Zum internationalen Dag vun der Gebäerdesprooch

Well d’Léit wärend de vergaangene Méint hire Mond hu missen hannert enger Mask verstoppen, ass et fir Léit, déi héiergeschiedegt sinn, an déi op de Lepsen liese mussen, vill méi schwéier ginn, fir sech mat Matmënschen ze verstännegen. E gudde Grond méi, firwat d’Gebäerdesprooch, där hiren internationalen Dag den 23. September zelebréiert gëtt, weider muss gefërdert ginn. Well Mënschen, déi héiergeschiedegt sinn, riskéieren an dësen aktuellen Zäiten, nach méi ewéi soss, an Isolatioun ze falen.


Bekanntlech huet Lëtzebuerg 2018 d’Gebäerdesprooch als offiziell Sprooch unerkannt. Wat net just ee staarkt Symbol ass, mee och an der Praxis bedeit, dass héiergeschiedegt Léit zum Beispill e Recht op Gebäerdesproochdolmetscher fir hir Relatioune mat staatlechen Administratiounen hunn. Dëst Gesetz huet fir e gewëssen Opdriff am Secteur gesuergt. Et sinn eng Réi Initiative geholl ginn.


Am visibelste war fir de grousse Publikum warscheinlech, wéi wärend der sanitärer Kris Pressekonferenze vu Ministeren iwwerdroe gi sinn, an des Pressekonferenzen och live vu Gebäerdesproochdolmetscher op déi däitsch Gebäerdesprooch iwwersat gi sinn. Et ass sécher gutt, wann doduerch d’Visibilitéit op des Problematik gestäerkt ginn ass. Mee dat eleng geet net duer! Am Géigendeel, et gëllt déi Dynamik um Liewen ze halen.


Et ass net genau gewosst, wéi vill Leit hei zu Lëtzebuerg héiergeschiedegt, respektiv daf sinn. Hei gi sech elo Informatioune vun der nationaler Vollekszielung erhofft, well des Kéier och Froen iwwert Behënnerungen dra virkomme wäerten. Ausserdeem schafft de LISER un enger Ëmfro déi sech mat bestoender, respektiv feelender Hëllef, fir Mënsche mat Behënnerung beschäftegt. Des Etuden si wichteg, fir eng Bestandsopnam ze maachen.


Fest steet allerdéngs elo schonns, dass et u Gebäerdesproochdolmetscher feelt. Lëtzebuerg zielt just e grappvoll Léit, déi fir Iwwersetzungen aktuell asazbereet sinn. Deemno besteet eng éischt Noutwennegkeet doranner, jonk Leit fir de Beruff z’interesséieren an auszebilden.


Wichteg ass och, dass dee vun der Regierung geplangten Zentrum fir barrièrefräi Kommunikatioun, oder op franséisch “Centre de la Communication accessible à tous” Realitéit geet. Dësen Zentrum wäert net nëmme fir héiergeschiedegt Léit do sinn, mee och méi allgemeng de Fokus op d’Fuerderung vun der sougenannter “leichten Sprache” setzen. Eng Sprooch, déi et erméigleche soll, zum Beispill Informatiounen oder administrativ Formulairë méi verständlech fir jiddereen ze maachen. An deem Zentrum wäerte Formatiounen, awer och Iwwersetzungen an natierlech Informatiounen ugebuede ginn. Well nëmmen eng Persoun déi d’Informatiounen déi se kritt och verstoe kann, an déi sech selwer ausdrécke kann, ka sech an der Gesellschaft integréieren. Dofir wäert deen Zentrum ee ganz wichtegt Element sinn, och fir Leit déi héiergeschiedegt sinn. Dat ass e Projet, dee mir als LSAP ausdrécklech ënnerstëtzen.


Dësen Zentrum ass nëmmen eng vu ville Mesuren aus dem nationale Plang fir d’Ëmsetzung vun der Internationaler Konventioun fir Leit mat Behënnerung. De Wee an eng méi inklusiv Gesellschaft ass net ëmmer einfach, mee et ass deen, dee mir goe wëllen. Fir dass jidderee seng Plaz an eiser Gesellschaft fanne kann. An dobäi misst eigentlech zweetrangeg sinn, wei gutt oder eben net gutt, dass eng Persoun héiere kann.

Simone Asselborn-Bintz, Deputéiert

Facebook
Twitter