„Wou Police drop steet, muss och Police dra sinn“
Am Joer 1999 goufe per Gesetz d‘Gendarmerie an d’Police fusionéiert. Zënterhier a virun allem an deene leschte Joren huet Lëtzebuerg sech a Saachen Demographie, a Saache Kriminalitéit an awer och och wat d’Gewunnechten an d’Mentalitéite vun de Leit ugeet, vill weider entwéckelt. Eng Police-Reform gouf deemno noutwenneg. Nodeems eng Revisioun vum Gesetz vun 1999 an der vireschter Legislaturperiod net erreecht gouf, huet d’Regierung vun LSAP, DP an „déi gréng“ sech dem Dossier ugeholl fir an noer Zukunft en entspriechende Projet virzeleeën.
De Reformprojet, gouf um Dënschdegmëtten am Kader vun enger Konsultatiounsdebatt an der Chamber diskutéiert.
Copiez-collez cette URL dans votre site WordPress pour l’inclure
Copiez-collez ce code sur votre site pour l’y intégrer