Fräi Tribün vum Yves Cruchten: “D’Lëtzebuerger Sprooch ass immens wichteg, eis Méisproochegkeet och!”

A senger fräier Tribüne vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) huet sech den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten mat der Lëtzebuerger Sprooch, hirem Stellewäert, hirem Gebrauch an hirer Wichtegkeet befaasst. Hei säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

D’Lëtzebuerger Sprooch ass immens wichteg, eis Méisproochegkeet och!

An de leschten Deeg gouf vill diskutéiert iwwert eis – iwwert d’Lëtzebuerger – Sprooch, iwwert hire Stellewäert, hire Gebrauch an iwwer hier Wichtegkeet. Virweggeholl: Jo, d’Lëtzebuerger Sprooch ass immens wichteg. Mir sollten alleguerten eist allerbescht maache fir se héich ze halen, se ze versuergen an och wann et eis heiansdo schwéier fält, ze probéieren se am Alldag sou dacks ewéi méiglech ze gebrauchen.

Et ass gutt datt mer iwwert eis Sprooch nodenken an doriwwer diskutéieren. Vill Leit drécken an dëser Diskussioun hir Suergen aus an d’Politik soll d’Suerge vun de Leit eescht huelen. Allerdéngs sollte mer probéieren dat net ze vill emotional ze maachen. Et ass falsch, all déi an de brongen Eck ze drécken, déi sech fir d’Erhale vum Lëtzebuergesche staark maachen. Grad esou falsch ass et awer och, déi di eng méi nuancéiert Meenung zum Sproochegebrauch hunn, als Verréider um Lëtzebuerger Vollek, als Deel vun enger Minoritéit, vun enger Elite oder vun enger ondifferenzéierter Ideologie ofzestempelen.

Vill méi sollte mer pragmatesch un déi Fro erugoen. Pragmatesch heescht, dass een d’Aen net virun de Realitéite verschléisst. An zu dëse gehéiert, dass nach ni esouvill Lëtzebuergesch gelies a geschriwwe gouf wéi am Ablack. Dëst ass engersäits op d’Digitaliséierung zeréckzeféieren, anerersäits fënnt awer och d’Lëtzebuerger Literatur an deene leschte Joren ëmmer méi Unhänger. Och sinn d’Lëtzebuerger Sproochecoursen dacks ausgebucht.

Et stëmmt awer och datt et och Problemer gëtt. Vill Leit hei am Land dinn sech z.B. a verschiddenen Alldagssituatioune schwéier, sech op Franséisch auszedrécken. Woubäi et allerdéngs och nach zweeërlee Puer Schong sinn, ob een an engem Geschäft net gutt verstane gëtt oder op een eng komplizéiert Diskussioun mat sengem Dokter muss op Franséisch féieren! Virun allem am leschten oder an ähnleche Fäll kann, jo soll d’Politik och agräifen. Vill Efforten goufe scho gemaach z.B. mat Lëtzebuergesch Coursen an de Spideeler, villäicht geet dat awer nach net duer. Speziell am Gesondheets- a Fleegesecteur, wou vill eeler Patiente betraff si gëllt et politesch Initiativen ze huele fir derfir ze suergen datt jidderee verstane gëtt a jiddereen alles versteet.

D’Chamber diskutéiert den Ament och iwwert eng nei Verfassung. Am Kader vun dëser Reform gëtt d’Lëtzebuerger Sproch och als national Sprooch an den Texter verankert. Domadder soll eis Sprooch déi Wichtegkeet kréien, déi se och verdéngt. Lëtzebuergesch ass an den Ae vun der LSAP, d’Sprooch vun de Lëtzebuerger an e wichtegt Element vun eiser nationaler Identitéit a vun eiser Kultur.

Sprooche sinn awer prinzipiell do fir datt d’Mënsche kënne matenee schwätzen, si bréngen d’Leit beieneen. Si sollten net dofir gebraucht gi fir d’Mënschen oder d’Gesellschaft ze splécken oder fir sech no baussen ofzegrenzen. Mir sollen also net eng Sprooch géint di aner ausspillen. Lëtzebuerg ass e méisproochegt Land. Och dat ass en Deel vun eiser nationaler Identitéit. Vill Leit op der Welt beneiden eis heirëm a mir kënnen houfreg sinn dorobber. Genau ewéi d’Lëtzebuerger Sprooch sollte mir dës Partikularitéit onbedéngt versuergen an héich halen.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass immens wichteg, eis Méisproochegkeet och!_AUDIO

 

Facebook
Twitter