Wat huet d’Hausse vun de Präisser vun de Baumaterialien fir Auswierkungen op de Logement zu Lëtzebuerg?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister an den Här Mëttelstandsminister weiderzeleeden.

D’Präisser vum Logement halen net op mat klammen. De rezenten Zuele vum Statec no, ass de Präis vu engem Eegenheem zu Lëtzebuerg innerhalb vun engem Joer ëm 16,7% an d’Luucht gaangen. Wärend dës Hausse haaptsächlech aus der Diskrepanz tëscht Offer an Demande entsteet, kënnt elo e Problem, deen zu enger weiderer Käschtenexplosioun kéint féieren, derbäi. Stëmmen aus der Baubranche warnen nämlech virun enger enormer Hausse vun de Präisser vun de Baumaterialien well et duerch d’Pandemie Problemer an de Liwwerketten, an der Gestioun vun de Stocken, grad wéi beim Bezéien vu Matière Première ginn.

An deem Zesummenhang wëlle mir dem Här Wunnengsbauminister an dem Här Mëttelstandsminister dës Froe stellen:

  • Hunn d’Ministeren en Iwwerbléck doriwwer wéi d’Käschten vun de verschiddene Baumaterialien an d’Luucht gaangen sinn, oder droen ze goen?
  • Wéi eng Baumaterialien, respektiv Réimaterialien sinn hei haaptsächlech betraff? Ginn et Alternativen déi kéinten an den Asaz kommen?
  • Kommen déi Matièren ëm déi et hei geet aus bestëmmte Regiounen vun der Welt? Ween sinn d’Fournisseuren? Mussen déi Lëtzebuerger Betriber nach dacks iwwer Grossiste fueren, wat de Problem nach verschlëmmere kéint?
  • Wéi eng Deeler vun der Baubranche riskéieren hir Matière net erbäi ze kréien oder dat just zu iwwerdeierte Präisser? Wat bedeit dës Situatioun fir d’Entreprisen aus dem Mëttelstand, déi hei zu Lëtzebuerg an dësem Secteur aktiv sinn?
  • Sollt et zu der virausgesoter Käschtenexplosioun kommen, wéi eng Auswierkungen hätt dat op Bauprojete vu Privatstéit? Wat wieren d’Repercussiounen op de Logementsmarché zu Lëtzebuerg insgesamt?
  • Et gëtt no enger “Fristenverlängerung” wat d’Realisatioun vu Chantieren ugeet, gefrot. Wëll d’Regierung där Demande nokommen?
  • Ass mat weidere Mesuren vun der Regierung ze rechnen fir där heite Problematik entgéint ze wierken?
  • Stinn d’Groussregioun an Europa kuerz-, mëttel- a laangfristeg hei virun engem gemeinsame Problem? Soll hei no enger grenziwwerschreidender Léisung gesicht ginn?
  • Ass envisagéiert de betraffene Firmen respektiv de Clienten berodend zur Säit ze stoen?

Mat déiwem Respekt,

Mars Di Bartolomeo                                  Francine Closener
Deputéierten                                                Deputéiert

 

=> Hei d’Äntwert vun de Ministeren: Question parlementaire – Baumaterial

 

Facebook
Twitter