Gemengerot vum 31.1.2018: Froen un de Buergermeeschter an de Schäfferot

2018, Froen un de Buergermeeschter

Froen zur Verkéierssécherheet an eiser Gemeng

An de leschte 6 Wochen ass et zu 3 schwéieren Accidenter mat Schwéierblesséierten an engem Doudegen op eisen Haaptstroossen komm. Doniewent ass nach ee ganz Presséierten mat 113km/h a Fréiseng erageflunn komm.

  1. Wéi eng verkéiers-berouegend Mesuren si kuerzfristeg op eisen Haaptstroosse virgesinn?
  2. Wéi eng verkéiers-berouegend Mesuren si laangfristeg op eisen Haaptstroosse virgesinn?
  3. Mat wéi engen Administratiounen / Instanzen / Firmaen / Organisatioune gëtt am Moment oder an Zukunft probéiert eis Stroossen am allgemengen a besonnesch eis Haaptstroossen méi sécher ze maachen?
  4. Wéini ginn d’Luuchten iwwert den Zebrasträifen installéiert?
  5. Am Projet vum “sécheren Schoulwee” sinn verschidde Moossnamen (Strécher laanscht d’Mondorferstrooss, an der Cité Gëll, en duerchgezunnene Stréch an der Lëtzebuergerstrooss virun der Kräizung) nach net ëmgesat ginn. Ginn dës Mesuren nach ëmgesat? Wa jo, wéini?
  6. Gëtt mat der Police zesummegeschafft fir d’Problemer op eise Stroossen an de Grëff ze kréien? Wa jo, wéi eng Mesuren si scho gemaach ginn a wéi eng Mesuren sinn nach virgesinn?
  7. Wéini gëtt eng Verkéierskommissioun aberuff?
  8. Wéi ass et mam Vëloswee tëschent Helleng a Fréiseng? Steet de geneeën Verlaf elo fest? Wa jo, wéini fänken d’Aarbechten un?
  9. Ee Problem ass, dass verschidden Autofuerer nach virum Enn vun eisen Dierfer scho richteg Gas ginn. Sinn hei konkret Moossnamen virgesinn fir dat ze verhënneren?
  10. Zeechnen eis “Avertisseurs de vitesse” an den Entréeën vun den Dierfer déi gemoosste Vitessen op? Wa jo, kënne mär dës Date kréien?
  11. Wéini gëtt de “Concept global mobilité” virgestallt, resp. wéini kann deen Devis gestëmmt ginn (dir hutt 100.000€ am Budget 2018 dofir virgesinn [4/624 211000/18012])?

Le bourgmestre BEISSEL répond que :

a) b) c) d) g) le collège échevinal a déjà abordé ce sujet lors d’entrevues avec plusieurs corps de police. Ces derniers se disaient conscients du problème, mais aussi qu’ils ne pouvaient assurer une présence permanente sur les routes de notre commune. Le concept global de mobilité de la commune n’inclue pas la mobilité sur les routes nationales, celle-ci étant gérée par des organismes étatiques. Le collège échevinal et le bureau d’études mandaté pour le développement du concept de mobilité de la commune jouissent d’excellents rapports avec les P&Ch et le Ministère du Développement durable et des Infrastructures, rapports à travers lesquels des suggestions ou idées peuvent être transmises. Un des projets futurs est le démantèlement de la N13.

e) 2 illuminations pour passages à piétons seront installées à Aspelt, place de la gare et une troisième dans la Robert Schuman-Strooss à Frisange. Les permissions de voiries ont été accordées ce 16 janvier. Le service électromécanique des P&Ch est informé et mettra l’infrastructure électrique requise en place. Un total de 100.000,-€ est prévu au budget 2018.

f) ces mesures n’ont jamais été décidées par quel que collège échevinal que ce soit. Il s’agit donc fort probablement de rumeurs de couloir.

h) la commission sera en réunion le 06.02.2018

i) il serait plus intéressant de construire une piste de vélo à côté de la N13. Ainsi on pourrait profiter du démantèlement futur de la N13 et augmenter la distance entre la route et la piste cyclable sans devoir engager des frais supplémentaires.

j) la police a entretemps effectuée des contrôles à la sortie des villages et a verbalisé conséquemment.

k) ces données ne sont pas relevées.

l) le concept global de mobilité et les devis seront présentés après que le budget 2018 aura été approuvé par les autorités supérieures.

Froen zu de Gemeinschaftsgäert zu Uespelt

De Projet zu den Gemeinschaftsgäert zu Uespelt ass am Gemengerot vum 27.12.2017 gestoppt ginn. An der Generalversammlung vun Gaart an Heem Uespelt huet de Schäffen Raus op Nofro hi gesot et géif no enger anerer, méi grousser Plaz fir Gemeinschaftsgäert gesicht ginn.

  • Wou soll dës Plaz sinn a fir wéini soll dëse Projet fäerdeg sinn?
  • Wann dir also méi e grousse Projet wëllt lancéieren, wat fir eng Logik huet Iech da verbueden dee Projet zu Uespelt nët och zousätzlech zu dësem neien, hypothetesche Projet ze realiséieren?

Le bourgmestre BEISSEL répond que voici ceci est un nouvel exemple de bruits de couloir. L’échevin RAUS ajoute qu’il avait dit vouloir supporter le projet proposé lors de l’assemblée générale de l’association « Coin de terre et de foyer » par son secrétaire faisant fonction.

Froen zum Internetsite vun der Gemeng Fréiseng am Kontext vun eise Veräiner.

Eisen Internetsite ass e bëssen an den 90er Joren hänke bliwwen.

  • Ass virgesinn fir den Internetsite vun der Gemeng Fréiseng a nächster Zäit frësch ze maachen?

Wa jo:

  • ass virgesinn déi eenzel Veräiner sech méi am Detail um Site presentéieren ze loossen?
  • Veräiner hunn ëmmer nees Problemer hier Manifestatiounen nët op dee selwechten Dag ze leeën. Ass dofir virgesinn een Agenda um (neien) Site vun der Gemeng Fréiseng ze féieren, deen ëmmer aktuell ass fir
    • de Veräiner ze hëllefen en Datum fir hir Manifestatioun ze fannen?
    • den Awunner ze erlaabt einfach ze wëssen wat, wou a wéini an der Gemeng leeft?
  • Ass och virgesinn een Agenda um Site vun der Gemeng Fréiseng ze féieren, dee weist wéini wéi eng ëffentlech Raimlechkeeten scho besat sinn?

Le bourgmestre BEISSEL répond que le site se présentera avec le nouveau lay-out multiplateforme en cours d’année 2018. Un autre site sera mis à disposition des associations locales pour s’y présenter et y promouvoir leurs événements. Un troisième site pour la gestion des ressources est en cours d’étude. Ce site permettra à tous de visualiser l’occupation des salles. Les associations auront chacune un compte d’utilisateur et pourront ainsi gérer leurs réservations en ligne.