Budget 2019

2018, Dossier

D’lescht Joer hate mär ee Budget mat ville verschiddenen Projeten, leider sinn se bei wäitem net all realiséiert ginn z.B. d’Annex vun der Crèche zu Helleng; d’Feldweeër Krokelshof a Belgrad; d’Kontainerplaz an den Atelier Communal; Cité Bourbierg, Peiter vun Uespelt Strooss oder verschidden Trottoire nei maachen. Dës Projeten am Wäert vun bal 2 Milliounen Euro bleiwen nach ze maachen. D’Grënn kënne villfälteg sinn, mä et ass ee Fakt dass hei nach vill Aarbecht op d’Verwaltung duer kënnt. Déi nët realiséiert Projeten sti nach emol mat 2,6 Milliounen Euro am Budget, mär hoffen dass dëse ganze Pak u wichtegen Aarbechten am Joer 2019 awer kann ofgeschloss ginn.

Mä domadden net genuch, am Budget si nei Projeten am Wäert vunn iwwert 8 Milliounen Euro virgesinn. Déi gréisser Projeten sinn de Site vum Uespelter Schlass mat der Péiter vun Uespelt Plaz, déi Nei Gemeng, eng Extensioun vun der aler Gemeng an eng Extensioun vun der Maison Relais. Et ass awer och virgesinn fir d’Wisestross an d’Schoulstrooss zu Helleng z’erneieren, geneesou wéi de Kanal an der Mondorfer Strooss zu Helleng. Un der Sportshal gëtt geschafft, de Schoulhaff erneiert an de Kiss&GO nei gebaut, d’Kierch zu Uespelt renovéiert, een neien Scoutschalet geplangt an d’Paschtouesches Haus zu Uespelt ofgerappt.

Et ass wichteg, dass eng Gemeng wiisst, sech weider entwéckelt a sech moderniséiert. Mä mär gesinn e Risiko dass sech d’Gemeng mat dëser Abberzuel vu Projeten einfach iwwerhëlt, dass net genuch Personal do ass fir dës Projeten esou ze begleeden wéi et muss sinn. Bei sou villen parallel geplangte Projeten fäerte mär dass de Suivi net genee genuch ka garantéiert ginn. Sou kéint et duerch Feeler bei der Planung an Ëmsetzung zu empfindlech méi Käschten a weideren Verzögerungen kommen. Dofir ass et och gutt, dass am Laf vum Joer nach een Ingenieur Technicien agestallt gëtt.

Déi nei Gemeng zu Fréiseng entsteet an den nächste Joeren. De Projet fir d’Verwaltung op de Site vum Uespelter Schlass ze implantéieren war do, mä mam Stoppen vun dësem Projet duerch déi aktuell Majoritéit gi mindestens zwee weider Joer verluer. Dëst huet eng ganz Rei direkt Konsequenzen, et muss eng Extensioun an ee Noutausgang un d’Annex vun der Gemeng gebaut ginn. Dës Investitiounen ginn an e puer Joer net méi gebrauch a sinn doduerch absolut nët nohalteg. De Kiss&Go Parking gëtt op déi aktuell Skaterpist geréckelt. Nët nëmmen verschwënnt elo dës Plaz fir eis Kanner a Jugend, mä déi Suen déi virun e puer Joer hei an d’Instandsetzung gefloss sinn, sinn och verluer.

Souwuel am Walprogramm wéi an den Zeitungen huet déi nei Majoritéit d’Maison Relais als hier éischt Prioritéit definéiert. D’läscht Joer stoung näischt am Budget an elo muss eng Extensioun am Préfrabriqué (Modular Bauweis – Kontainer) realiséiert ginn, wat leider och nët nohalteg ass.

D’läscht Joer hu mär protestéiert wéi de Projet vun de Sozialwunneng am Uespelter Paschtoueschhaus gestoppt ginn ass, an och dëst Joer geet et an dësem Thema nët weider. D’Paschtoueschhaus gëtt ofgerappt (e Schandfleck soll verschwannen) an et soll een Architekt gesicht ginn fir een Avant-Projet ze maachen. Schon nees e Joer verluer a mär kommen nach ëmmer net weider. Dat ass eng Schaan fir eis Gemeng! Mär appeléieren u jiddereen am Gemengerot och déi sozial Benodeelegt hei nët ze vergiessen. [Am Gemengerot huet de Buergermeeschter eng Crèche mat Sozialwunnengen “versprach”]

Am Beräich Klimaschutz / Klimapakt, Energiespueren oder der energetescher Sanéierung ginn et keng Investissementer. D’Zil soll et sinn manner Energie ze verbrauchen. De “Concept de mobilité globale” misste mär demnächst virgestallt kréien, mä et si keng Suen am extraordinären Deel virgesinn fir méiglech Mesuren ëmzesetzen wéi z.B een erweiderten Parking résidentiell, d’Ofsécherung vu geféierleche Plazen op eise Stroossen oder Vëlosweeër fir d’Mobilité douce ze fërderen. An de Schoulhaff soll investéiert ginn, mä wéi ass et mam Ausbau vu deenen aneren Spillplazen? Zu all dëse wichtege Punkten fënnt een absolut näischt am Budget.

Eis feelt nach ëmmer ee Konzept fir de Site vum Schlass zu Uespelt, mär fuerderen dass sou vill wéi méiglech Leit aus der Gemeng vun dësem groussen Invest kënne profitéieren. Wéi kann ee moossen wéivill vun eisen Awunner dovunner wäerte profitéieren? Mär hu geschat wéivill Leit vun der Sportshal (Käschten vun 15,5 Milliounen) profitéieren a wéivill Leit vum Schlass (geschate Käschten 10 Milliounen, ouni d’Plaz vum Péiter vun Uespelt) kéinten duerno profitéieren. Bei der Sporthal komme mär op mindestens 40’000 Leit déi dës Infrastruktur all Joer notzen. Mat deem wat mär bis elo wëssen, wäerten um Site vum Schlass knapps 5’000 Persounen all Joer passéieren. Kënnen 5’000 Visiten pro Joer een Invest vun 10 Milliounen Euro rechtfertegen? Mär mengen nët, an hei muss de Schäfferot nach kräfteg nobesseren. [Während der Diskussioun huet de Buergermeeschter vun engem Kulturzentrum geschwat deen op dëse Site soll kommen, mär si gespaant op d’Ëmsetzung]

Am Budget ass ze liesen, dass d’Gestioun vun der Kontainerplaz soll ‘outgesourced’ ginn. Ënner wat fir enge Konditiounen schaffen duerno d’Aarbechter vum Sous-Traitant, wéi ee Kollektivvertrag, wéi eng Pai? Mär hoffen dass hei nët d’Leit zum Mindestloun sollen engagéiert ginn déi de Sous-Traitant eis dann duebel sou deier verrechent.

Am Walprogramm vun der “Equipe” si grouss Verspriechen gemaach ginn fir d’Taxen erofzesetzen. Ausser dass den Impôt foncier fir landwiertschaftlech Betriber erofgaangen ass, gesi mär hei nach näischt. Wéi ass et mam Impôt foncier fir Privatleit, geet deen och emol erof? Wéi ass et mat där grousser Reform vun de Käschten vun den Dreckskëschten? De Container fir Sperrmüll kann dach nët Alles sinn wat gemaach gëtt.  Wéi ass et mat der Tax d’Infrasturctur bei neie Baugenehmegungen, wéini gëtt déi ofgeschaf? Och no engem Joer si bis dato hei keng Verspriechen ageléist ginn.

A wéi ass et mam Hellenger Waassertuerm? Heelt dee sech vun alleng oder loosse mär deen einfach ëmfalen? De Budget gëtt eis hei keng Äntfert. Ass dat eng weider Prioritéit déi net méi sou wichteg ass?

Fir de Budget net zevill aus dem Equiliber ze bréngen, ass de Posten fir “Haiser an Terrainen” ze kafen vun 1 Millioun op 250000 Euro erofgaangen. Mat sou engem klengen Posten hätte mär z.B net dat Haus bei der Schoul kéinten am Laf vun 2018 kafen. Aus budgets-techneschen Grënn huelen mär eis mat där “Aspuerung” all Méiglechkeeten fir interessant Objeten kënnen ze kafen. Et steet eng Schold vun enger Millioun dran, mä wann d’Projeten sou konsequent realiséiert ginn wéi d’läscht Joer, brauche mär keng Angscht ze hunn dass de Prêt muss gezu ginn.

Mär kënne frou sinn, dass eis Finanzen am Moment an engem gudden Zoustand sinn, well mär mat der Reform vun der Gemengefinanzen wesentlech méi Suen vum Stat kréien. Et si Suen do, iwwert 10,5 Milliounen, fir z’ investéieren, an déi sollen och sënnvoll a laangfristeg fir eis Bierger agesat ginn. Mär däerfen awer och nët vergiessen, dass mär am Moment nach iwwer 7.7 Milliounen Euro Schold hunn.

Et gëtt nët nohalteg genuch gebaut, kee soziaalt Engagement, keng energetesch Sanéierung vun eise Gebaier, kee Plang fir Vëlosweeër a vill (Wal)-Verspriechen schéine vergiess ginn ze sinn. Et feelt eis einfach zevill an dësem Budget fir kënnen dofir ze stëmmen, mär als LSAP stëmmen géint dëse Budget.