Tribune libre vum Tess Burton: “De lokalen Handel: en zentraalt Element vum soziale Liewen.”

An hirer fräier Tribüne vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Tess Burton mam lokalen Handel a mat dësem senger Wichtegkeet fir dat gesellschaftlecht Liewen an enger Stad an fir d’Wirtschaft. Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

“De lokalen Handel: en zentralt Element vum soziale Liewen.”

Ëmmer méi oft gesäit een, dass ëmmer méi Geschäfter an de Foussgängerzonen hir Dieren zou maachen an laang eidel stinn bis sech erëm e neien Commerçant fënnt, deen sech traut e neit Geschäft opzemaachen.

Dobäi sinn et déi lokal Geschäfter, déi d’Häerzstéck vun eise Stied ausmaachen, si sinn de sozialen Treffpunkt fir all déi Leit déi an enger Stat liewen an schaffen. Zesummen mat den Schoulen, Administratiounen an aneren Déngschtleeschter maachen d’Commercen aus enger Stad eng lieweg Stad.

Eis Commerçanten spillen dobäi eng wichteg Roll, well si engersäits den Awunner erméiglechen, hir Akeef an der Noperschaft ze maachen an anerersäits Aarbechtsplazen och fir d’Awunner, also no bei hirem Doheem schaffen. 23.000 Aarbechtsplazen ginn et de Moment hei zu Lëtzebuerg am Eenzelhandel, dëst ass eng grouss Zuel, déi d’Wichtegkeet vun dëse Betriber ënnersträicht.

Mee d’Akafen am Allgemengen huet sech iwwer di lescht Jorzéngten wesentlech verännert. De Client ass méi mobil ginn an en huet méi Choix krut: sief et duerch d’Entwécklung vun de Geschäfter op de sougenannten grénge Wissen ronderëm d‘Stied, sief et duerch d’Akafsméiglechkeeten am noen Ausland, sief et duerch den Online-Handel, den et viru Joere nach net gouf.  Domat sinn och dem Client seng Erwaardungen an Ufuerderungen gewuess.

Vis-à-vis vun dëse groussen Erausfuerderungen, muss den Händler seng Plaz an der Akafswelt nei definéieren an sech virun allem nei positionéieren, fir aus der Mass erauszestiëchen. Dat gelt och a virun allem fir di kléng Commerçanten an de Foussgängerzonen.

Wëllen Foussgängerzonen attraktiv fir de Client sinn, musse si gläich enger ganzer Rëtsch vun Ufuerderunge gerecht ginn.

D’Foussgängerzonen mussen gutt erreechbar sinn a Parkplazen mussen der genuch zur Verfügung stoen.

Flott an uspriechend sollen d’Foussgängerzonen sinn, Sécherheet soll garantéiert, Animatioun gebueden ginn.

D‘ Öffnungszäiten sollen esou sinn, fir och no de normalen Schaffzäiten nach kënnen anzekafen.

Selbstverständlech muss d’Qualitéit vun de Produiten eng vun de Prioritéiten sinn an d’Präisser dierfen net iwwert deenen vum Ausland oder vum Online Handel leien.

De Client erwaart och eng professionell a frëndlech Berodung, Informatiounen muss de Client op alle Kanäl, also och online kënne kréien.

Mee de Commerçant kann all dësen Ufuerderungen alleng net gerecht ginn.

Eng wichteg Roll spillen heibäi och d’Gemengen. Si sinn et, déi mussen den infrastrukturelle Kader setzen fir attraktiv an accessibel Foussgängerzonen ze schafen.

D’LSAP ass sech der Problematik bewosst an huet och schonn an hirem Wahlprogramm plädéiert fir schnell Moossnamen ze ergräifen fir dem Ausstierwen vun eisen Foussgängerzonen entgéint ze wierken an eis Stied erëm mat Liewen ze fëllen. Dofir begréisse mir, dass d’Staatssekretärin aus dem Wirtschaftsministère, d’Francine Closener, rezent de Pakt Pro Commerce presentéiert huet, eng Initiativ déi zesummen mat de Vertrieder vun de Commerçanten ausgeschafft ginn ass an déi elo, gemeinsam mat de Gemengen, eng nei Dynamik an den Eenzelhandel soll bréngen.

Et gëllt deemno den Ufuerderungen vun enger méiglechst grousser Zuel vu Clienten gerecht ze ginn an esou net nëmmen d’sozialt Liewen positiv ze beaflossen, mee och existent Aarbechtsplazen ofzesécheren an neier ze schafen. Gläichzäiteg gëllt et awer och, de Client verstäerkt dofir ze sensibiliséieren, dass hien duerch säi Kafverhalen en net ze vernoléissegenden Afloss op lokal ewéi global Entwécklungen huet.


 

Fräi Tribüne Tess Burton am Audio

 

 

Facebook
Twitter