„Wou Police drop steet, muss och Police dra sinn“

Am Joer 1999 goufe per Gesetz d‘Gendarmerie an d’Police fusionéiert. Zënterhier a virun allem an deene leschte Joren huet Lëtzebuerg sech a Saachen Demographie, a Saache Kriminalitéit an awer och och wat d’Gewunnechten an d’Mentalitéite vun de Leit ugeet, vill weider entwéckelt. Eng Police-Reform gouf deemno noutwenneg. Nodeems eng Revisioun vum Gesetz vun 1999 an der vireschter Legislaturperiod net erreecht gouf, huet d’Regierung vun LSAP, DP an „déi gréng“ sech dem Dossier ugeholl fir nach am Juli dëst Joer en entspriechende Projet virzeleeën.

Zu den Haaptpunkte vum Reformprojet, déi um Dënschdegmëtten am Kader vun enger Konsultatiounsdebatt vum LSAP-Minister fir bannescht Sécherheet, Etienne Schneider, an der Chamber duergeluecht goufen, gehéieren eng Reorganisatioun vun der Generaldirektioun vun der Police, eng territorial Reorganisatioun mat e.a. enger Reduktioun vun de Regioune vu 6 op 4 an enger Fusioun vu verschiddene Proximitéitskommissariater esou wéi eng Reorganisatioun vun der « Police judiciaire » an der « Police administrative« .

Den LSAP-Inneminister Dan Kersch ass uschléissend op déi nei Carrièren agaangen an huet erkläert, dass mat der Reform d’Carrièren an der Police un d’Carrièren an der « Administration générale » erurécken.

D’LSAP-Deputéiert Claudia Dall’Agnol huet hirersäits an hirer Interventioun ënnerstrach, dass dat wichtegst bei der Reform misst de Bierger sinn. D’Bekämpfung vun der Kriminalitéit, sief et Abrëch, Drogekriminalitéit oder nach Verkéiersdelikter, deenen de Bierger a sengem Alldag direkt begéint, misst am Mëttelpunkt vun all Effort stoen. Sécherheet, virun allem Sécherheet am perséinlechen Ëmfeld, wier Synonym vu Liewensqualitéit.

D’Claudia Dall’Agnol huet och déi personell Situatioun an der Police ugeschwat. Dass d’Police ënnerbesat wier, wier gewosst. D’Initiativë vun der Regierung fir méi Stagiairen unzehuelen, wier positiv, géifen awer net duer goen. Wieder Moossnahme wieren néideg fir d’Policeeffektiver, domadder d’Presenz ze erhéijen an d’Bekämpfung vu Verbriechen ze optiméieren.

D’LSAP-Politikerin huet sech och fir d’Fusioune vu Kommissariater ausgeschwat. „Wou Police drop steet, muss och Police dra sinn“, sot si an dësem Zesummenhang. E Kommissariat an enger Gemeng géif nëmmen da Sënn maachen, wann dësen och permanent besat wier. Mat nëmmen engem Schëld un der Mauer, ouni déi néideg Präsenz wier kengem gedéngt. Engem subjektiven Onsécherheetsgefill dierft ee kee falscht Sécherheetsgefill géintiwwerstellen.

Dat iewëscht Ziel vun der Police-Reform misst deemno eng effizient Funktiounsweis op mëttel- a laangfristeg Siicht sinn, esou d’Claudia Dall’Agnol ofschléissend. Entscheedunge misste rational an onpolemesch getraff ginn. „Wou et ëm d’Sécherheet vun der Bevëlkerung geet“, esou d’Deputéiert, „ass keng Plaz fir politesch Muechtspiller a Kierchtuermspolitik.“

Facebook
Twitter