinn eise Matarbechter no, mee awer och eiser Clientèle a mir sinn immens frou si esou séier wéi méiglech erëm physesch zréckzegesinn.